Soe mer et direkt am Ufank: De Lëtzebuerger Automobilsmarché fillt sech de Moment ganz gutt, virun allem wat Neiumeldunge vun Autoen ubelaangt, sinn d’Zuelen iwweraus gutt. No engem Rekordjoer 2018 gesäit et dëst Joer bis elo no engem weideren Zouwuess aus. Et gëtt eng gesond Mëschung vu Motorisatiounen notéiert a wat d’Elektro-Autoen ubelaangt, sou maachen déi haut ronn 7 Prozent vun den Neiumeldungen aus, wat dach eng grouss Steigerung vis-à-vis vun de leschte Joren an och géintiwwer de bensinn- an och dieselgedriwwenen Autoen duerstellt.
Kuckt een den europäeschen Automobilsmarché a senger Gesamtheet, sou kann ee festhalen, datt dëse Maart an deenen nächste Joren duerch déi ëmmer méi grouss Zuel un elektresch bedriwwenen Autoen, déi ugebuede ginn, ferm op d’Kopp gedréit wäert ginn. Et soll ee wëssen, datt vun dësem Joer un all Autosproduzent d’Virgab huet, datt d’Moyenne vun den CO2-Emissioune vu sengem ganze Fuerpark nëmmen däerf 95g/km sinn. Dat heescht, datt d’Offer, wat déi emissiounsaarm oder och emissiounsfräi Autoen ubelaangt, méi grouss wäert ginn. Bis 2025 rechnen d’Acteuren aus der Automobilsbranche, datt d’Prozentzuel vun Umeldunge vun Elektroautoe bei Minimum 25 Prozent leie wäert.
Kuckt een d’Umeldungszuele vun deene leschten 12 Méint, sou stellt e fest, datt d’Privatautoen 53 Prozent dovun ausmaachen, dat si 26.561 Stéck. D’Firmeween maache 47 Prozent vum Verkaf aus (23.463 Autoen), 12.400 dovu lafen op Leasing. Aus den Zuele geet och nach eraus, datt pro Joer 9 Prozent vum Privatautospark ersat ginn, am Beräich vun de Firmeween leie mer do bei 27 Prozent. Anescht ausgedréckt: D’Privatautoe ginn hei zu Lëtzebuerg an der Moyenne no 4 bis 6 Joer ausgewiesselt, d’Firmeween awer schonn no 2,5 Joer.
Interessant ass och d’Tatsaach, datt d’Zuel vun de verkaaften Occasiounsautoen zanter 2012 stänneg an d’Luucht geet. Sou goufen 2018 zum Beispill landeswäit 63.857 Occasiounsautoen verkaaft, verkaafte Neiween goufen et der 52.811.
Esouwäit zum Fuerpark. Mee wéi geet et der Branche am Allgemengen? Kann eng kleng Garage an Zukunft nach iwwerliewen? „Jo“, seet de Philippe Mersch. „Et kommen zwar vill Erausfuerderungen op deen eenzele Garagist duer, virun allem am Beräich vun den Elektro-Autoen. Dës Erausfuerderunge ginn zesumme mat Investissementer an d’Infrastruktur vun der Garage, awer och an d’Kompetenz vun den eenzele Mataarbechter. Dat gëtt fir deen een oder anere Garagist sécherlech net einfach, mee wann d’Qualitéit stëmmt, behält de Garagist seng Clientèle. Ech hoffen, datt de Lëtzebuerger Staat, dee jo den Transport fir d’Zukunft esou emissiounsfräi wéi nëmme méiglech wëll gesinn, de Garagiste bei deenen néidegen Investissementer ënner d’Ärem gräift.“
Net glécklech ass de President vun der Fedamo iwwer d’Evolutioun am Handwierksberäich. Et feelt am Moment z. B. u Mecanicienen a Carrossieren a fir d’Zukunft gesäit et net besser aus. Ganz am Géigendeel: Et sinn net méi genuch Schüler op deene Filièren an déi wéineg, déi hir Ausbildung an där Branche maachen, ginn dono bei de Staat oder bei d’Gemenge schaffen, net zulescht, well se am ëffentleche Secteur vill besser ewechkommen (z. B. wat de Congé oder och d’Pai ubelaangt) wéi am privaten.
De Mecanicien, een Dramberuff vun de Bouwen? „Dat war mol eng Kéier“, sou de Philippe Mersch. „Bei de Bouwe besteet och haut zwar nach ëmmer e groussen Interessi un der Mechanik, mee déi mannst wëllen an dee Beruff eraklammen. Un eis ass et, d’Beruffer, déi mir an enger Garage brauchen, erëm méi interessant no baussen hin duerzestellen. Déi Beruffer hunn eng grouss Zukunft, virun allem elo, wou eise Secteur an engem grousse Wandel ass.
D’Zuelen, déi eis virleien, weise ganz däitlech, datt um Niveau Mechanik d’Zuel vun de weibleche Mataarbechter nach ëmmer ganz kleng ass. Een ëmgedréite Bild weist sech an de Beräicher Verkaf, Verwaltung a Marketing, wou d’Fraen d’Iwwerhand hunn.“
Den Daachverband Fedamo huet opgrond vun deem, wat mer hei opgezielt hunn, och an der Zukunft vill Aarbecht.
En Interview vum Roger Infalt