Teststreck zu Colmer-Bierg

Vill Leit a Prominenz ware schonn op Besuch

Zanter bal 25 Joer muss jiddwereen eng Kéier dru gleewen. All Chauffer, deen de Fürerschäin ergattert huet, ass obligéiert, zu Colmer-Bierg laanschtzegoen, fir seng Fuerkënscht op der Strooss ze optimiséieren. Dës Coursë ginn dem Automobilist vum „Centre de formation pour conducteur“ (CFC), och Fuersécherheetszentrum genannt, ugebueden.

En Artikel vum Laurent Neiertz

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Dësen Zentrum huet sech zum Zil gesat, d’Fuerverhale vun den Automobiliste mat speziellen Tester ze fërderen. Virun allem déi jonk Chaufferen iwwerschätzen nach heiansdo hire Fuerstil. D’Vitess ass nach ëmmer ee vun den Haaptgrënn, firwat et zu Accidenter kënnt. „Mir wëllen de Fuerufänger dofir op d’Risiken opmierksam maachen, déi bei erhéichter Vitess op e lauere kënnen. Mat 25 km/h kënnt een op engem naasse Belag, deemno wéi, nach gutt duerch eng Kéier. Mat 30 km/h kënnt een dann un d’Schleideren. Aus dësem Grond wëlle mer e Bewosstsinn schafen, dat engem seet, datt een sech ëmmer de Konditiounen op der Strooss upasse soll“, erkläert den Eric Mathias, den Direkter vum Fuersécherheetszentrum.

Säit der Grënnung vum CFC hu bis elo schonn iwwer 250.000 Chaufferen aus 130 verschiddene Länner un de verschiddene Formatiounen deelgeholl. An dëser Statistik sinn awer net nëmmen d’Autosfuerer opgelëscht, mee och nach d’Participantë vun der „Formation professionelle“, also déijéineg, déi eng Ausbildung zum Beruffschauffer maachen.

Fir op déi verschidde Risiken op der Strooss hinzeweisen, bitt de Fuersécherheetszentrum eenzel Deeg oder Eventer un, déi och an Zesummenaarbecht mam Staat organiséiert ginn. Sou gouf op Initiativ vum Transportminister François Bausch de „Fit for your bike“ an d’Liewe geruff. Zesumme mat ënner anerem der Police an dem Automobilsclub soll de Motorradfuerer op déi gewësse Geforen am Stroosseverkéier opmierksam gemaach ginn. „An de leschte Joren hunn dach relativ vill Motorradfuerer hiert Liewe misse loossen. Bei dësen Trainingsübunge gëtt gewisen, wéi een de Risiko erofschrauwe kann“, seet den Direkter. E weidert Beispill war de „Young Drivers Day“. An dëse Workshoppen, déi bis 2017 ugebuede goufen, goung et ënner anerem dorëm, de jonke Participantë vun 18 bis 24 Joer e verantwortungsvollt Behuelen op der Strooss méi no ze bréngen. Tipps gouf et och vu bekannten Autorennfuerer, wéi z. B. engem Jarno Trulli, deen och an der Formel 1 aktiv war.

E Groussdeel vun dëse prakteschen Exercicer gëtt op der Teststreck duerchgefouert, déi direkt niewent dem Gebai vum Fuersécherheetszentrum ass. An à propos Teststreck. Dës Rennpist gehéiert eigentlech guer net dem CFC. Dee lount d’Streck fir seng Zwecker. D’Pist selwer ass scho säit dem 1. Juli 1969 am Besëtz vun der Entreprise Goodyear. Virun ongeféier 50 Joer huet den deemolege Prënz a jëtzege Groussherzog Henri dës Pist als eng zousätzlech Anlag vum „Goodyear Innovation Center Luxembourgageweit. D’Iddi hanner dëser Teststreck war, datt si eng extreem Wichtegkeet fir d’Weiderentwécklung an d’Fuerschung fir de Betrib sollt bréngen. Des Weidere war et déi éischt Streck vu Goodyear, déi baussent den USA gebaut gouf. An deene ville Joren dono goufe verschidden Erweiderungen a Modifikatiounen un der Streck virgeholl. Dësen Ausbau huet et der Firma erméiglecht, méi e grousse Spillraum fir verschidden Tester ze hunn. Sou kënnen hautdesdaags zum Beispill allméiglech Zorte vu Bremstester duerchgefouert ginn, egal op dréchenem oder op naassem Ënnergrond.

D’Streck selwer ass 3.450 m laang. Duerch déi laang Gerued vun 1.400 m kann een eng Héchstgeschwindegkeet vu bis zu 250 km/h do erreechen. Et ass also net verwonnerlech, datt dëst Pist och ëmmer erëm fir sportlech Kompetitioune benotzt ginn ass.

Och hautdesdaags ginn nach ëmmer verschidde Renncourssen drop gefuer. „Déi Eventer mussen awer virdru vum Ministère des Sports geneemegt ginn“, seet de Jean-Paul Bruck, e Mataarbechter vu Goodyear Lëtzebuerg. Virun allem Coursse mat historesche Motorrieder gi weiderhin zu Colmer-Bierg organiséiert. De „Fun Cup“, den „Track days“ oder de „Historischer Goodyear Preis“ sinn z. B. Veranstaltungen, déi mat der Ënnerstëtzung vun der Ecurie High Speed Racing Club stattfannen. Esou Sportsevenementer sinn awer d’Ausnam. De Circuit gëtt nämlech haaptsächlech vu Goodyear selwer benotzt, fir Pneuentester mat Camionen, Autoen a Camionnetten ze maachen. Mee et ass esouguer scho virkomm, datt Fligeren op dëser Bunn gelant sinn. Am Joer 2010 hat nämlech am Kader vun enger Übung e lëtzebuergesche Militärfliger op der Testpist Statioun gemaach. Den A400M-Fliger hat esouguer e puer prominent Leit mat u Bord: De Groussherzog Henri an d’Groussherzogin Maria Teresa ware bei dëser Fluchoperatioun mat derbäi. Schonn iergendwéi eegenaarteg … mee net nëmmen un dësem Beispill mierkt een, datt op dëser Plaz ëmmer eng jett lass ass.

En Artikel vum Laurent Neiertz

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.