Podcast, den neie Radio?!

Sief et am Tunnel op der Nordstrooss, an der Rushhour um Kierchbierg oder soss anzwousch op de Stroossen zu Lëtzebuerg: De Stau fënnt een iwwerall, an do, wou Stau ass, sinn och vill Leit, déi hir Zäit mat Radiolauschtere verbréngen. Eng Alternativ an zugläich en neien Trend, dee lues, awer sécher zu Lëtzebuerg ukomm ass, bitt d’Lauschtere vu Podcasten.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Am Ausland ass dëst scho länger bekannt an do gëtt et eng Hellewull Podcaste mat deenen ënnerschiddlechsten Theemen. Hei geet et vun der renger Ënnerhalung bis hin zu ganz spezifesch thematesche Podcasten, déi exklusiv vun zum Beispill Sex, Sport, Gaming oder Technik handelen. Den Ënnerscheed zu de bekannte Youtube-Videoen ass heibäi, datt et e reng auditive Contenu ass, just fir ze lauschteren. Also perfekt fir den Auto.

Kuerz a knapp kéint ee soen, et si Radiosendungen, déi een online lauschtere kann, wou a wéini ee wëll, am Ënnerscheed zum klassesche Radio. Mir probéieren hei, eng kleng Iwwersiicht iwwer déi verschidde Formater a Persounen hannendrun ze ginn.

Et läit scho bal op der Hand, datt e gudden Deel vun de sougenannte Podcaster hiren Ursprong an der Welt vum Radio hunn. Sou gëtt et gläich dräi fréier Mataarbechter oder Nach-Mataarbechter vun Eldoradio respektiv RTL, déi hiert Gléck hei probéieren.

Bei Hei Elei Lauschter Lo fëllt de Ben Olinger, deen och vun der Televisioun hir e gewëssene Bekanntheetsgrad huet, zesumme mam David Winter mat engem Gaascht déi eng oder aner Sendung. Heibäi wiesselt de Gaascht an domat d’Theema vun de Sendungen all zwou Wochen. Deen drëtten ass de Max Kasel, deen zesumme mat sengem Partner „Tunn“ eemol d’Woch telefonéiert a mat him iwwer alles schwätzt, wat hinne grad duerch de Kapp kënnt. Dëst Format erënnert dobäi staark un ee vun de populäersten däitsche Podcasten, Fest und Flauschig, wou eemol d’Woch, de Jan Böhmermann an den Olli Schulz sech per Telefon » über dies und das und jenes « ënnerhalen.

Doniewent gëtt et awer och ëmmer méi Podcaster, déi sech am Virfeld als sougenannten Influencer en Numm zu Lëtzebuerg gemaach hunn. Dëst ass hinne virun allem duerch Youtube-Videoen, déi duerch d’Plattform RTLYOU staark u Popularitéit zougeholl hunn, gegléckt. Heibäi ännert hir Aarbecht dann trotzdeem gewalteg, well dee ganze visuellen Deel op der Säit bleift, wat dozou féiert, datt vill Aarbechte wéi d’Filmen an d’Schneide vu Videoen ewechfalen. Op där anerer Säit si Podcasten an der Reegel e gutt Stéck méi laang an et muss een den Nolauschterer reng duerch auditiv Reizer bei der Staang halen.

An dëser Kategorie stieche virun allem de Yannick (och bekannt als Yaya Van Chique) an d’Jill, mat hirem Podcast Paus, eraus, wou vu Gute Zeiten, Schlechte Zeiten bis Hallumi-Bestellen alles mat dobäi ass. Dëst Konzept déngt dann och an éischter Linn der Ënnerhalung an der gudder Laun. Hei fält dann och op, datt an deem Genre vu Podcast, wou Persoune selwer am Mëttelpunkt stinn, Fraen am Moment an der Ënnerzuel sinn. Dofir ass et nach méi ervirzehiewen, datt d’Jill vum Podcast Paus de Männer an näischt nosteet.

Am Beräich Ënnerhalung sinn déi sougenannten Happy Hippos och net méi ewechzedenken. Viru Kuerzem hunn si hir 50. Episod ënner d’Leit bruecht. An deene leschten zwee Joer hunn si all 1. a 16. vum Mount hir sougenannte Staark Stécker mam Rescht vum Land gedeelt. Dobäi sinn si sech bei Wäitem net ëmmer eens an et ka sinn, datt et e bësse méi haart hiergeet. Dës Diskussioun kann dann och mol méi laang daueren. Mat méi wéi zwou Stonnen halen si eisen Informatiounen no och de Rekord vum längste lëtzebuergesche Podcast, bis elo.

Mat vill Wuertwitz, wei den Numm Erklär & Laach et scho versprécht, sinn dräi jonk Männer ënnerwee, déi viru Joren duerch hir Youtube-Videoen ënner dem Numm Duck Féiss bekannt goufen. Hei kann et dann och emol virkommen, datt een d’Witzer eréischt beim zweeten Nolauschtere versteet.

Eng aner Kategorie, déi zu Lëtzebuerg éischter manner a Beschlag geholl gëtt, sinn thematesch Podcasten. Hei stécht virun allem de Méi wéi Sex-Podcast eraus, dee mëttlerweil seng zweet Staffel um Radio ARA iwwerdréit. Dës Emissioune kënnen dann niewent dem Streamen och um Radio selwer gelauschtert ginn. De Méi wéi Sex-Podcast ass am Ënnerscheed zu deenen anere vun der „Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte“ finanzéiert. Hei gëtt nämlech e Bildungsoptrag verfollegt, andeem duerch oppent Uschwätze vun intimen a perséinlechen Theemen zur sexueller Entwécklung vun den Nolauschterer bäigedroe gëtt.

Wéi ee gesäit, ass de Podcast e ganz breede Beräich, wou bal fir jiddereen eppes dobäi ass. D’Fro, déi sech natierlech heibäi stellt, ass, wéisou setzen sech Leit virun de Mikro, schwätzen iwwer Gott an d’Welt a fannen et dann och nach derwäert, fir datt jiddereen et soll héieren? Een Zil kéint natierlech sinn, räich a berüümt ze ginn. Dëst schéngt zu Lëtzebuerg awer éischter net de Fall ze sinn, bis op e puer kleng Sponsoringe mussen d’Podcaster hei am Land eisen Informatiounen no nach ëmmer schaffe goen. Sou ass dat Ganzt éischter en Hobby. An do läit, eiser Usiicht no, och d’Erklärung: Vill vun deenen éischter Jonken hunn einfach Spaass un der Saach an dëst héiert een och aus den Emissiounen eraus. Natierlech freeën se sech dann awer och, wann se Fans fir sech gewanne kënnen.

An eenzele Fäll wéi beim Méi wéi Sex-Podcast ass d’Zil natierlech ganz konkreet an d’Potenzial vum Phenomeen gëtt benotzt, fir Wëssen ze vermëttelen. Dëst Potenzial gëtt dann och vun deenen éischte politesche Parteien erkannt, sou ass d’Demokratesch Partei viru Kuerzem mat hirem Podcast Kaffispaus online gaangen. Zwou Persounen aus dem ëffentleche Liewe schwätzen iwwer ënnerschiddlech Sujeten. Hei steet de Spaass warscheinlech net op éischter Plaz, mee natierlech wëll ee potenziell Wieler vun der Partei iwwerzeegen. Mir kënne gespaant sinn, wat fir eng Formater an Zukunft nach op eis duerkommen.

Ze fanne sinn dës ënnerschiddlech Podcaste meeschtens an Applikatiounen ewéi Spotify, Soundcloud oder Apple Podcast. Falls een se do net fënnt, spéitstens beim Google fënnt een hir Facebook- oder Instagramsäit, wou een déi néideg Informatioune beieneen huet. Jiddefalls ass et eng interessant Ofwiesslung zum klassesche Radiosprogramm. Wann Dir elo Blutt geleckt hutt, denkt ëmmer drun: De Podcast um Handy eraussiche virum Fortfueren!

E klenge Funfact: Podcast setzt sech aus den zwee Wierder „Pod“ vun „iPod“, deen als bekanntsten MP3-Player zu där Zäit virun allem un der Verbreedung vum MP3-Format an domat vu Podcaste bedeelegt war, an dem Wuert „Broadcast“, wat esouvill heescht wéi Iwwerdroung, zesummen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.