Placeholder Dummy template
check line

Iwwer 100 Joer Automobilsport zu Lëtzebuerg

Knapps huet een am spéiden 19. Joerhonnert déi éischt Autoen op de Stroosse begéint, gouf och schonn d’Iddi gebuer, dëst fir déi Zäit revolutionäert Fortbeweegungsmëttel fir sportlech Kompetitiounen ze gebrauchen. Och zu Lëtzebuerg, wéi een an deem immens interessante Buch „100 Joer Automobilsport zu Lëtzebuerg“, dat de Journalist Roland Baumann virun e puer Joer am Optrag vum „Automobile Club du Luxembourggeschriwwen hat an dat och haut nach an eenzele Librairien oder beim ACL selwer ze fannen ass, noliese kann: Schonn 1898 huet mat der Course vu Paräis op Amsterdam an zeréck fir d’éischte Kéier esou eng Manifestatioun eng Etapp zu Lëtzebuerg ageluecht. Den 12. an 13. Juli war et sou wäit: Fir d’éischt koumen dënschdes déi ronn 20 e bësse méi „séier“ Equipagë vun Arel hier an eist Land gefuer, éier den Dag drop eng Dosen Autoen aus der Kategorie „Touristen“ hei ukomm an esouguer fir eng Nuecht hei bliwwe sinn, éier se sech nees op den insgesamt 1.560 Kilometer laange Wee gemaach hunn.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

1901 du koum mat „Paräis-Berlin“ eng – och op politeschem Plang – nach méi grouss Course duerch eist Land. Déi éischt Kéier, wou e Lëtzebuerger Chauffer bei esou engem Event un den Depart gaangen ass, schéngt 1906 de Joseph-Nicolas Kieffer-Staar gewiescht ze sinn, deen als Ingenieur zu Paräis bei där vun him selwer gegrënnter Autosfirma Porthos geschafft huet an um „Critérium de régularité internationaldeelgeholl huet, deen an Etappe vu Spa an der Belsch iwwer Nijmegen, Bonn, Lëtzebuerg, Reims op Dinant gefouert huet.

Déi alleréischt Lëtzebuerger Course goung dunn den 30. Juni 1912 mat der Biergcourse am Heischtergronn iwwer d’Bün. 41 Autoe goungen un den Depart, 20 koumen op d’Arrivée zu Heischent. En Evenement, un dat 2013 iwweregens net wäit vun do mam Classic Day op der Streck vun der aktueller Eschduerfer Biergcourse erënnert gouf.

Domat war definitiv de Grondsteen hei zu Lëtzebuerg geluecht fir eng Sportaart, déi nach haut, esou huet eng Ëmfro vun TNS-Ilres aus dem Joer 2016 erginn, zu de fënnef beléiftsten hei am Land zielt. De „Prix du Centenaire“ vun 1939 an de „Grand Prix de Luxembourg“ vun 1949 bis 1952 um Circuit Findel-Kalchesbréck gëllen nach haut als Héichpunkten an der Geschicht vun de Lëtzebuerger Autoscourssen. Net ze vergiessen déi Hellewull Biergcoursse wéi zum Beispill Veianen, Wolz, Luerenzweiler, Heeschdref, Zëtteg, Noumer, Géisdref, Holz, Rëmerschen, Diddeleng, Waasserbëlleg, Rodange, Buerschent, Reisduerf, Koler an natierlech Eschduerf, wou och haut nach ëmmer eng vun deene bis wäit iwwer eis Grenze bekanntste Biergcourssen iwwerhaapt stattfënnt a wou esouguer 2014 de Weltverband FIA säin éischten „Hill Climb Masters“ ausgedroen huet, oder och déi vill Slalomen, Rallyen an och zënter Mëtt de 1970er Circuitscourssen op der Pneuentestpist vun der Goodyear zu Colmer-Bierg hunn emol méi, emol manner Spectateuren ugezunn. Méi ewéi 30.000 Leit waren zum Beispill um Päischtweekend 1997 op de Kierchbierg gepilgert, fir deen éischten a leider eenzegen Oldtimer Grand Prix d’Europe matzeerliewen.

Foto: Sergey Kohl - stock.adobe.com

Et géing elo hei ze wäit féieren, am Detail op déi sëllege Chaufferen anzegoen, déi an deenen antëschent iwwer 100 Joer d’Faarwe vum Lëtzebuerger Automobilsport hei am Land an am Ausland héichgehalen hunn. Nimm wéi Jos Zigrand, Chany a spéider säi Fils Honoré Wagner, deen 1965 bei den 1000 km um Nürburgring ëm d’Liewe koum, oder och méi rezent de „Kueben Néckel“, deen no senger 7. Plaz bei de legendäre 24 Stonne vu Le Mans 1970 esouguer zum Lëtzebuerger Sportler vum Joer gewielt gouf, virun allem awer bei der Rallye Monte Carlo jorelaang zu de beschte Privatpilote gezielt huet, den Aly Kridel, Vainqueur 1981 beim Rallye-Europameeschterschaftslaf op der portugisescher Insel Madeira, de Romain Feitler, deen 1975 wéinst senger 1. Plaz an der Course vum Renault-5-Cup um Nürburgring d’Organisateure vum Formel-1-Grand-Prix a Verleeënheet bruecht huet, well se bal d’Lëtzebuerger Nationalhymn net fonnt haten, fir beim Podium ze spillen, oder och de Romain Wolff, Europabiergmeeschter 1979. A wie vun deene bësse méi eeleren ënner de Lieser erënnert sech net méi un d’Autoe wéi dem Johny Lagodny säi Porsche 935 Turbo oder säi BMW M1, dem „Tulpejang“ Welkenbach seng BMWen a Porschen oder och un déi legendär Dueller bei de Biergcourssen an de 90er-Joren tëschent dem „Conny“ an dem Christian Hauser? A wiem ass den Numm Léon Linden kee Begrëff, deen elo schonn zanter Enn den 1960er, also engem hallwe Joerhonnert, am Autosport aktiv ass?

An och haut nach halen ettlech vun eise Piloten de Lëtzebuerger Fändel am Ausland héich, wéi zum Beispill den Dylan Pereira, deen am internationale Porsche Supercup zu den absolutten Topp-Leit zielt an dëst Joer am Kader vun de Grand-Prixe vun Däitschland um Hockenheimring a vun der Belsch zu Spa-Francorchamps 44 Joer nom Romain Feitler nees dofir gesuergt huet, datt d’Lëtzebuerger Nationalhymn op engem Formel 1-Weekend gespillt gouf. Oder de Steve Fernandes, deen op sengem Skoda Fabia dëst Joer Champion am Tour European Rally ginn ass, de Kevin Peters, Vize-Europameeschter 2018, an d’Gebridder Max a Bob Schanen, déi allen dräi am AutoCross erfollegräich sinn. De Steve Jans, deen um Nürburgring an der „VLN-Langstreckenmeisterschaft“ sou munch Klassevictoire feiert an de Gilles Linster, deen sech ëmmer méi am Nascar-Milieu en Numm mécht. Oder och d’Bridder Gary an David Hauser, déi am internationale Le Mans Cup d’Familljendynastie, déi mam Bopa Jang ugefaangen hat, weiderféieren. Een David Hauser, deem säin Onboard-Video vun der EM-Biergcourse Les Rangiers 2013 an der Schwäiz op Youtube antëschent iwwer 2,4 Millioune Mol gekuckt ginn ass. Wat fir een anere Lëtzebuerger Sportler kann dat vun sech behaapten?

En Artikel vum Patrick Weber

check line
Placeholder Dummy template

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.