Alexa!
Wien ass de Luc Marteling?
Alexa: Ech kucke wat ech fannen …

Luc Marteling, Joergang 75, gebierteg vu Mäertert, wou hien och vun 1981 bis 1987 d‘Schoul besicht. 1994 mécht hie säi Premièresexamen op der Sproochesektioun vum Iechternacher Lycée. Duerno geet et weider op d‘Ludwig-Maximilians-Universitéit op München. Hei studéiert hie Kommunikatiounswëssenschaft, Philosophie a Psychologie a schléisst seng Studie mat engem Master of. Nom Studium schafft hien als […]

Et kann een ni genuch wëssen

De Mënsch strieft ëmmer no méi. Dës Ausso trëfft och op déi berufflech Ausbildung zou. Aus deem Grond gräife vill Salariéen op Weiderbildungen zeréck, fir nach méi en intensiivt Wëssen a verschiddene Beräicher vermëttelt ze kréien. Oft ginn dës Weiderbildungen och vun Entreprisë recommandéiert oder esouguer verlaangt, esoudatt hir Employéen déi fir si néideg a […]

E Liewe laang léieren …

Vläicht stoungt Dir selwer schonn emol virun der Fro: Soll ech dat, wat ech elo maachen am Liewen, bis meng Pensioun weidermaachen? Oder wëll ech vläicht eng aner Richtung aschloen? Hëlleft mir e Cours, fir besser op der Aarbecht oder privat eens ze ginn? Soll ech net vläicht awer mol léiere bitzen, spuenesch schwätzen, kachen […]

„Fir d’Musek ass et ni ze spéit!“

Un Instituter, déi Musekscoursen ubidden, feelt et zu Lëtzebuerg net, woubäi virun allem d’Ugda, d’Daachorganisatioun vun de lëtzebuergesche Musekinteresséierten, den Toun ugëtt: Si bedreift Museksschoulen an net manner wéi 65 verschiddene Gemengen. Och d’Conservatoiren an der Stad, zu Esch an zu Dikrech an eng sëllege privat gefouert Schoule bidden héichwäerteg Formatiounen un, déi vun engagéierte Musekspedagoge […]

D’Melodie vum Gléck

En Doktertitel?D’Marie-Paule Theisenkritt e mat 75 Joer Eng vun den Haaptfroe vum Mënsch ass déi vum Gléck: Wéini ass ee glécklech? D’Marie-Paule Theisen huet sech mat dëser Fro wëssenschaftlech beschäftegt. Dofir huet d’Uni Lëtzebuerg hir am Dezember den Doktertitel am Fachberäich Psychologie iwwerreecht. Do war si selwer scho 75 Joer al. Standardméisseg gëtt Gléck un d’Héicht […]

Picknick op der Kiermes!

En Tour op der Schueberfouer Däerf ech mech kuerz virstellen, mäin Numm ass Heng Respel, kuerz H. Respel, an zesumme mat menger risegrousser Famill hu mir elo erëm eise groussen, traditionelle Konveniat gefeiert, an zwar um Glacis op der Fouer, wou mir eis all Joer esou zimlech d’Schwäi stellen. Firwat soll dann dat gréisst an […]

De Cabaret

Cabaret – an hei schwätze mer net vum Nuetslokal mam nämmlechten Numm – ass eng zu Lëtzebuerg wäit verbreeten a scho laang gefleegte Form vu Klengkonscht. Sief et a Form vun enger Ee-Mann-Show oder mat zwee oder méi Kabarettisten op der Bühn, mat oder ouni Musek, Gesang a méi oder manner impressionnanten an expressive Kulissen […]

Fir all Asaz eng Taktik

Play Play sound De Guy Bernar iwwer den Iwwergang zum CGDIS an iwwer d’Ängschte vun de Famillen. Als „Chef de zone“ am nei agefouerte CGDIS huet hien dem Tageblatt en Abléck a säin (Aarbechts)-Alldag ginn a vun senger Aschätzung vum „Corps grand-ducal d’incendie et de secours“ erzielt. Senger Meenung no befanne sech d’Rettungsdéngschter zurzäit an […]

Äppeltäertercher mat Bliederdeeg

Ingredienten Fir d’Täertercher: • 10 ronn Scheiwe Bliederdeeg mat engem Duerchmiesser vun 10 bis 12 Zentimeter• 12 Äppel (Granny Smith) Fir de Pudding (Crème pâtissière): • 500 Milliliter Mëllech• 1 Gramm Vanill• 4 Eegiel• 100 Gramm Zocker (S2)• 40 Gramm Puddingspolver D’Mëllech mat der Vanill zum Kache bréngen. Den Zocker an de Puddingspolver mëschen an déi 4 Eegiel […]

Gëff der Natur eng Chance

© Sicona Vum Projet zum Naturschutzsyndikat Sicona Beim Theema Naturschutz a Landschaftsfleeg leien d‘Meenungen an der Politik, de Medien an Doheem um Familljendësch meeschtens wäit auserneen. Datt eppes muss ënnerholl ginn, ass kloer, mee wéi een déi ganz Saach soll ugoen, war an ass bal ëmmer de Problem. Ma aus engem Enn den 80er-Joren entstanene […]

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.