Den Tomorrowland ass méi wéi just e Festival. Fir vill DJen ass den Optrëtt zu Boom ee vun deene Momenter, op dee si hir ganz Karriär hischaffen. Net ëmsoss gëtt de Festival als ee vun den Héichpunkten, wann net als den Nonplusultra vun der elektronescher Musekszeen ugesinn. Wat d’Olympesch Spiller fir vill Sportler sinn, ass den Tomorrowland fir vill DJen. Dat gëllt och fir déi Lëtzebuerger Kënschtler. Fir si war den Optrëtt um Tomorrowland vill méi wéi nëmmen en normalen Datum am Kalenner. Et ass eng Belounung fir jorelaang Aarbecht – an heiansdo och d’Erfëllung vun engem Dram.
Fir den NOSI war et 2026 schonn déi zweet Kéier, datt hien zu Boom an der Belsch op der Bün stoung. Wéi schonn d’Joer virdrun huet den Eric Nosbuch am Crystal Garden opgeluecht. Bei dëser Editioun krut de 26 Joer alen DJ vun der Organisatioun eng besser Auerzäit an och méi Spillzäit zougesprach.
Ee vu sengen Haaptschwéierpunkten ass et ëmmer, de Public ze ënnerhalen. An dat krut den NOSI och dës Kéier nees gutt hin. E Mier u rout-wäiss-bloe Fändele konnt ee bei sengem Optrëtt gesinn. An der ganzer Mass war och d’Deborah Heinen, eng Visiteuse, déi dëst Joer béid Weekender um Festival derbäi war. Fir si war kloer, datt si de Lëtzebuerger Interpret, deen den éischte Weekend opgeluecht huet, géif ënnerstëtze goen. „Et war mega cool. D’Atmosphär war genial. Et huet ee puer Leit getraff, déi een och soss vun Optrëtter vun him kennt. Aus dësem Grond si mir och dohinner gaangen, och fir esou en Talent aus eisem Land ze ënnerstëtzen an ze pushen. Et huet een direkt gemierkt, datt do e staarken Zesummenhalt entstanen ass“, sot si.
Och fir d’Ogazón ass den Tomorrowland keen Neiland méi. Fir déi 32 Joer al Lëtzebuergerin war et no 2025 schonn hiren zweeten Optrëtt um Festival. Bei hirer Première hat d’Publikum gutt op hire Stil reagéiert a sech op hir musikalesch Rees agelooss. Wat vill vun hire Fans immens schätzen, ass, datt si sech bei hire Performancen net nëmmen op d’Technik verléisst. Si spillt nämlech als eng vun deene wéinegen Interpreten nach op Vinyl-Placken – eppes, wat hautdesdaags net méi esou dacks ze gesinn ass. „Dat ass eppes Aussergewéinleches. Et brauch méi Virbereedung, méi Konzentratioun an och einfach eng gewësse Passioun fir d’Musekskultur”, seet de Jeff Brausch, e Visiteur, dee live bei hirem Optrëtt derbäi war. A genee dat spiert een och bei hirem Set: „Et ass net einfach nëmme Musek, mee eng richteg Performance”, esou de Lëtzebuerger.
D’Ogazón ass op enger vun deene schéinste Büne vum Festival, der Core Stage, déi matzen am Bësch steet, opgetrueden. „Dës Bün huet fir mech eng ganz speziell Atmosphär. Wann een do steet, fillt et sech bal net méi wéi en normale Festival un, mee éischter, wéi wann een op enger anerer Plaz wär”, schwäermt de Jeff Brausch.
Den Duo Netty Hugo huet et 2026 fir d’éischt Kéier an de Line-up vun dëser riseger Veranstaltung gepackt. Fir déi zwee Lëtzebuerger, déi scho säit iwwer 20 Joer an der Techno-Zeen aktiv sinn a virun allem duerch hiren haarden, Underground-orientéierten Techno bekannt sinn, ass mat dësem Optrëtt e groussen Dram an Erfëllung gaangen. Et war definitiv e grousse Moment an hirer Karriär, op der CAGE-Stage opzeleeën. „Dës Location huet gutt bei hire Genre vu Musek gepasst“, fënnt de Jeff Brausch. „Et war perfekt fir si. D’Zäit, wou si gespillt hunn, war och optimal. Et war nach relativ fréi, mee d’Atmosphär war schonn topp. Datt de Stage klimatiséiert war, war bei deene waarmen Temperaturen natierlech och e grousse Plus. De Sound- an d’Geliits waren einfach genial“, erënnert sech de Jeff Brausch, deen et eng Selbstverständlechkeet fënnt, d’Lëtzebuerger bei esou Veranstaltungen ze ënnerstëtzen.
Fir de Lëtzebuerger hat dat Ganzt awer nach eng perséinlech Nott. De Mark Netty huet fréier schonn a senger Bar opgeluecht, an dofir war et fir hien natierlech besonnesch flott, hien elo op esou enger grousser internationaler Bün wéi dem Tomorrowland ze gesinn.
Zum Schluss bleift also eng Erkenntnis: Lëtzebuerg muss sech och an der internationaler Elektro-Zeen net verstoppen. Eng kleng Delegatioun, mee mat groussem Talent, huet gewisen, datt mëttlerweil och Lëtzebuerger DJen op der internationaler Bün hir fest Plaz hunn.
Mark Netty: Fir eis war et eng ganz speziell Experienz. Mir spille schonn zënter iwwer 25 Joer Techno an hunn op ville grousse Festivaller opgeluecht a verschidde Locations bespillt, mee den Tomorrowland war awer nach eng Kéier eppes ganz Besonnesches.
D’Leit vum Tomorrowland haten eis schonn zënter enger Zäit um Radar. Si waren och schonn op e puer vun eisen Evenementer zu Lëtzebuerg a mir haten iwwer déi lescht zwee Joer ëmmer nees Kontakt. Dëst Joer huet et dunn endlech geklappt.
Fir eis war et natierlech eng grouss Éier, do dierfen ze spillen an och Lëtzebuerg ze representéieren. Mir hu schonn op villen internationale Büne gespillt, mee wann een op engem Festival ewéi dem Tomorrowland op d’Bün geet, ass dat schonn e ganz spezielle Moment.
M.N.: Tomorrowland ass definitiv ee vun de groussen Highlights vun eiser Karriär. Mee no méi ewéi 25 Joer ass et schwéier, nëmmen een Optrëtt erauszepicken.
Mir haten zum Beispill ganz staark Momenter an der Fabrik zu Madrid, wou mer viru ronn 25.000 Leit gespillt hunn. Dat war eng immens Erfarung. Mee och Festivaller ewéi Nature One, Ruhr in Love, ADE (Amsterdam Dance Event) oder Optrëtter zu Ibiza bleiwen a gudder Erënnerung. Och zu Beirut am Libanon ze spillen, war eppes ganz Besonnesches. Net all Artist decidéiert sech, dohinnerzereesen an ze spillen, an dowéinst war dat fir eis och e ganz speziellt Erliefnes. Natierlech si mer och ganz houfreg, datt mer elo zënter ongeféier zéng Joer reegelméisseg um e-Lake-Festival zu Lëtzebuerg spille kënnen. Dat sinn Optrëtter, déi fir eis e grousse Wäert hunn.
M.N.: Mir hu keng speziell Routine, déi mer virun all Optrëtt maachen. Mir ginn éischter mat engem oppene Kapp an de Set eran. Mir kucken ëmmer, wou mer spillen, zu wéi enger Auerzäit a virun allem, wat fir e Public virun eis steet. Dat ass fir eis ganz wichteg.
Wann een um 13:30 Auer um Tomorrowland spillt, kann een natierlech net dat selwecht spille wéi um 5:00 Auer moies bei engem Closing. Mir passen eis un de Moment un, mee mir bleiwen eisem Sound trei.
Mir spille Rolling, Raw an Hypnotic Techno, a mir probéieren am Set ëmmer, eppes ze kreéieren an net einfach nëmmen zwee Tracks noeneen ze spillen.
M.N.: Mir hunn als DJen ugefaangen an d’Produktioun ass mat der Zäit einfach eng natierlech Weiderentwécklung dovu ginn. Mir wollten iergendwann net nëmmen d’Musek vun anere Leit spillen, mee och eis eegen Iddien an eisen eegene Sound ëmsetzen.
Mir hunn iwwer d’Jore bei verschiddenen internationale Labels verëffentlecht, ënner anerem bei Planet Rhythm, AnalyticTrail, Solamente, Autektone, Etruria Beat a Say What?. Dat si Labels, déi vun etabléierte Gréissten aus der Techno-Zeen geleet ginn oder gegrënnt goufen: Solamente zum Beispill vum Deborah De Luca, Etruria Beat vum Luca Agnelli a Say What? vum Ramon Tapia. Planet Rhythm ass ee vun de renomméiertsten Techno-Labels international a fir eis war et natierlech e ganz grousse Moment, do esouguer eng Vinyl-Verëffentlechung ze hunn. An eiser Zeen ass dat nach ëmmer eppes ganz Besonnesches.
Eis Tracks waren e puermol an den internationalen Charts vertrueden a goufe vun e puer vun de gréissten Nimm aus der Techno-Zeen gespillt, ënner anerem vum Carl Cox, Charlotte de Witte a Richie Hawtin. Fir eis ass dat eng grouss Unerkennung, well et weist, datt eis Musek och international ukënnt.
Wann ech awer ganz éierlech sinn, mécht mir d’Opleeën nach ëmmer méi Spaass wéi d’Produzéieren. D’Produzéieren ass e bëssen esou, wéi an d’Schoul ze goen: Et ass vill Aarbecht, vill Léieren an et muss ee sech permanent weiderentwéckelen. Mee wann een dann en Track fäerdeg huet an dee spéider vun anere groussen DJe gespillt gëtt oder virun engem Public funktionéiert, ass dat natierlech e ganz staarkt Gefill.
M.N.: En eegene Label ze hunn, ass eng zousätzlech Aarbecht. Eise Label heescht DeckFat Records an et geet eis net nëmmen dorëms, eis eege Musek erauszebréngen. Mir wëllen och aneren Artisten eng Plattform ginn. Mir hu scho mat internationale Kënschtler wéi Filterheadz, Samuel L. Session, Ben Long an DJ Tonio geschafft. Dat ass natierlech eng grouss Unerkennung fir eis an och fir de Label.
Gläichzäiteg ass et eis awer ganz wichteg, jonk Talenter ze ënnerstëtzen. Mir hu mat verschiddene Lëtzebuerger Artiste geschafft, ënner anerem dem Pablo Discobar, Chook, Marco Rota a mir kucken och ëmmer no neie Leit, bei deene mir Potenzial gesinn. Mir si selwer ganz aktiv an der Lëtzebuerger Zeen, zum Beispill um e-Lake-Festival, an do gesi mer ëmmer nees jonk Artisten, déi eng Chance verdéngen.
Mir wëllen näischt blockéieren. Am Géigendeel: Wann een Talent huet, wëlle mer deem eng Dier opmaachen. Fir eis ass dat och e bëssen eng Verantwortung vis-à-vis vun der nächster Generatioun. An Techno ass fir eis nach ëmmer eng Kultur, eng Leidenschaft an eng Form vu Fräiheet.
Artikel an Interview vum Laurent Neiertz