D’Band – also d’Museks- an net wéi ursprénglech d’Kaméidismécher – besteet aus dräi mëttelale Museker, déi de Max zesummegetrommelt huet: „Eisen Drummer ass de Flying Joe, e mega gudde Batteur, dee mir am Zirkus fonnt hunn, esou erzielen ech dat ëmmer. De Stolti ass eise Bassist a wierklech chill drop. An dann hu mer nach de Sammy Hendrix, den zweetbeschte Gittarist vu Lëtzebuerg.“ Natierlech sinn dat do de Museker hir Spëtznimm an natierlech gëtt d’Formatioun duerch hire Frontmann a Sänger komplettéiert.
Den Numm vun der Band ass keen Zoufall. Wéi de Max seet, war et him wichteg, de Projet op sech ze zentréieren. Hie war schonn an e puer Bands, zu Lëtzebuerg wärend der Lycéeszäit an och spéider zu Hamburg, wou hie studéiert huet. D’Formatiounen hu sech ëmmer erëm opgeléist, well d’Liewen d’Leit an hir Visiounen auserneegedriwwen huet. Dofir wollt a wëllt de Sänger dës Kéier d’Verantwortung fir all déi wichteg Decisioune selwer droen.
Et ass kloer, datt de Projet Max Feller an d’Museksmécher seng Visioun ass. Mat dëser Formatioun huet de Max, dee laang Zäit als DJ Housemusek produzéiert an opgeluecht huet, sech de Wonsch erfëllt, endlech nees zesumme mat enger Band kënnen op der Bün ze stoen an och Lidder ze schreiwen: „Mir ass bewosst ginn, datt et mer vill méi Spaass mécht, wann ech mat Texter ka schaffen a mat der Stëmm. Ech wëll mech net just op d’Beatproduktioun, also dat Musikalescht, konzentréieren. Ech sinn éischter e Showman. Natierlech gesinn ech mech och als Museker, mee tatsächlech ëmmer méi als Showman. Ech erziele léiwer Geschichten, wéi datt ech weisen, datt ech ka krass Melodië komponéieren.“ Un déi passend Leit ze kommen, déi seng Visioun ënnerstëtzen, war net esou einfach, mee zënter engem gudden hallwe Joer gëtt et déi aktuell Konstellatioun, déi optimal beienee passt.
A wéi géif de Frontmann dann elo déi Musek beschreiwen, déi hien zesumme mat senger Band mécht? „Museksmécher“ kënnt iwwregens vum Verb „maachen“ an net vu „mëschen“, wéi hien am Ufank geduecht hat. D’Äntwert op d’Fro schéngt net esou einfach ze sinn, well et bis elo e konterbonte Mix ass – vläicht géif „Musekmëscher“ also awer besser passen? „Mir maachen L-Pop, also Lëtzebuerger Pop. Et sinn awer och vill elektronesch Elementer dran. Am Ufank huet villes op Beats baséiert. Mëttlerweil ass ,L-Pop-Rock‘ warscheinlech méi akkurat. Allerdéngs geet en Deel vun eisem Sound och a Richtung Hiphop. Et ass tatsächlech eng Mëschung vu verschiddene Stilrichtungen“, esou de Max, dee bal e bëssen an d’Schweesse kënnt. An Zukunft kéint et awer gutt sinn, datt sech méi e spezifesche Genre erauskristalliséiert.
Eng kloer Linn huet de Sound vun de Museksmécher allerdéngs: All d’Lidder sinn op Lëtzebuergesch. Fir de Max war dat e ganz bewosste Choix. Zu Hamburg huet hie Musek op Däitsch gemaach, nodeems en zeréck op Lëtzebuerg komm ass, war et fir hien evident, datt en nees wéilt op Lëtzebuergesch sangen. „Dat sinn och meng zwee stäerkste Sproochen, déi ech um Niveau vun engem Mammesproochler schwätzen. Also am Lëtzebuergeschen hunn ech keen Accent, ausser vläicht e Minetter“, laacht de Museker, deen zu Schëffleng opgewuess ass. Et wär sécher, datt ee sech a puncto Reechwäit géing aschränken, wann ee mat Gesang op Lëtzebuergesch wéilt optrieden, mat Bléck op de Flow an d’Artikulatiounsméiglechkeete gesäit hien allerdéngs keng Defiziter. An da schéisst e mat engem Grinsen no: „D’Franséischt huet awer méi Melodie. Je t’aime, ech hunn dech gär. Dat eent ass Poesie, dat anert Baueresprooch. Ech hoffen, ech ginn elo net gecancelt.“
De Max gëtt erëm méi seriö: „Wann ech op Lëtzebuergesch sangen, sinn ech am authenteschsten an Authentizitéit ass mer immens wichteg.“ Hie fënnt et, wéi hien et nennt, „extreem weird“, Texter iwwer d’Lëtzebuerger Kultur a Gesellschaft ze schreiwen an déi da beispillsweis op Däitsch oder Franséisch ze sangen. Ënnert den typesche Lëtzebuerger*innen gëtt et laut dem Max e gewëssene Kulturraum, deen engersäits zwar e Mikrokosmos an eng Echokummer, him anerersäits awer selwer am geleefegste wär. Grad dofir wéilt e mat senger Konscht och en Deel dovu sinn. De Frontmann gesäit sech awer definitiv net als Purist: Säin authentescht Lëtzebuergescht, wat och a seng Liddertexter fléisst, weist nämlech eng dezent Méisproochegkeet op – hei fënnt een zum Beispill ëmmer erëm englesch Wierder, déi oft der Jugendsprooch zouzeuerdne sinn.
Entre-temps misst jidderee matkritt hunn, datt et och eng zweet Linn beim Max Feller an de Museksmécher gëtt: den Humor. „Ech si vun Natur aus witzeg, d’Zoé kann dat bestätegen“, behaapt de Sänger, a seng Partnerin, déi hire Bouf grad heembruecht huet, ka just d’Ae verdréinen. Et ass nëmme konsequent, datt de Familljepapp de Fausti als säin oldschool Virbild ugëtt. Hien huet seng Musek schonn als Kand gelauschtert a leet mer demonstrativ dräi Placken op den Dësch. Fir de Max huet de Fausti deemools einfach déi typesch Lëtzebuerger Kultur gepräägt an nach haut géif quasi jiddereen iwwer 30 d’Lidd Zwou Bulle Mokka kennen. „De Fausti war e Showmann, dat huet mech begeeschtert.“
Wéi dem Fausti ass et dem Max wichteg, d’Leit zum Laachen ze bréngen; hie wëll, datt se eng gutt Zäit hunn. „Am Ufank war mer dat nach bal méi wichteg ewéi elo. Mëttlerweil hu mer eis jo musikalesch weiderentwéckelt“, reflektéiert de Sänger. An awer fënnt ee kaum e Lidd, an deem net satiresch Gesellschaftskommentarer, ironesch Bemierkungen oder och emol sarkastesch Zeilen dra sinn – och de Wuertwitz kënnt net ze kuerz. Säi Liblingslidd Autobunn Supergau befaasst sech beispillsweis humoristesch mam omnipresenten Theema Stau zu Lëtzebuerg. „D’Witzer hunn ëmmer eppes mat mengem Alldag ze dinn, et sinn Erfarungen, déi ech maachen. Dofir kreesen och vill Texter ronderëm d’Familljeliewen.“
Gëtt et nach eppes, wat de Max Feller eis zum Schluss wëll soen? „Jo, ech huele gären d’Lëtzebuerger op d’Schëpp. Wie net iwwer sech selwer ka laachen, deen huet bei eise Concerten eng schwéier Zäit. Mir si keng seriö Rockstar-Show, mee musikalesch Geschichtenerzieler.“
En Artikel vum Heng Barone