Ech muss zouginn, et ass net grad de perfekten Dag, fir e Familljenausfluch am Éislek ze maachen. Eigentlech ass et mat iwwer 30 Grad e bëssen ze waarm, en plus sinn op dësem 15. August, dem Léiffrawëschdag oder och Maria Himmelfaart genannt, e puer Leit méi am Naturpark ënnerwee.
Eis éischt Etapp féiert eis net wäit vum Depart an de Café beim Annette, wou een e Klangrucksak kann ausléinen, an deem sech e puer Utensilien ewéi en Zollstaf, verschidde speziell Bengelen, e Stéck Kartrong, eng déck Aangelschnouer an, falls ee sech verletzt, eng Éischt-Hëllef-Këscht befannen. Firwat een dat elo alles op engem Wanderwee duerch en Naturpark brauch, fanne mer méi spéit eraus. No engem gudde Cappuccino fir déi Grouss en enger erfrëschender Limonad fir déi Kleng maache mir eis mam Rucksak a sengem kuriosen Inhalt op de Wee Richtung Parking, wou niewent der Kierch zu Houschent de Klangwanderwee ufänkt.
De sechs Kilometer laange Wanderwee zu Houschent – dee weeder fir Rollstill nach fir Kannerkutsche gëeegent ass – gëtt vum Naturpark Our zesumme mat der Gemeng Parc Housen bedriwwen. Et ass en interaktive Circuit duerch d’Natur mat 20 Klanginstallatiounen, déi vun internationale Kënschtler*innen a Musekspedagog*innen entwéckelt a gebaut goufen.
Um Parking, dee wéinst engem Grillfest fir d’Autoe gespaart ass, befënnt sech schonn déi éischt Statioun: de Klangdësch. Meng zwee Kanner schloe mat de Bengelen, déi si aus dem Rucksak eraushuelen, ofwiesselnd op d’Telleren an d’Glieser aus Metall, déi op dem akkurat gedeckten Dësch stinn. Verschidden Téin a Kläng sinn ze héieren, déi gemëscht mat de Geräischer vum Grillfest eng interessant Klangkuliss erginn.
Mir gi weider a lafe laanscht déi lescht Haiser vum Duerf. Um Feldwee Richtung Bësch kënnt lues a lues méi Schied, wouriwwer mir eis freeën. Kuerz dono kënnt och schonn déi nächst Statioun mam Numm musikalesch Zonkgäscht. An enger Rei stinn Holzpéil, op deenen uewen eng Zort Gesiicht mat Relief ageritzt ass. Un all Poul hänkt eng Klack, mol méi grouss, mol méi kleng. Mat de Bengelen aus dem Rucksak fënnt ee séier eraus, wéi eng Klacken aus der Rei danzen.
Nëmme ronn 200 Meter weider komme mir bei den Erdxylophon, en iwwerdimensionale Xylophon, op deem d’Kanner noeneen „Alle meine Entchen“ spillen. „Dat kléngt nawell richteg gutt“, luewen ech d’Kanner. Et ass iergendwéi scho speziell, wann ee matzen an der Landschaft vun engem Naturpark op engem risege Xylophon Kannerlidder ka spillen.
Mir gi weider. De Wee gëtt iergendwéi ëmmer méi schmuel, et geet biergof, ëmmer méi géi. No e puer weidere Statioune si mir bei enger Baach ukomm, op d’mannst bei deem, wat dovunner nach iwwereg ass. Et erkennt een zwar nach d’Bett, mee bis op e puer Pill ass kee Waasser méi dran. D’Statioune Baachwaaser a Gluckerrouer musse mir dowéinst ausfale loossen. No bestëmmt mëttlerweil zwee ganzer Méint ouni richtege Reen plätschert leider hei guer näischt méi. Mir profitéiere vun der Rou bei der ausgedréchenter Baach a setzen eis un dat anert Ufer op d’Steng, déi mat enger Kusch Moos iwwerzu sinn, fir eise Picknick auszepaken.
No engem gudde Maufel dréine mir e klengen Tour duerch déi stengeg Baach an entdecken e Maulef, deen um Ufer amgaangen ass, sech mat senge grousse Patten duerch de Buedem ze wullen. „Wéi léif“, soen d’Kanner. Mir paken eis Saachen a gi weider, bis mir op enger Plaz ee méi grousse Pull entdecken. E puer kleng Fësch sinn hei gefaangen a kommen net méi weider. An hirer Mëtt beweegt sech e grousse Kriibs.
E puer Fotoen, Videoen a Statioune méi spéit komme mir bei eng Plaz, wou ee Gedrénks ka kafen. Dëst gëtt normalerweis an d’Baach geluecht fir ofzekillen. An eng zougespaarte Keess kann een dann e puer Suen draleeën. Allerdéngs fanne mir näischt. Ob et vläicht doru läit, datt kee Waasser an der Baach ass, fir d’Gedrénks ze killen, froe mir eis.
Schued, well eis Waasserfläsche si mëttlerweil bal ganz eidel. De weidere Wee féiert stéckweis duerch déi prall Sonn a geet iergendwéi ëmmer méi géi erop. Ganz verschweesst an zimmlech ausgediichtert komme mir uewe bei der Statioun Marimba Alouette un, wou d’Kanner mam Bengel eng Kéier ronderëm dat geschwongent Instrument lafen. D’Motivatioun hëlt esou lues of an den Duuscht gëtt ëmmer méi grouss.
Déi drëttlescht Statioun heescht Facing Out. Hei sti meeterlaang Holzpéil duercherneen an der Landschaft. D’Aangelschnouer am Rucksak ass genee heifir geduecht. Meng eelsten Duechter spaant d’Schnouer tëschent zwee Péil a klappt mat der Hand géint ee vun de Péil. Wann een elo d’Ouer op deen anere Poul leet, dann héiert een, datt d’Geräisch vun deem engen iwwer d’Aangelschnouer op deen aneren iwwerdroe gëtt, e bëssen ewéi an den ale Western-Filmer, wou een d’Ouer op d’Schinne leet fir ze lauschteren, ob et am wäitleefegen Ëmkrees Vibratioune ginn.
Elo gesi mer schonn déi éischt Haiser vum Duerf. „Da kann et net méi wäit sinn“, soen ech. D’Kanner schloe vir, bei engem Haus ze schellen, fir no Waasser ze froen. Ewéi wann eng méi héich Gewalt eis héieren hätt, daucht niewent dem Hiweisschëld op der zweetleschter Statioun Lauschinsel e Panno op, op deem d’Schrëft Drénkwaasser steet. „Dat gëtt et dach net“, soen d’Kanner. Vis-à-vis ass e Waassertuerm mat engem Krunn, un deem ee frëscht Drénkwaasser kann zape. Mee virdru leeën d’Kanner sech noenee mam Kapp an d’Lauschinsel, déi mat hire risegen „Oueren“ all Wuert ewéi en Donner ertéine léisst. Mir ginn eriwwer a fëllen endlech eis Waasserflächen.
Déi lescht Statioun, éier mir um Fest bei der Kierch eis verdéngte Grillwurscht mat engem kale Gedrénks genéissen, ass d’Schlaguergel. Geschwonge Metallréier mat enger Zort Sift als Opsaz waarden hei op eis, fir mat engem Puer roude Flipflops noeneen ugetippt ze ginn. Datt doduerch verschidden Téin aus dëser bizarrer Konstruktioun erauskommen, huet eis schonn e bësse verwonnert.
Mir sinn elo ronn fënnef Stonne gewandert, natierlech mat ville Pausen an nach vill méi interaktiven Intermezzoen. Op deene leschten dräihonnert Meter bis bei d’Annette dinn eis Féiss wéi. D’Kanner loosse sech dovunner awer net d’Laun verdierwen. Inspiréiert vun der ganzer musikalescher Vilfalt op eisem Ausfluch, sange si e puer Lidder. Dat ass souzesoen eis 21. Musekstatioun. Elo gi mir just nach de Rucksak of a fueren heem.
En Artikel vum Eric Rings
0 km – Klangdësch: Den Ufank maachen Telleren a Becheren aus Metall, fir drop ze trommelen
0,5 km – musikalesch Zonkgäscht: an de Buedem geschloen Holzpéil mat Klacken, déi ënnerschiddlech Tounhéichten hunn
0,7 km – Erdxylophon: e groussen, an de Buedem placéierte Xylophon, dee physikalesch Schwéngunspunkten erliefbar mécht
0,8 km – Pistonpäif (dt. Hubpfeife): eng Kolbepäif, déi duerch Zéien an Drécke mat vollem Kierperasaz ënnerschiddlech Iwwertéin mécht
1 km – Bliedergesang: eng roueg Plaz am Bësch, fir d’Zesummespill vun Naturgeräischer an Zivilisatiounskaméidi bewosst wouerzehuelen
1,4 km – ënnerierdesch Resonanz: Holzplacken, ënner deene Resonanzréier am Buedem vergruewe sinn, fir de Schall massiv ze verstäerken
1,5 km – Bëschgong: e monumentaalt Metallrouer mat engem Pendelschléier, deem säin déiwe Klang kilometerwäit duerch de Bësch schaalt
1,6 km – Rei vu Rouerklacken (dt. Röhrenglockenreihe): vertikal Metallréier, op deene Gruppen als „mënschleche Piano“ kënnen zesumme spillen
1,8 km – Bëschtelefon: e laange Rouersystem ewéi op ale Schëffer, fir sech aus der Distanz Geheimnisser zouzepësperen
1,9 km – Baachmusek a Gluckerrouer: Beim Baachufer lauschtert een dem Waasser no oder et verännert een „d’Spruddele“ mat verstellbare Schläich
2 km – Summhiel: eng Fielsëffnung, an déi een de Kapp ka stiechen – summt een an der richteger Frequenz, drummt a vibréiert déi ganz Hiel
2,2 km – Bëschchouer: en hëlzenen Urwald-Chouer aus opgehaangenen Holzstécker, duerch deen een duerchgeet, wärend anerer vu baussen duuss drop schloen
3,1 km – Lithophon: e Klangspill aus Solnhofener Kalleksteen – wat d’Steeplack méi déck ass, wat den Toun méi héich gëtt
3,8 km – Holzbréck a Gelänner: weist spilleresch, datt och alldeeglech mënschlech Konstruktioune Museksinstrumenter kënne sinn
3,9 km – Angry Birds: eng laang Jickebunn am Bësch – wa vill Kugele gläichzäiteg iwwer déi ongläichméisseg Ofstänn rullen, da kléngt et ewéi Vullen, déi streiden
4 km – Planze-Pop: eng saisonal Statioun – wann d’Friichte vum Gënz zeideg sinn, platze se mat engem haarde Knall op
4,5 km – Marimba-Alouette: eng riseg Holzmarimba, ronderëm déi ee kann am Krees lafen an dobäi Melodië maachen
4,9 km – Facing-out: déck Holzstämm, tëschent deenen een d’Aangelschnouer aus dem Rucksak spaant, fir Schallschwéngunge vu Stamm zu Stamm ze iwwerdroen
5,1 km – Lauschinsel: riseg Holztriichteren, fir sech dranzeleeën, an deene wéi a giganteschen Ouermuschelen de Schall vum ganze Bësch zesummeleeft
5,2 km – Schlaguergel: gebéite Metallréier, déi ewéi en Helmholtz-Resonator wierken a kuriéiserweis mat „Badelatschen“ ugeschloe ginn