Zu Gaasperech, wou de Verfaasser vun dësen Zeile grouss a schwéier ginn ass, waren dat den FC Tricolore an eeben d’Gaasperecher Musek. Esou eng Duerfmusek vun enger Landbarriär huet fréier einfach derzougehéiert; wat war méi schéin, wéi an enger schmocker Fantasieuniform duerch d’Stroossen ze trëppelen an déck Baken ze maachen, zumools déi op de Blosinstrumenter! Verschidden Dierfer hunn historesch eng reng Fanfare amplaz vun enger Harmonie; den Ënnerscheed ass, datt d’Fanfare als renge Blechbléiser-Ensembel optrëtt, wärend d’Harmonie Holz- a Blechbléiser vereent. Gemeinsam hu si allerdéngs d’Perkussioun, an zwar eng déck Tromm, donieft d’Rabbeltromm, Jummdeckelen an dacks e kompletten Drumset mat Xylofon a Klackespill.
Waren et heiansdo och vläicht Lottomusikanten, déi vun 49 Noute 6 richteger gespillt hunn – dat gehéiert eben zum gudden Toun –, si hunn einfach an d’Duerfliewe gepasst wéi d’Jenny bei de Männi a si hunn déi lokal Fester, ob kierchlech oder weltlech, méi oder manner gekonnt musikalesch ënnermoolt, zum Beispill d’Kiermes mam Hämmelsmarsch, eng vun deene bekanntsten an eelste Musekstraditiounen hei zu Lëtzebuerg.
Op Kiermessonndeg ass d’Band zesummegetrommelt, awer dacks reduzéiert ginn, fir d’Weis vum Hämmelsmarsch ze spillen an esou d’Leit quasi offiziell op d’Kiermes ze invitéieren: „… da si si fein eraus, si maachen et jo wéi ëmmer, a gi vun Haus zu Haus … An d’Kanner loossen hire Kaffi stoen, fir deene schéinen Hämmel nozegoen …“. Mee och dës Traditioun huet sech am Laf vun der Zäit zolidd verännert, well fréier ass nach e Schéifer mat engem ganzen Trapp Schof do matgelaf, sou wéi alt och emol op der Schueberfouer. Et ass allerdéngs net confirméiert, datt Schof, déi vum ongewinnt laangen Trëppelen den Tommel haten an dofir op de Réck gefall sinn, „mouton retourné“ genannt goufen.
Haut sinn et dacks nëmmen e puer vereenzelt Musikanten, déi duerch d’Stroossen trëppelen a virun ausgewielten Haiser ëmmer déi selwecht Nouten zum Beschte ginn. Just eent ass bliwwen, an dat sinn der Musek hir Groupien, déi mat de Rabbelbéchsen, déi vun Dier zu Dier schelle ginn, fir hiren Obulus fir an d’Veräinskeess ze kréien. Domat goung et mat de Musikanten zesumme riicht bei den Duerfwiert, fir do hir Longen an deem mat der décker Tromm säi Réck erëm ze schmieren an owes nawell dacks eng gutt am Gesiicht ze hunn. An der Pandemie war och dat zäitweileg eriwwer; d’Lëntgener Musek huet zum Beispill noutgedrongen déi Zäit nach just e Virementsformulaire dofir an d’Haus geschéckt.
Déi bekannt Melodie vum Hämmelsmarsch staamt iwwregens anscheinend vun der Klackemelodie vum Mansfeldschlass an deen aktuellen Text gouf am Joer 1861 vum Michel Lentz geschriwwen, dee sech jo och fir d’Lëtzebuerger Nationalhymn verantwortlech gezeechent huet.
Och op de Wäin- an Dëppefester huet oft fir d’éischt emol d’Duerfmusek e Concert op der Danzpist gespillt, a mir jonk Leit vun deemools hunn ongedëlleg drop gewaart, datt endlech den Danzorchester, zum Beispill d’Rhythm Band, d’Players oder d’Challengers sollten ufänken, eng Bamba ze spillen, fir da kënne mol gutt ze knuutschen. D’Musikante kruten nom Ofraume vun de Still vun der Danzpist vum Organisateur z’iessen an ze drénken, an déi meescht sinn dann och bis Feierowend um Bal hänkebliwwen. A wee jee eng Kavalkad oder d’Gënzefest zu Wolz kucke war, huet do eng ganz Panoplie u verschiddene Marschmuseke konnten erliewen.
D’Duerfmusek vun der Landbarriär, eng zolidd Traditioun, déi et bis an d’Neizäit eriwwer gepackt huet, spillt elo eng méi modern an dynamesch Roll, déi wäit iwwer déi klassesch Stroossemärsch erausgeet an haut souguer och Pop, Rock a Filmmusek am Repertoire huet. Hir Gala-Concerte ginn dacks mat Lightshow, Multimedia-Projektiounen a grousse Solisten inzenéiert. Et feelt elo just nach, dass de Robbie Williams am Veräinssall mat der Gaasperecher Harmonie optrëtt!
En Artikel vum Sully Prud’homme