Placeholder Dummy template

Conservatoire vs. Museksschoul

Zwee ënnerschiddlech Weeër, eng gemeinsam Passioun: Musek léieren

Musek begleet eis am Alldag an ass bal iwwerall present. Vill Leit soen, se wär net nëmmen eng Konschtform, mee och eng Sprooch. Wie Musek schätzt, entwéckelt dacks de Wonsch, hiren Opbau besser ze verstoen oder selwer en Instrument ze léieren – sief et am theoreeteschen oder prakteschen Unterrecht. Ier ee sech fir eng musikalesch Ausbildung entscheet, lount et sech, den Ënnerscheed tëschent engem Conservatoire an enger Museksschoul ze kennen.

E Bléck op d’Conservatoiren

Fänke mer mam Conservatoire un. Dobäi handelt et sech ëm eng Ariichtung, déi eng méi héich oder spezialiséiert kënschtleresch Ausbildung ubitt a vum Staat oder vu gréissere Gemenge finanzéiert gëtt. Hiert Zil ass et, eng ëmfaassend, usprochsvoll a strukturéiert musikalesch Ausbildung ze proposéieren. Schülerinnen a Schüler vun ënnerschiddleche Leeschtungsniveaue ginn hei opgeholl a kréien d’Chance, sech op eng professionell Karriär am Museksberäich virzebereeden. Dofir absolvéiere se eng usprochsvoll Ausbildung, déi d’Léiere vun engem Instrument, d’Verdéiwe vun der Musekstheorie (Solfège) esouwéi dat gemeinsaamt Musizéiere matenee verbënnt. D’Ausbildung kann zu engem offiziellen Diplom féieren, deen en héije musikaleschen Niveau bescheinegt.

Déi professionell Museksausbildung zu Lëtzebuerg stäipt sech op dräi Conservatoiren, déi iwwer d’Land verdeelt sinn. Ee vun de bekanntsten an eelsten ass de Conservatoire de la Ville de Luxembourg. E gouf am Ufank vum 20. Joerhonnert gegrënnt an haut profitéieren Dausende vu Schülerinnen a Schüler vun deem breede musikaleschen Ausbildungsprogramm am Häerz vun der Haaptstad. Am Süde verfüügt och Esch-Uelzecht iwwer en eegene Conservatoire, de Conservatoire de la Ville d’Esch-sur-Alzette. Et handelt sech ëm e bedeitende kulturellen a pedagogesche Mëttelpunkt fir déi gesamt Minett-Regioun. Méi nërdlech bedreiwen d’Stied Ettelbréck an Dikrech gemeinsam de Conservatoire du Nord, deen de Leit aus der Regioun eng ëmfaassend musikalesch Ausbildung erméiglecht.

Eng Gemeinsamkeet vun den dräi Conservatoiren ass hiert immens breetgefächert pädagogescht Angebot, dat wäit iwwer de klasseschen Instrumentalunterrecht erausgeet. Gläichzäiteg setzt all Ariichtung eege Schwéierpunkten. De Conservatoire an der Stad Lëtzebuerg proposéiert niewent klasseschem Solfège-Unterrecht eng sëllege Concerte mat ënnerschiddlechen Instrumenter. Zu Esch kënnen ënner anerem Flütt, Saxofon, Piano a Gittar geléiert ginn. Doriwwer eraus ginn awer och Theatercoursë proposéiert. De Conservatoire du Nord, mat sengen zwee Standuerter zu Ettelbréck an zu Dikrech, veranstalt och vill Concerten a bitt niewent Museksunterrecht och Danz- an Theatercoursen un.

D’Museksschoulen am Fokus

Mee wat ënnerscheet elo eng Museksschoul vun engem Conservatoire? Bei enger Museksschoul steet méi staark dʼFreed um Léieren an dat eigentlecht Musizéieren am Mëttelpunkt. Den Unterrecht ass lokal organiséiert a gëtt dacks vun enger oder e puer Gemengen ënnerstëtzt. Dat éischt Zil ass et, den interesséierte Leit d’Musizéieren ze erméiglechen, ouni datt domat zwangsleefeg eng professionell Karriär ugestrieft gëtt. DʼProgrammer sinn dofir an der Reegel manner usprochsvoll a méi staark un den individuelle Léiertempo ugepasst – onofhängeg vum Alter vun de Leit, déi en Instrument wëlle spille léieren.

Zu Lëtzebuerg ginn et op d’mannst 30 Museksschoulen, déi lokale Museksunterrecht ubidden. Ee Beispill ass déi regional Museksschoul vun der Stad Diddeleng, déi fest am lokale Kulturliewe verankert ass. Eng weider Méiglechkeet gëtt et am Weste vum Land zu Réiden. Do schafft d’Museksschoul mat de Gemengen, déi ronderëmleien, zesummen, fir och de Leit am ländleche Raum en einfachen Zougang zum Museksunterrecht ze erméiglechen. Am Südoste gëtt et ausserdeem d’Regional Museksschoul Munneref, déi museksbegeeschtert Leit am bekannte Kuer-Uert an der Grenzgéigend empfänkt.

D’Museksschoule bidden eng grouss Auswiel u Coursë fir ënnerschiddlech Altersgruppen an Interessen. Scho kleng Kanner kënnen an der musikalescher Fréierzéiung éischt Erfarunge mat Kläng a Rhythme sammelen. Dat weidert Angebot ass villfälteg: Et kann ee beispillsweis Akkordeon, Klarinett, Batterie, klassesch oder elektresch Gittar esouwéi Piano léieren. Derbäi komme klassesche Gesang an d’Sangen an engem Chouer. Zu Munneref sinn esouguer Ausbildungen an der Orchesterleedung oder och an der Museksproduktioun méiglech.

Eng Fro vun der perséinlecher Preferenz

Zesummefaassend ass de weesentlechen Ënnerscheed tëschent engem Conservatoire an enger Museksschoul virun allem déi spezifesch Zilsetzung esouwéi den Usprochsniveau vun der Ausbildung. Wärend e Conservatoire als méi e groussen, regionalen Ausbildungszenter eng usprochsvoll an ëmfaassend musikalesch Ausbildung proposéiert an och op eng professionell Tätegkeet am Museksberäich virbereede kann, sti bei de Museksschoule virun allem d’Proximitéit, d’Flexibilitéit an d’Freed um Musizéieren am Vierdergrond. Wat fir eng Léierplaz déi richteg ass, hänkt besonnesch dovun of, ob een eng professionell musikalesch Karriär ustrieft oder ob ee Musek an éischter Linn als Hobby ausübe wëll.

En Artikel vum Carlos Entringer

1 Minutt
Museksnoute-Quiz

Léier d'Museksnoute ganz einfach! Erkenn a 60 Sekonnen esou vill Nouten ewéi méiglech. Wiel als éischt de Schlëssel aus: