„Mäi Liewen um Teller“

Rezent krut dem KimKevin de Dood säin neie Restaurant „Lys” e Michelin-Stär. Mee den Éisleker mam hollänneschen Numm a mam asiatesche Faibel bleift weider relax
„Ëmmer e bëssen anescht sinn“

Si si jonk, dynamesch an einfach e bëssen anescht. De KONTERBONT huet mam Pol Miller a Paul Daubenfeld vu LëtzeBurger geschwat an dono e kulinaresche Stopp zu Stroossen gemaach.
„Faaschten huet wierklech e grousst Potenzial“

Ass Faaschten en aktuellen Trend? Wie soll faaschten a wie léiwer net? Ass et iwwerhaapt gesond a wéi grouss ass d’Potenzial vun der Praktik? En Interview mat der Dr. Bérénice Hansen.
Vun Iessen a Geschichten

Och den Info-Média-Atelier, an deem de KONTERBONT entsteet, ësst gären. Mir stellen eis Liblingsrezepter vir.
Den Teller am Wandel

Vum Vegetarismus iwwer de Flexitarismus bis hin zu méi radikalen Ernärungsformen ewéi dem Frutarismus – dʼErnärungsvillfalt war nach ni esou grouss … an ass munchmol komplex ze entschlësselen.
Wourop een am Ëmgang mat Liewensmëttel soll oppassen

Wat sinn d’Gefore bei der Veraarbechtung, Lagerung, Zoubereedung an dem Konsum vu Liewensmëttel? De Veterinär-Mikrobiolog Dr. Serge Losch kläert op.
Firwat d’Leit manner an de Restaurant ginn

Datt am Horeca-Beräich net alles roseg ass, verwonnert een net. Mee et ginn e puer interessant nei Usätz. En Interview mam Horesca-Generaldirekter Steve Martellini.
Fastfood oder Slowfood, dat ass hei d’Fro!

Fastfood oder Slowfood? De Konterbont hëlt déi zwou Iesskulturen ënnert d’Lupp a kuckt sech d’Situatioun zu Lëtzebuerg un.
Alles a Moossen

De Lëtzebuerger lieft, fir gutt z’iessen. Mee et kann een och genéissen a gläichzäiteg op eng gesond Ernärung oppassen. Wéi dat geet, verréit eis eng Ernärungsberoderin.
Wann d’Iesse gerullt kënnt

De Service Repas sur roues ass zu Lëtzebuerg eng gesetzlech encadréiert Déngschtleeschtung. E Gespréich mam Claudine Mertens, Chargée de direction fir de Repas sur roues vu SERVIOR.