Placeholder Dummy template

„Faaschten huet wierklech e grousst Potenzial“

En Interview mat der Liewensmëttelwëssenschaftlerin
Dr. Bérénice Hansen

An enger Ausgab iwwer Iessen an Ernärung ass et och sënnvoll, e Bléck op de Géigendeel, nämlech d’Faaschten ze geheien. Dofir huet de KONTERBONT sech mat der Dr. Bérénice Hansen  getraff, déi Food Science esouwéi Human Nutrition and Health studéiert huet. An hirer Dokteraarbecht huet si sech mam Impakt vu Faaschten an Ernärung op chronesch Krankheete befaasst. Am Fokus stoungen Arthritt a Parkinson. Zënter dem Ofschloss vun hirem Postdoc gëtt d’Bérénice Hansen Coursen op der Uni Lëtzebuerg, ass als Ernärungsexpertin a Fuerschungsprojeten involvéiert an huet hir eege Praxis fir Ernärungs- a Gesondheetsconsultatiounen, an där si eng holistesch Approche vertrëtt.

KONTERBONT: Ganz allgemeng gefrot: Kann ee behaapten, datt Faaschten aktuell e gesellschaftlechen Trend ass?

Bérénice Hansen: Dat ass definitiv esou. Faaschten ass am Moment e richtegen Trend. Dir braucht nëmmen e Bléck op d’sozial Medien ze geheien, do fannt Dir direkt eng sëllegen Ernärungsinfluencer, déi op eemol alleguer vum Faaschte schwätzen. Virun allem vum sougenannten intermittent fasting, also Intervallfaaschten. Déi Praktik ass an der leschter Zäit enorm populär ginn. De Marketing-Aspekt dovun ass quasi: Et kann een alles iessen, wat ee wëll, wann ee just den Zäitraum aschränkt, an deem een eppes ësst. Ganz esou einfach ass et awer net, mee et léisst sech gutt verkafen.

KB: Och wann een elo vun engem Trend ka schwätzen, ass Faaschten awer eigentlech näischt Neies?

B.H.: Faaschte gëtt et gewëssermoosse schonn, zënter datt et de Mënsch gëtt. Et war allerdéngs net ëmmer fräiwëlleg, mee oft ofhängeg vun der spezifescher Liewenssituatioun. Ech denken dobäi z. B. un d’Jeeër-a-Sammler-Gesellschaften, déi de gréissten Deel vun der mënschlecher Geschicht gepräägt hunn.

Et gi vill Aart a Weisen, wéi d’Faaschten en Deel vun eiser Kultur ginn ass, sief dat elo duerch Traditioun oder verschidde reliéis Praktiken. Och als spezifesch gesondheetlech Praktik huet d’Faaschten nawell e laangen Historique. Säitdeem mir déi modern Medezin hunn, ass et effektiv e bëssen an de Beräich vum Spirituellen oder der Esoteerik verbannt ginn. D’Praktik gouf net méi wierklech eescht geholl, obwuel mir scho laang wëssen, datt se e positiven Effekt huet. An de leschte Joren, virun allem säit mer iwwer d’Wichtegkeet vun eisem Daarm-Mikrobiom informéiert sinn, kënnt d’Faaschten erëm méi op. Et fënnt eng Aart Reintegratioun an déi modern Medezin statt.

KB: Faaschten ass net gläich Faaschten. Dir hutt virdrun z. B. vum Intervallfaaschte geschwat. Wéi eng verschidden Zorte ginn et a wéi funktionéiere se?

B.H.: Déi verschidde Methode fir ze faaschte kënnen an zwou grouss Kategorien ënnerdeelt ginn. Engersäits geet et dorëm, d’Energie, also d’Ophuele vu Kalorien, ze reduzéieren; anerersäits steet eng Aschränkung vum Zäitfënster, an deem een ësst, am Fokus. Eng Kombinatioun vu béide Methoden ass natierlech och méiglech.

Short-term fasting oder prolonged fasting gehéiert zur éischter Kategorie, hei faascht een zwee bis véier Deeg oder eebe méi wéi véier Deeg. An dës Kategorie fält och dat sougenanntent Trocken- oder Wasserfasten. Bei där éischter Variant ësst an drénkt ee guer näischt, bei där zweeter drénkt ee just Waasser. Vun deenen zwou Methode sinn ech kee Fan, well se méi gesondheetlech Risike mat sech bréngen. Ech plädéieren éischter fir d’Heilfasten, z. B. fir d’Buchinger-Fasten. Dat funktionéiert esou, datt ee wärend sechs, siwen oder och zéng Deeg maximal 350 Kalorien a Form vu Geméisbritt oder frësche Geméisjusen zou sech hëlt.

Bei där zweeter Kategorie ass ausschliisslech d’Zäitfënster relevant, wärend deem een eppes ësst. Et gëtt hei keng Kalorien-Indikatioun. Ganz populär ass d’Intervallfaaschten, dat a verschiddene Varianten existéiert. Bei der 16:8-Method faaschten ech all Dag wärend 16 Stonnen a profitéiere wärend deenen aneren aacht Stonnen dervun, fir normal z’iessen. Am 5:2-Modell iessen ech fënnef Deeg wéi ëmmer a faaschten dann zwee Deeg. Et ginn natierlech nach weider Varianten. Beim alternate-day fasting faaschten an iessen ech z. B. ofwiesselnd jeeweils wärend 24 Stonnen.

KB: Wat geschitt genee am Kierper, wann ee faascht?

B.H.: Normalerweis verbraucht de Kierper dat, wat mer grad giess hunn. All d’Makronärstoffer wéi d’Proteinnen, d’Fetter an d’Kuelenhydrater ginn als éischt vum Kierper verschafft. All dat, wat net gebraucht gëtt, gëtt an der Liewer oder a Form vu Fett gespäichert. Wann näischt méi am Blutt ze fannen ass, da geet de Kierper d’Zockerspäicheren an der Liewer ofbauen, fir erëm Energie ze kréien. Sinn déi allerdéngs opgebraucht, da muss de Kierper eng nei Energiequell fannen. D’Fettreserve ginn elo fokusséiert. An deem Moment kënnt et dann zum metabolic switch, d. h. zur Stoffwiesselëmstellung. Déi nei Energieressource ass elo d’Fett, dat zu Keton-Kierperen ëmgewandelt an dann amplaz vum Zocker verbrannt gëtt. Bis d’Fettreserve ganz opgebraucht an d’Muskele wierklech ofgebaut ginn, dauert et eng Zäitchen. Dat geschitt net innerhalb vu fënnef Deeg.

KB.: Wéi laang ass et dann iwwerhaapt méiglech, ze faaschten, ouni de Kierper ze schiedegen?

B.H.: Konkreet erfuerscht hu mir d’Faaschte bis zu zwou Wochen. Et geet warscheinlech och bis zu engem Mount. Dat recommandéieren ech awer net.

KB: Wie soll dann net faaschten? Ginn et spezifesch Situatiounen, an deenen d’Faaschte kontraproduktiv ass?

B.H.: D’Intervallfaaschten (time-restricted eating) recommandéieren ech jidderengem. Dat geet z. B. och an enger méi relaxer 14:10-Variant. Fir all déi aner Methode gëllt: Leit mat Iessstéierunge sollen et onbedéngt vermeiden ze faaschten, dat kann d’Situatioun verschlëmmeren. Fir schwanger Frae sinn ech mer net sécher, ob et schiedlech ass. Dat ass effektiv net erfuerscht. Kontraproduktiv ass d’Faaschten natierlech och bei Leit, déi Ënnergewiicht hunn oder eng Krankheet, déi d’Muskulatur ugräift. Bei all chronescher Krankheet, vun där mer keng ofgeséchert wëssenschaftlech Donnéeën hunn, géing ech d’Praktik net empfielen.

KB: Op där anerer Säit: Wéi grouss ass dat tatsächlecht Gesondheetspotenzial vum Faaschten? Et gëtt de Mythos, datt ee mam Faaschten alles kann heelen.

B.H.: Heelen ass e grousst Wuert. Mee e positiven Impakt huet d’Faaschte wierklech an immens ville Fäll. An deene Studien, déi mer gemaach hunn, gesäit een, datt Faaschte sech z. B. ganz positiv op Parkinson-Patienten auswierkt, se profitéieren e Joer laang dovun. An eis Arthritt-Patiente sinn deels a Remissioun vun der Krankheet, ouni e Changement vun de Medikamenter. Dat ass wierklech enorm an et gi vill Medikamenter, déi dat net kënnen erreechen. Och bei der Behandlung vu Kriibs huet d’Faaschte vill positiv Effekter. Et gi Studien, déi ënnersicht hunn, wat d’Faaschte wärend enger Chimiotherapie bewierkt. D’Leit hate manner Niewewierkungen an e bessert Resultat.

Schonn d’Intervallfaaschten huet eng sëllege positiv Auswierkungen: D’Leit hu méi Energie, si besser gelaunt an hir Haut gëtt oft besser. Grad fir Fraen, déi ënner PMOS, PMS oder Endometriose leiden, kann dës Praktik besonnesch interessant sinn, well se vill Symptomer verbessert.

D’Faaschten huet wierklech e grousst Potenzial. Et gëtt leider am medezinesche Kontext nach oft kritesch gesinn, well een allgemeng mengt, krank Leit missten eppes iessen. Patienten ze forcéieren, eppes z’iessen, kann allerdéngs e vill méi negativen Effekt hunn, wéi d’Faaschten als Therapie geziilt anzesetzen.

KB: Spillt dat biologescht Geschlecht eng Roll beim Faaschten? Wéi ass Är Perspektiv dorop?

B.H.: Jo, fir d’Frae recommandéieren ech eng méi rhythmesch, un hiren Zyklus ugepasste Manéier. Eng ganz strikt Method, déi all Dag d’selwecht behandelt, ass manner produktiv. Insgesamt, d. h. och fir Männer, ass et wichteg, ëmmer op säin eegene Kierper ze lauschteren an net nëmmen engem Prinzip stuer nozeäiferen. All Kierper ass eenzegaarteg an deementspriechend kucken ech a menger Praxis mat all Client, wéi eng Method am beschte passt.

KB: Op wat soll een onbedéngt oppassen, wann ee sech fir d’éischte Kéier virhëlt, e puer Deeg ze faaschten?

B.H.: Am beschte Fall geet een ëmmer bei eng Expertin, en Expert a léisst sech beroden. Wann een et wëll eleng maachen, ass de wichtegsten Tipp, datt een net vun 100 op 0 an dono erëm vun 0 op 100 geet. D. h., eng Iwwergangsphas ass immens wichteg. Wärend dräi bis véier Deeg soll een de Kierper virbereeden, Saache wéi Koffein, Alkohol, einfachen Zocker an Zigaretten, déi stimuléieren, ewechloossen, manner an éischter planzebetount iessen. Dono net ze laang faaschten an dann och erëm eng Opbauphas aplangen. Am Ufank am beschte just e bësse Geméis an Uebst iessen, fir de Kierper erëm un d’Verdauen ze winnen a fir e balancéierten a gesonde Mikrobiom opzebauen.

En Interview vum Heng Barone
Fotoen: © Bérénice Hansen

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.