Fastfood oder Slowfood, dat ass hei d’Fro!

Fastfood ass schonn zanter Joerzéngten iwwerall ze fannen. Seng modern Geschicht fänkt wuel viru 75 Joer mat deem éischte McDonald’s-Restaurant an Amerika un. D’Beweegung vum Slowfood ass eng méi rezent Entwécklung. De Konterbont hëlt déi zwou Iesskulturen ënnert d’Lupp a kuckt sech d’Situatioun zu Lëtzebuerg un.

Fastfood heescht esou vill ewéi „séiert Iessen“. Fäerdeg Platen, déi einfach preparéiert kënne ginn, awer och Fäerdegplaten, déi a Masseproduktioun hiergestallt ginn, ginn als Fastfood bezeechent.

Beim Fastfood steet d’Funktionalitéit vun der Preparatioun am Vierdergrond. Op d’Iesskultur gëtt dobäi gréisstendeels verzicht, well dës Plate si geduecht, fir séier preparéiert ze ginn. D’Dauer vun der Preparatioun läit dobäi bei manner ewéi zéng Minutten. Et gëllt also hei, esou séier ewéi méiglech sat ze ginn.

Gesond ass dat reegelméissegt Iesse vum klassesche Fastfood – deen als immens kaloriëräich an ongesond gëllt – an der Reegel net, et riskéiert ee Mangelerscheinungen (virun allem, well et engem un Eisen, Kalzium, Vitaminn A an C feelt) an Iwwergewiicht.

Viru 75 Joer hunn d’Gebridder Mac an Dick McDonald deen éischte McDonald’s zu San Bernardino a Kalifornien opgemaach. Dëse war op engem Parking an d’Serveusen hunn d’Iessen direkt an den Auto bruecht. D’Geschäft ass esou gutt gelaf, datt d’Grënner hu missen ëmdenken, an d’Clientë konnten dunn d’Iessen um Comptoir bestellen. Hiergestallt gouf nëmmen dat, wat séier preparéiert konnt ginn, dofir gouf et nëmme Fritten, Hamburger, Cheeseburger an en Dessert.

Zanter iwwer 50 Joer gëtt et och Fastfood zu Lëtzebuerg. Ugefaang huet alles mam Wimpy, engem Hamburger-Restaurant an der Stad, deen am Dezember 1968 seng Dieren opgemaach huet. Dee selwechte Bedreiwer, d’Firma Happy Snacks, gefouert vun der Famill Scholer, huet am Joer 1984 och deen éischte Quick an am Joer 1987 deen éischte Pizza Hut opgemaach.

Haut hu mer dann och 11 McDonald’s-Restauranten a souguer 15 Burger King-Restauranten am Land verdeelt. Awer net all Fastfood ass amerikanesch oder muss en Hamburger sinn. Wat fir de Griich de Gyros ass, ass dem Tierk säi Keebab. Hei gëtt gegrilltent Fleesch an engem Fladebrout mat Geméis an Zooss zerwéiert. Mëttlerweil ginn et all Zorte vu Fastfood, zum Beispill eng Hellewull vu Choix u Sandwichen a Paninien, awer och Butteker ewéi Cocottes an Exki, déi méi e gesonden an natierlech preparéierte Fastfood ubidden.

Slowfood als Géigesaz zum Fastfood

D’Vertrieder vun der internationaler Slowfood-Beweegung setzen dem Fastfood eng Kultur vu bewosstem Iessen a vum Genéissen entgéint. Si fërderen d’Erhale vun der regionaler Kichen an der geschmaachlecher Vilfalt. D’Liewensmëttel solle gutt schmaachen an eis Sënner ureegen, awer och frësch, narhaft a gesondheetlech irreprochabel sinn.

Déi regional Iesskultur steet beim Slowfood awer och ganz uewen, wéi zum Beispill déi traditionell Liewensmëttel a Veraarbechtungsmethoden ze erhalen. Vilfalt um Teller ass awer nëmme méiglech, wann déi biologesch Vilfalt u Planzen an Déieren och erhale bleift.

D’Zil ass eng verantwortungsvoll Landwirtschaft a Fëscherei mat ekologeschem Ubau an aartgerechter Déierenhaltung. Dobäi schwätzt Slowfood sech géint den Asaz vu Geentechnik aus. Slowfood versteet sech als „Lobby fir de gudde Goût“. Slowfood-Memberen treffe sech gär, fir zesummen ze kachen, ze schmaachen an ze genéissen.

Mëttlerweil ginn et och zu Lëtzebuerg eng ganz Rei vu Produzenten a Restauranten, déi sech dem Slowfood verschriwwen hunn, och wann dat fir de Kach beim Akafe vun de Produkter net ëmmer einfach ass. D’Beweegung Slowfood Luxembourg ass zanter 1999 zu Lëtzebuerg aktiv. Si ass en Deel vun der internationaler Slowfood-Beweegung, déi 1989 gegrënnt gouf, fir den negativen Effekter vum Fastfood an dem séiere Liewen entgéintzewierken.

Hir prezis Ziler sinn, drop hinzeschaffen, datt jiddwereen op der Welt Zougang zu guddem Iessen huet, dat gutt schmaacht a gesond ass; zu proppere Liewensmëttel, déi der Ëmwelt net schueden an zu faire Liewensmëttel – déi, déi se produzéieren, an d’Clienten, déi se kafen.

Ob séier oder lues, e gudden Appetit sief Iech op jiddwer Fall gewënscht.

En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.