Mam Pol a mam Paul stinn ech beim LëtzeBurger zu Stroossen. Mir leeft d’Waasser am Mond zesummen, well ech gläich meng Mozzarella-Sticks mat Trüffelsmayonnaise an de sougenannte „LëtzeBurger“ kréien, op deem als Highlight e Gromperekichelchen drop ass. Wärend ech iwwer d’Iesse fantaséieren, fëllt de Pol den Automat, deen et beim Stroossener Standuert gëtt, mat Snacken a Gedrénks op. Op eemol entdecken ech eng kleng gréng-brong Këscht, op där „Ultra Früh“ an „Umweltfreundlich und Sicher“ steet. Wat ass dat dann? De Paul laacht. Ech staunen net schlecht: Am Automat ginn et och Schwangerschaftstester. Bei LëtzeBurger gëtt wierklech un alles geduecht. A mir fält erëm an, datt de Paul virdru sot, et wär wichteg, d’Saachen e bëssen anescht ze maachen.
Mee fänke mer vir un. De Pol erënnert sech: „Wa mer ganz vir ufänken, da muss ech vun der Gaardenaarbecht erzielen, déi mir als Jugendlecher zu Bartreng gemaach hunn, fir kënnen eis Bamhaiser ze finanzéieren. Vun do kënnt eis Loscht, Business ze maachen.“ Déi selwecht Ekipp ass spéider zesummen an de Lycée gaangen. Virun der Schoul stoung eng Camionnette mat engem Mann, deen d’Schüler*innen an der Mëttesstonn mat Keebappe versuergt huet. Dat ass nawell gutt ukomm, well d’Iessen an der Kantin war net besonnesch genéissbar an zimmlech langweileg. „Esou ass d’Iddi entstanen, e Foodtruck opzemaachen. Mir hunn dat Ganzt iwwer e Joer geplangt. Vu fréiere Clienten, Frënn a Famill konnte mir ronn 20.000 Euro sammelen. Nodeems mir zousätzlech nach e Prêt bei Microlux gemaach haten, ass et endlech duergaangen, fir eisen éischte Foodtruck, den OG, ze kafen. Dat war d’Grënnung vu LëtzeBurger“, esou de Pol.
Den Ufank war gemaach, mee dono sinn et eng Rei Probleemer ginn. Déi jonk Ekipp, déi deemools aus siwe Kärelen tëschent 17 an 19 Joer bestanen huet, krut keng Erlabnis, fir sech mam Foodtruck op de Schoulterrain ze stellen. De Plang, mam Gefier geziilt Plazen unzesteieren, wou vill Bürosleit ënnerwee sinn, huet net wierklech funktionéiert. Wärend enger Mallorca-Rees, déi de Pol mam Félix Clement (26), engem Matgrënner, ënnerholl huet, ass et zum entscheedende Moment komm. Hien erzielt: „Mir haten ee vun eise Mataarbechter falsch ugemellt a kruten dofir eng fett Geldstrof ze bezuelen. Mir hunn eis geschwuer, datt mir et elo nach eemol probéieren a wann et dann näischt gëtt, opzehalen.“
Knapp zwee Méint drop huet d’Corona-Pandemie ugefaangen an déi jonk Entrepreneuren hunn, wéi de Pol et nennt, déi bescht Decisioun vun hirem Liewe geholl: Nämlech, de Foodtruck virun d’Dier vun der Bäckerei Strasser Nothum zu Bartreng ze stellen, déi si ursprénglech mat Burger-Bréidercher versuergt huet, an en och do stoen ze loossen. Esou konnte se lues a lues eng Clientèle opbauen.
„Zu där Zäit sinn ech dobäikomm“, ergräift de Paul d’Wuert: „Ech hat LëtzeBurger scho länger suivéiert an hunn de Projet ëmmer flott fonnt.“ Well wärend Corona praktesch alles zou war, war de Paul ëfters Client zu Bartreng an huet d’Ekipp besser kenne geléiert. Hien deelt seng Erënnerungen un deemools mat: „Ech hunn einfach gesot, wann dir eng Kéier ee fir en Event braucht, da mellt iech bei mir. Corona war haart, mee d’Jongen hate Loscht ze schaffen. An et huet funktionéiert, well et just ‚Vente à emporter‘ war.“ Esou verréckt wéi et kléngt: Covid-19 war eng Chance fir LëtzeBurger. Aner Foodtrucken hu wärend Corona opgehalen a konnten dofir zu engem bëllege Präis kaf ginn. De Paul grinst: „Vun engem däitsche Client krute mir eng Offer. An enger ‚Nacht und Nebel‘-Aktioun si mir iwwer d’Grenz gefuer, fir eng Remork sichen ze goen, déi mer schliisslech fir 20.000 Euro kruten – ursprénglech hat se 120.000 Euro kascht. D’Remork steet elo als feste Standuert zu Stroossen.“
Aktuell beschäftegt LëtzeBurger ronn 45 Mataarbechter*innen. Dovu sinn der 30 fest agestallt an et ginn ëm déi 15 Student*innen, déi saisonal fir d’Entreprise schaffen. Vill vun dëse jonke Leit kommen all Joer fir e puer Méint zeréck. Fir de Pol ass de Motto vu LëtzeBurger kloer: „Mir sinn eng jonk Ekipp, déi probéiert, d’Saachen e bëssen anescht ze maachen.“ Obwuel d’Dynamik an d’Iwwerleeunge jonk sinn, ginn et awer och e puer méi erfuere Leit am Team. „E gudde Mix ass wichteg“, seet de Paul. Déi zwee Entrepreneure leeë vill Wäert dorop, eng gutt Ambiance an der Ekipp ze bidden. D’Leit géinge Kolleege ginn an zesummen an d’Vakanz fueren. „Oft gëtt gesot, datt mir wéi eng Famill sinn“, esou de Paul houfreg.
LëtzeBurger huet mëttlerweil dräi fest Standuerter: Stroossen, Féiz an zënter Kuerzem och Schuller. Ausserdeem bedreiwe se eng Eventplaz bei der Rockhal. Dobäi handelt et sech ëm e Container, dee benotzt gëtt, wa Concerte stattfannen. Doniewent besëtzt d’Entreprise véier Burger-Foodtrucken a véier Remorken, déi alternativ Produiten ubidden: Hei kritt ee Pasta, Grillwurscht, Desserten a Gedrénks. Déi mobil Flott ass wichteg fir d’Eventer, vun deenen een der ronn 500 am Joer mécht. „Wa wierklech Saison ass, fueren eis Foodtrucke bis zu dräimol den Dag op en Event“, erkläert de Paul a verweist op eng spektakulär Mëttesstonn, an där se 3.000 Burgeren um Stéck fir d’Personal vun Amazon erausginn hunn.
Wat zeechent LëtzeBurger dann elo niewent der gudder Ambiance aus? „Mir stinn an éischter Linn fir lokal Produiten. Eist Fleesch kënnt vum Kirsch, eist Brout vu Pains & Tradition. Fir d’Bréidercher hu mir eis eege Rezepter, fir déi just Ingredienten aus Lëtzebuerg verschafft ginn“, äntwert de Pol, dee besonnesch vum Briosch-Bréitchen iwwerzeegt ass. An de Paul ergänzt mat engem Laachen: „A virun allem och eng gutt knackeg Zalot. Déi ass definitiv net ze ënnerschätzen a schmaacht allkéiers extreem erfrëschend.“ Natierlech ginn et och ëmmer erëm speziell Burgeren – aktuell de „Wäinzoossiss-“ esouwéi de „Ćevapčići-Burger“. Den „Cheeseburger“ ass als Klassiker iwwregens dee Burger, dee sech am beschte verkeeft. Net wäit hannendru kënnt de „Super Smash“ an de „LëtzeBurger“, dee mir esou gutt an Erënnerung bliwwen ass, datt ech nach elo d’Gefill hunn, ech hätt grad eréischt dra gebass.
En Artikel vum Heng Barone
Fotoen: © LëtzeBuerger
Bei LëtzeBurger ass net nëmmen de Schwangerschaftstest ëmweltfrëndlech, mee allgemeng spillt d’Nohaltegkeet eng grouss Roll fir d’Entreprise. „Mir hunn net fir näischt de Label vun der SuperDrecksKëscht. Bei eis gëtt alles recycléiert, déi Thematik huele mir absolut eescht“, seet de Pol. De Paul weist op déi dräi verschidde Poubellen, déi niewent him stinn: „Dat ass fir d’Mülltrennung. Mir probéieren, esou mann wéi méiglech Offall ze produzéieren, mee mir kommen natierlech net komplett dolaanscht.“
Vum Ëmweltbewosstsinn ass et net wäit bis bei d’Theema vun der vegetarescher oder veganer Ernärung. Säit der Grënnung vun der Entreprise ass et e Veggieburger op der Kaart ginn. De Pol ass der Meenung, datt eng vegetaresch Variant mëttlerweil einfach derzougehéiert. De Burger wär wierklech gutt an och Leit, déi am Alldag net reng vegetaresch iessen, géifen dee gäre bestellen. Datt mëttlerweil och e vegane Burger verkaf gëtt, iwwerrascht net. Am Kader vum sougenannte Veganuary, enger internationaler Aktioun, déi déi vegan Ernärung promovéiert, huet LëtzeBurger dëst Joer eng vegan Variant vum „Smashburger“ a vun den Nuggets presentéiert. „Fir déi nei vegan Produite bekannt ze maachen, hu mir mat Influencer zesummegeschafft. Se sinn immens gutt ukomm“, esou de Paul.
Fir déi zwee jonk Entrepreneuren hunn déi sozial Medien eng elementar Bedeitung. Et ass op dëse Kanäl, wou si hir Clientë gewannen – si hunn ni Suen ausginn, fir Reklamm op der Televisioun oder an de Printmedien ze maachen. Well hire komplette Marketing sech op d’sozial Medie fokusséiert, soll den Niveau vun deem, wat gepost gëtt, deementspriechend héich sinn. „Mir kréien dat selwer net hin a fueren dowéinst iwwer eng Agence, déi zweemol an der Woch e Post mécht“, erkläert de Paul. „De Rescht vun der Woch hu mir dann Zäit, fir selwer spontan Saachen ze posten, déi eis wichteg sinn. Dobäi probéiere mir, eist Personal mat anzebauen.“ All déi zentral Kanäl gi bespillt: Instagram, TikTok, Facebook a mëttlerweil och LinkedIn. D’Zil ass et, op dës Aart a Weis online Charakteren opzebauen, déi d’Leit erëmerkennen, wa se eppes bei LëtzeBurger iesse ginn.