Wa mir iwwer Ernärung schwätzen, beschränke mer eis net op déi eigentlech Bedeitung vum Wuert. Ernärungsforme kënnen dacks de Sujet vun enger Debatt sinn. Et ass dowéinst vun entscheedender Bedeitung, déi verschidden Ernärungsvarianten ze kennen, déi ëmmer erëm virkommen.
DʼErnärungsforme variéiere jee no eetheschen, gesondheetlechen oder kulturelle Wäerter. Een, deen zum Beispill kee Fleesch ësst, ass méiglecherweis net dermat averstanen, datt dʼDéieren zu engem Liewensmëttel ginn. En anere Facteur kann de Wëlle sinn, net zum Klimawandel bäizedroen. Munch Leit sinn och der Meenung, datt Fleesch net noutwendeg ass fir ze iwwerliewen.
Fir d’éischt definéiert déi omnivor Ernärung, där hiren Numm vun de laténgesche Wierder omnis (alles) a vorare (iessen) staamt, eng Ernärung, bei där näischt ausgeschloss gëtt. Dës Ernärungsform war laang Zäit als biologesch a sozial Norm ugesinn a setzt op eng grouss Villfalt vu Liewensmëttel. Och als Allesfréisser ass et hautdesdaags sënnvoll, op d’Qualitéit an d’Hierkonft vun de jeeweilege Produiten opzepassen. Dat ass eng Manéier, dës klassesch Ernärungsform duerch méi e bewosste Choix unzepassen, deen d’Gläichgewiicht tëschent Genoss a Gesondheet hierstelle soll.
Eng klassesch Alternativ ass déi vegetaresch Ernärung. All Zort vu Fleesch (och Fësch a Mieresfriichten) ass ausgeschloss. Eeër, Mëllechproduiten an Hunneg ginn awer giess. Dës Liewensweis gëtt dacks aus eethesche Grënn am Zesummenhang mam Déiereschutz gewielt, iwwerzeegt awer och duerch hiren niddregen ekologeschen Impakt. De Vegetarismus ass eng zimmlech al Praxis, déi et säit ronn 2.500 Joer gëtt an déi esouguer vu prehistoresche Perséinlechkeeten ewéi dem Pythagoras praktizéiert gouf. Op der Menüskaart si virun allem follgend Liewensmëttel ze fannen: Uebst, Geméis, Kären a Mëllechproduiten.
Déi vegan Ernärung, déi sech reng op dat Planzlecht bezitt, ass méi ewéi nëmmen en einfache Regimm. D’Veganer iessen net nëmme kee Fleesch a Fësch, mee och keng Eeër, keng Mëllech oder Mëllechproduiten a souguer keen Hunneg. Doriwwer eraus ass Veganismus net nëmmen eng Ernärungsform, mee och eng Liewensweis: E Veganer evitéiert am Prinzip och Kleeder aus Lieder oder Woll esouwéi Kosmetika, déi un Déiere getest goufen. Dësen Ernärungsstil erfuerdert allerdéngs eng genee Kenntnis vun den Närstoffbesoinen, fir e gutt Gläichgewiicht mat genuch planzleche Proteinnen am Kierper ze garantéieren.
Déi pescetaresch Ernärung besteet doranner, alles, wat Fleesch ass, vum Menü auszeschléissen, wärend de Konsum vu Fësch, Crustacéen a „Weichtiere“ bäibehale gëtt. Och als „Pesco-Vegetarismus“ bekannt, gëtt dës Ernärungsform dacks duerch de Wonsch diktéiert, den CO2-Foussofdrock, deen duerch d’Haltung vu Landdéieren entsteet, ze reduzéieren. Et kann awer och aus gesondheetleche Grënn sinn, well Fësch eng wäertvoll Quell fir Omega 3 a Proteinnen ass. Um pescetareschen Iessplang steet deemno eng grouss Auswiel vu Produiten, déi am Alldag eng grouss gastronomesch an ernärungsphysiologesch Flexibilitéit zouloossen.
Et gëtt och eng Ernärungsmanéier, bei där zwar Fleesch konsuméiert gëtt, dofir awer manner. E Flexitarier lieft souzesoen eng Konsumphilosophie vum „flexibele Vegetarismus“, bei där Fleesch net komplett verbannt gëtt. Hei steet Qualitéit iwwer Quantitéit: ënner der Woch planzlech iessen an heiansdo eng Pouletshämmchen oder e Schwéngsfilet genéissen. Dës Ernärungsform iwwerzeegt ëmmer méi Stéit, déi eppes fir dʼËmwelt an hir Gesondheet maache wëllen an dobäi eng sozial a gastronomesch Fräiheet ouni absolutten Zwang bäibehale wëllen.
Schliisslech gëtt et mam Frutarismus eng extreem spezifesch Ernärungsform, déi nach méi wäit geet ewéi de Veganismus. Hei priméiere Friichten, Nëss a Som. Dës mussen direkt vum Bam gefall sinn, fir datt dʼPlanz bei der Recolte kee Schued hëlt. Muerten oder Stängele si verbueden. Dëse Liewensstil, deen dacks aus spirituellen oder radikalen ekologesche Grënn gewielt gëtt, ass ganz aschränkend an erfuerdert eng streng medezinesch Iwwerwaachung, fir Mangelerscheinungen ze evitéieren, well se de Spektrum vun den deeglech accessibelen Närstoffer gewalteg aschränkt.
Um Enn vun dësem Iwwerbléck gëtt eent däitlech: Iessen ass kee bedeitungslosen oder reng biologeschen Akt méi, mee villméi eng eegestänneg Sprooch, e Mëttel, fir eist Ëmweltbewosstsinn auszedrécken oder eise Respekt géigeniwwer dem Liewe vun den Déieren ze weisen. Natierlech spillt och eise Wonsch, déi eege Gesondheet ze schützen, eng zentral Roll. Och wann dës sechs Haapternärungsformen haut eis Supermarchésregaler strukturéieren, si se nëmmen dʼSpëtzt vum Äisbierg vun enger nach méi grousser Villfalt. Et gëtt sécher nach aner méi spezifesch Praktiken, déi ëmmer méi u Visibilitéit gewannen, ewéi de Paleo-Regimm (Liewensmëttelen aus der prehistorescher Ära: moert Fleesch, Bieren, Wuerzelen) oder den Ovo-Vegetarismus (dësen erlaabt Eeër, schléisst awer all d’Mëllechproduiten aus).
Dësen déifgräifende Wandel op eisen Tellere spigelt eng global Entwécklung vun der Gesellschaft erëm. Déi lëtzebuergesch Restauranten a Supermarchéë passe sech dëser Villfalt vu Choixen un a maachen dës Liewensstiler haut méi zougänglech. Et ass net seelen, datt een am Laf vu sengem Liewen tëschent dëse Kategorië wiesselt, wat beweist, datt d’Rigiditéit enger perséinlecher a flexibeler Erfarung Plaz mécht. Iwwer d’Etiketten a streng Definitiounen eraus bleift d’Gläichgewiicht déi eigentlech Erausfuerderung vu muer: e Wee ze fannen, sech esou ze ernären, datt d’Iessgewunnecht souwuel de Planéit respektéiert an dem Kierper guttdeet ewéi och, a virun allem, eng Quell vum Genoss ass. Well egal, wat fir eng Form se unhëlt – dʼErnärung bleift de Mëttelpunkt vun eiser Gesellegkeet an e Spigelbild vun eiser Identitéit.
En Artikel vun Carlos Entringer