Placeholder Dummy template

Vun Iessen a Geschichten

D’Liblingsrezepter aus dem Atelier Info-Média

Wann ee sech wochelaang mat enger Ausgab iwwer Iessen an Ernärung befaasst, da kënnt et méi wéi eemol vir, datt ee mat engem Mo, dee grommelt, virum Computer sëtzt. Eis ass d’Waasser am Mond zesummegelaf, wärend mir iwwer Burgere mat Gromperekichelcher, Huesenziwwi, Mummentaart oder d’Lëtzebuerger Stärekiche philosophéiert a geschriwwen hunn. Gottseidank war och een Artikel iwwer d’Praktik vum Faaschten dobäi, soss géife mir elo nach all Dag vu wonnerbarem a leider oft ongesondem Iessen dreemen. Déi intensiv Beschäftegung mat enger Hellewull Platen huet eis schliisslech zu enger ganz perséinlecher Fro gefouert: Wat ass eigentlech eist Liblingsiessen?

Genee dat hu mir eis am Atelier Info-Média gefrot a jiddereen hat Geleeënheet, säi Liblingsrezept matzebréngen – manner hongereg si mir dovun allerdéngs net ginn. D’Rezepter si genee esou konterbont ewéi d’Mënschen, déi hei zesummeschaffen. Et geet vun engem proteinräiche Saumon, iwwer Nuddelszalot oder Nuddelen, déi d’Fleesch verstoppen, bis zu vergiessene Kichelcher. Tatsächlech ass souguer e gesonde Smoothie dobäi. D’Rezepter sinn net seele méi wéi eng banal Lëscht vun Zutaten, et sinn Erënnerungen, Genossmomenter a se erziele Geschichten. Vill Spaass beim Nokachen a genéissen.

Schnelle Saumon

Gesond, séier an einfach –  e Genoss aus dem Uewen

Eng gesond Moolzecht ass d’Fundament fir e gesonde Liewensstil. De Saumon aus dem Uewen ass dofir ideal. Duerch déi schounend Zoubereedung bleiwen essentiel Närstoffer erhalen, déi besonnesch fir sportlech aktiv Leit den A an O beim Muskelopbau sinn.

Den Haushalt ass erleedegt, et ass schéint Wieder an Zäit, fir Sport ze maachen. Elo muss een nach eppes Gesondes fir z’iesse preparéieren, dann ass den Dag perfekt. Wie wëll do net emol eppes Guddes kachen, ouni nach vill Zäit an d’Preparatioun ze investéieren?

Dofir ass dëst Rezept e ganz gudden Ufank, well mir den Uewe schaffe loossen. Am Prinzip muss ee just d’Geméis kleng schneiden, de Saumon an déi feierfest Schossel leeën, alles würzen a just 25 Minutten am Uewe goe loossen.

Net nëmme geet d’Virbereedung séier, mee de Saumon ass och nach voller essentiel Närstoffer. En ass räich un Omega-3-Fettsaieren, déi hëllefen, de Bluttdrock niddereg ze halen an de Risiko vun Häerz-Kreeslaf-Krankheeten ze miniméieren. Omega 3 wierkt zousätzlech entzündungshemmend am Kierper. Dobäi liwwert de Fësch héichwäerteg Proteinnen, déi den Immunsystem an de Muskelopbau stäerken an eis e gutt Sättegungsgefill ginn. E weidere Virdeel vun der Preparatioun am Uewen ass, datt dëse Plat fettaarm ass, well een an der Pan dacks vill Ueleg oder Botter brauch, fir datt en net ubrennt. Ausserdeem oxidéieren déi wäertvoll Fettsaieren net esou schnell ewéi bei der héijer Hëtzt an der Pan, wouduerch d’Qualitéit vun den Närstoffer vill besser erhale bleift. 

An enger gliesener Form aus feierfestem Glas ass eist Iessen ausserdeem am hygieeneschsten a faktesch 99,9 % sécher, well Glas gëllt als eent vun de sécherste Materialien, fir d’Iessen ze verschaffen an ze lageren, well et inert* ass. Dat heescht, et kënnt zu kenger cheemescher Reaktioun mam Iessen.

D’Geméis, dat mat an ënnert dem Fësch am Uewen ass, huet zum Schluss nach e bësse méi Bëss an et gëtt och en Deel vu sengem Aroma un de Saumon of. Déi dënn Schicht Botter mat Salz a Peffer, déi bei iwwer 175 °C ufänkt ze karamelliséieren, gëtt deem Ganzen nach en nëssege Goût. Zitrounescheiwen um Filet maachen, datt de Fësch net esou schnell verdréchent a gutt säfteg bleift, dobäi ass de Jus vun der Zitroun besonnesch erfrëschend.

Och fir den net-sportleche Genéisser ass dëst Rezept eng kulinaresch Schlabäizchen.

*De Begrëff inert kënnt aus dem Latäin an heescht sou vill wéi „net aktiv“. Am Fall vun eisem Saumon am gliesene Behälter heescht dat, datt et eng Substanz ass, déi net oder nëmme ganz schwéier mat anere Stoffer reagéiert.

Zutaten:

  • 1 kg Saumonfilet ouni Haut, ouni Sprenzen
  • 4 Bengele frëschen Thymian
  • 1–2 Zitrounen
  • 2–3 Ënnen
  • 1 grouss Spitzpaprika
  • Botter
  • Schwaarze Peffer
  • Salz

Zoubereedung:

  1. D’Ënnen an de Paprika kleng schneiden.
  2. Eng ganz dënn Schicht Botter an eng feierfest Form (z. B. aus Glas) schmieren, dat als physesch Barrière tëschent dem Fësch an der Form.
  3. Op déi Schicht e bësse Salz a schwaarze Peffer maachen an dorop mam Geméis e Bett formen – idealerweis an der Gréisst vum Filet, deen dropkënnt.
  4. De Filet op d’Geméis-Bett leeën an nach emol gutt mat Salz a schwaarzem Peffer würzen.
  5. Zitrounescheiwe schneiden a flaach um Filet verdeelen, esou datt 85 % dervu beluecht sinn.
  6. Frëschen Thymian drop verdeelen.
  7. An den Uewe maachen a 25 Minutte bei 200 °C goe loossen.

Gudden Appetit!

E Rezept vum Bob Felz

Dem Léna säi Croque-monsieur

Zutate fir 8 Croque-monsieuren:

  • 16 Tranchë Vollkorn-Toast-Brout ouni Kuuscht
  • 8 Tranchë gekachten Ham
  • 8 Portioune La Vache qui rit
  • Eng Mëschung aus gerapptem Gruyère an Cheddar

Zoubereedung:

  1. Op 8 Tranchë Vollkorn-Toast jeeweils eng Portioun La Vache qui rit
  2. Jeeweils eng Tranche gekachten Ham dropleeën.
  3. D’Mëschung aus gerapptem Kéis drop verdeelen.
  4. Mat enger zweeter Tranche Toast bedecken.
  5. Zousätzlech e bësse vun der Kéismëschung uewen op den Toast streeën.
  6. 2 bis 3 Minutten am Sandwich-Toaster toasten an eraushuelen, soubal alles eng schéi gëlle Faarf huet.
  7. Gutt waarm mat e bësse grénger Zalot a Kiischtentomaten zerwéieren.

E Rezept vum Léna Foigne

Pizzaiola oder dat verstopptent Fleesch

Ech hunn dëst Rezept vu menger Mamm kritt, déi aus Neapel staamt. D’Kachrezept vun der pizzaiola, déi och nach carne alla pizzaiola oder alla pizzaiola genannt gëtt, gouf scho säit Generatiounen esou weidergereecht. Den Numm leet sech vun der pizza marinara (och pizza rossa genannt) of, där hir Zooss aus de selwechte Grondzutate besteet: Tomaten, vill Knuewelek an Oregano an natierlech gudden Olivenueleg. Iwwregens gëtt op d’pizza marinara keng Mozzarella dropgemaach.

Alla pizzaiola heescht sou vill wéi „no der Manéier vum Pizzabäcker“. Et gëtt gemunkelt, datt d’Pizzabäcker fréier hir Fleeschreschter an der iwwregbliwwener Tomatenzooss gekacht hunn, fir dës dann op d’Pizzaen ze maachen, wouduerch deen eenzegaartege Geschmaach vun der pizzaiola entstanen ass. Et ass en typescht Rezept vun der cucina povera, der einfacher Kiche fir déi méi arem Leit; einfach Zutaten an éischter gënschtegt Fleesch ginn duerch laangt Schmoren oder kräfteg Zoossen opgewäert. Haut mécht een awer éischter dënn Scheiwe vu guddem Kallefs- oder Rëndfleesch derbäi, déi nëmme kuerz an der Zooss gekacht ginn.

Wéi de Begrëff „verstopptent Fleesch“ am Titel et verréit, gëtt d’Fleesch um Enn ënner d’Spaghettie verstoppt. Dat staamt aus der neapolitanescher Gewunnecht, aus engem Plat zwee Gäng ze maachen. Dann huet een, wéi am reschtlechen Italien och, e primo piatto (éischte Plat) an e secondo piatto (zweete Plat). Deen éischte besteet dann aus Nuddele mat enger rouder Zooss, déi no Fleesch schmaacht, obwuel keent dran ass. An den zweete Plat ass dann eeben d’Fleesch, dat virdrun aus der Zooss gefëscht gouf. Typesch hausmaacher zu Neapel ass et dann, déi zwou Saachen erëm ze kombinéieren an d’Fleesch ënner den Nuddelen ze verstoppen. Dëst daucht also eréischt dann op, wann een e gudden Deel vu senge Spaghettie giess huet.

Bekannt ass och eng Variant vun der pizzaiola, déi een haaptsächlech an der Regioun Apulien a Süditalie fënnt: Hei kommen nach schwaarz Oliven a Kaperen derbäi, fir der Zooss méi eng salzeg Nott ze ginn. Zu Neapel sinn d’Leit awer wuel méi puristesch, well hei gréisstendeels déi einfach Variant giess gëtt.

Zutate fir 4 Persounen:

  • 3 grouss Douse Pelati (geschielten italieenesch Tomaten)

  • 6 Knuewelekszéiwen
  • E puer kräfteg Prise gedréchenten Oregano
  • E puer Prise grafft Salz
  • 3 bis 4 Zoppeläffele kalgepressten Olivenueleg
  • circa 600 Gramm Kallefs- oder Rëndfleesch, an dënn Scheiwe geschnidden
  • 1 kg Spaghetti oder Linguine

Zoubereedung: 

D’Pelati mat enger Forschett zerdrécken an an eng (nach kal) Pan mat méi héijem Rand schëdden. Den Olivenueleg an enger Kreesbeweegung generéis iwwer d’Tomatenzooss verdeelen. Eng oder zwou gutt Prise grafft Salz derbäiginn. Dann de Knuewelek, dee virdrun a ganz dënn Scheiwe geschnidde gouf, an der Pan verdeelen. Zum Schluss e puer kräfteg Prise gedréchenten Oregano iwwer d’Zooss streeën, bis dat Rout vun der Zooss bal ganz vun deem grénge Gewürz verdeckt ass.

D’Pan elo eréischt op d’Kachplack setzen an dës umaachen; am beschte fir d’éischt emol bei schwaacher Flam, fir datt d’Hëtzt sech lues a lues duerch déi ganz Zutate kann ausbreeden. Sou kritt d’Zooss um Enn och hiren intensive Goût.

Elo gëtt et esoulues Zäit, en Dëppe mat Waasser opzestellen, fir d’Nuddelen dranzemaachen. Soubal d’Waasser kacht, eng gutt Pris grafft Salz drastreeën an dono d’Pasta an d’Waasser maachen. Dat ass de Moment, wou een d’Zooss däerf réieren an dono d’Fleeschscheiwe kann draleeën – eng no där anerer, fir datt se net unenee peche bleiwen.

D’Nuddele sollen nach al dente sinn, also bëssfest. Um Teller gi fir d’éischt e puer Scheiwe Fleesch ugeriicht, dono kommen d’Nuddelen drop an zum Schluss gëtt déi eng oder aner Lusch Zooss driwwergeschott.

Buon appetito – e gudden Appetit!

E Rezept vum Eric Rings

De Burrito vum Yves mam gewierfelte Beef

Zutaten:

Weessmiel-Tortillaen

  • Et kéint ee se zwar selwer baken, mee de Burrito-Yves recommandéiert wäermstens, se ze kafen.

Couscous

  • 1 bis 2 Tase Couscous
  • 1 TL Salz
  • 1 TL Peffer
  • 1 TL Ingwerpolver
  • 2 TL Knuewelekspolver
  • 2 TL Zwiwwelspolver
  • 2 EL Curry
  • 1 Küb Britt

Fleesch

  • 300 g Rëndfleesch a Würfelen
  • 2 TL Salz
  • 2 TL Peffer
  • 2 TL Ingwerpolver
  • 2 TL Knuewelkspolver
  • 4 TL Zwiwwelpolver
  • 4 EL Curry
  • 1 TL Oregano
  • 4 TL Maggie
  • 1 Zwiwwel
  • 3 Knuewelekszéiwen
  • 1 Paprika
  • eng kleng Dous Mais an Ierbessen

Zooss

  • 400 g Philadelphia ail & fines herbes
  • 1 TL Salz
  • 1 TL Peffer
  • 2 TL Knuewelekspolver
  • 2 TL Zwiwwelspolver
  • 500 ml Ram

Zoubereedung:

Couscous

  • An enger Taass all d’Gewierzer aus der Zutatelëscht mat kachendem Waasser an engem klenge Küb Britt vermëschen.
  • Dës Mixtur op de réie Couscous schëdden a verréieren.
  • Eventuell ass et néideg, weider kache Waasser iwwer de Couscous ze schëdden, bis en duerch ass.
  • Bonus: Du kanns och Ierbesssen oder Mais an de Couscous mëschen. Ech perséinlech hu beim Couscous léiwer Mais derbäi.

Fleesch

  • D’gewierfelt Fleesch mat alle Gewierzer an d’Pan jummen an da verréieren. Jee nodeem wéi schaarf et soll ginn, d’Prozedur ee- bis zweemol widderhuelen.
  • Op grousser Flam ubroden, bis d’Fleesch eng gëlle bis brong Faarf kritt.
  • 3 Knuewelekszéiwen, 1 Zwiwwel souwéi eng Paprika kleng schneiden.
  • Soubal d’Fleesch an de Couscous fäerdeg sinn, d’Knuewelekszéiwen, d’Zwiwwel an d’Paprika kuerz derbäimaachen, fir datt et schéi knackeg bleift.
  • Ganz zum Schluss nach mat Oregano verfeineren.

Zooss

  • De Philadelphia mat Salz, Peffer, Knueweleks- an Zwiwwelspolver an der Ram vermëschen.

Finale Schrëtt

De Couscous mam Fleesch a mat der Zooss op enger Weessmiel-Tortilla plazéieren an de ganze Buttek zesummerullen.

Extra

  • Wien et ganz fancy wëll hunn, dee kann op dee fäerdege Burrito nach Kéis an Zwiwwelflacke streeën.

E Rezept vum Yves Fonck

Vergiesse Kichelcher – biscoitos esquecidos

Dës Biscuiten, déi typesch fir d’portugisesch Kiche sinn, heeschen „esquecidos“. Dëse Begrëff heescht wuertwiertlech „vergiess“.

D’Hierkonft vum Rezept

D’Rezept ass vun der Groussmamm vu mengem Mann, et war hiren „dessert signature“ – dacks kopéiert, awer ni erreecht. Hir Kichelcher, sou einfach se sinn, hunn ni esou gutt geschmaacht, wann en anere se gemaach huet. D’Boma Rosa huet ëmmer gesot, d’Geheimis vum Rezept léich am „huile de coude“. Domat huet si gemengt, datt ee genuch Muskelkraaft bräicht, fir d’Eeër an den Zocker eng hallef Stonn mat der Hand ze klappen.

Eréischt no hirem Doud hunn ech d’Erausfuerderung ugeholl, den Deeg op dës Aart a Weis zouzebereeden, fir mäi Mann erëm opzemonteren. D’Resultat huet fir sech geschwat: D’Biscuite ware wierklech perfekt. Deen Dag ass eis bewosst ginn, wéi vill Méi, Kraaft a Gedold d’Boma Rosa investéiert huet, fir eis déi wonnerbar Kichelcher ze zerwéieren. Zënterdeem nenne mir d’Biscuiten „d’Kichelcher vun der Boma Rosa“ an denken u si, wärend mer se genéissen.

D’Geschicht vum Numm

D’„biscoitos esquecidos“, also déi vergiesse Kichelcher, verdanken hiren Numm enger kuriéiser Geschicht, déi deemools verbreet ginn ass. Et huet ee sech erzielt, datt d’Grousmammen d’Eeër mam Zocker esou laang geklappt hunn, bis se vergiess haten, wat se amgaang waren, ze maachen.

Zutaten:

  • 250 g Zocker
  • 250 g Miel
  • 4 Eeër

Zoubereedung:

  • Den Uewen op 180 °C virhëtzen.
  • D’Eeër zesumme mam Zocker 30 Minutte laang mat der Hand klappen.
  • D’Miel lues a lues derbäimaachen.
  • Den Deeg mat engem Läffel op engem Blech verdeelen an oppassen, datt genuch Plaz tëschent all Biscuit bleift, fir datt se dono net uneneenhänken.
  • De Blech mam Deeg drop aus e puer Zentimeter Héicht op den Dësch fale loossen, fir datt eventuell Loftblosen aus dem Deeg verschwannen.
  • Ongeféier 10 Minutten am Uewe baken. Wann d’Biscuiten eng gëlle Faarf kréien, si se fäerdeg.

     

    E Rezept vum Jennifer Valente

Nuddelszalot à la Pitti

Zutate fir 4 Persounen:

  • 500 g Nuddelen
  • ½ Kornischong
  • ½ rout Zwiwwel
  • 1 kleng Dous Mais
  • 1 Paprika
  • 1 Zéif Knuewelek
  • 1–2 EL Mayonnaise
  • 1 TL Moschter
  • 1–2 EL griichesche Jugurt
  • 1 EL Olivenueleg
  • 1 EL Balsamico-Esseg
  • Salz
  • Peffer

Zoubereedung:

  • D’Nuddele kachen, bis se duerch sinn, ofschëdden an ofkille loossen.
  • Wärenddeem kënne mir d’Geméis schneiden.
  • D’Paprika a kleng Würfele schneiden.
  • D’Kornischong och a kleng Würfele schneiden.
  • Eng hallef rout Zwiwwel ganz kleng schneiden.
  • Eng Zéif Knuewelek pressen oder mam Messer kleng schneiden.
  • De Mais ofdrëpse loossen an ofwäschen.
  • Alles mat den Nuddelen an eng grouss Schossel maachen.
  • Fir d’Zooss: Den Olivenueleg, den Esseg, d’Mayonnaise, de Moschter an de griichesche Jugurt mëschen a mat Salz a Peffer wierzen.
  • D’Zooss mat de fäerdegen Nuddele mëschen.

Gudden Appetit!

E Rezept vum Sven Franck

Dat gréngt Gold – e gesonde Smoothie fir de klengen Honger

Zutaten:

· 1 Grappvoll Spinat

· 1 Apel

· 1 Banann

· ½ Avocado

· ½ Orange

· ½ Zitroun

· E bëssen Ingwer

· E bësse Koriander

· 300 ml Waasser

Zoubereedung:

1. D’Banann an d’Avocado schielen. Bei der Avocado de Kär eraushuelen.

2. Den Apel, d’Banann, d’Avocado, den Ingwer an de Koriander a kleng Stécker schneiden.

3. Alles mam Spinat esouwéi mat der ausgepresster Zitroun an der Orange an e stabille Mixer ginn.

4. D’Waasser derbäischëdden.

5. Den Inhalt eng Minutt laang gutt mixen, bis en eng schéi crèmeg Konsistenz huet.

De grénge Smoothie léisst sech z. B. wonnerbar genéissen, wann een e puer Deeg wëll faaschten, fir elo gläich am Summer mat enger sportlecher Figur ze iwwerzeegen.

En improviséiert Rezept vum Heng Barone

Pouletslasagne (Lasagne au poulet)

Zutaten:

Pouletsfëllung

  • 500 g gekachte Pouletsbroscht
  • 1 mëttelgrouss Zwiwwel, kleng geschnidden
  • 2 Knuewelekszéiwen, kleng geschnidden
  • 1 Tomat (ouni Kär), kleng geschnidden
  • 1/2 Taass Tomatenzooss
  • 1/2 Taass Mais
  • 1/2 Taass Ierbessen (optional)
  • 2 Iessläffelen Olivenueleg
  • kleng geschniddene Péiterséileg oder Koriander, jee no Goût
  • Salz, Peffer a Paprika (optional)

Wäiss Zooss (Bechamel)

  • 2 Iessläffele Botter
  • 2 Iessläffele Miel
  • 500 ml Mëllech
  • 1/2 Taass Sauerram
  • Salz, Muskotnoss (optional) a Peffer

 Lasagne

  • 1 Pak Lasagneblieder (virdru gekacht)
  • 50 g gerappte Kéis (Parmesan oder deen, deen s du am léifsten hues)

Zoubereedung:

  • Pouletsfëllung

An enger Pan den Olivenueleg ophëtzen an d’Zwiwwel ubroden, bis se duerchsichteg gëtt. De Knuewelek derbäimaachen an eng weider Minutt ubroden. D’Tomat derbäimaachen a kachen, bis se latscheg gëtt. Déi gekachte Pouletsbroscht derbäimaachen an zesumme mat der Tomatenzooss, dem Mais, den Ierbessen, dem Salz, Peffer, Paprika an de Kraider 5 Minutte laang kache loossen.

  • Bechamel

An enger Kasseroll de Botter schmëlzen an d’Miel derbäimaachen. 1 bis 2 Minutte réieren. D’Mëllech no an no derbäimaachen a stänneg réieren, bis d’Zooss glat an déck ass. Da mat Salz, Peffer a Muskotnoss wierzen. Vun der Plack erofhuelen an d’Sauerram derbäiréieren. Gutt mëschen.

  • Lasagne

An enger Gratinschossel e bësse Bechamel um Buedem verdeelen. An der follgender Reiefolleg d’Schossel fëllen: Lasagneblieder, Pouletsfëllung, Bechamel, Kéis an Tranchen. Widderhuelen, bis d’Zutaten all opgebraucht sinn. Mat enger Couche Bechamel a Kéis an Tranchen ofschléissen an déi nach zousätzlech mat gerapptem Kéis bestreeën.

  • Baken

Den Uewen op 200 °C virhëtzen an 30 bis 40 Minutte baken. D’Uewerschicht soll eng gëlle Faarf kréien a knuspereg ginn. D’Lasagne 10 Minutte raschte loossen, ier s de se zerwéiers.

Gudden Appetit!

Bemierkungen:

  • Dës Lasagne besteet aus 8 Portiounen an d’Bakzäit ass ongeféier eng Stonn.
  • Du kanns natierlech bestëmmten Zutaten ewechloossen. Wann ech eng Lasagne preparéieren, maachen ech se zum Beispill léiwer ouni Zwiwwelen.
  • A Brasilien iesse mir dacks Lasagne mat Räis. Aner Leit hunn och gär Zalot derbäi.
  • Eng aner Variant (dat maachen ech och bal ëmmer): Wann s de dat gären hues, kanns de verschidden Zose bei der Lasagne iessen, wéi zum Beispill Ketchup oder Mayonnaise. A menger Famill feelt dat seelen.

E Rezept vum Carlos Entringer

Streiselkuch mat Hammbier & Mascarpone

Zutate fir de Streiseldeeg:

  • 400 g Miel
  • 70 g wäissen Zocker
  • 70 g brongen Zocker
  • 8 g Backpulver
  • 1 Pris Salz
  • 120 g Botter
  • 2 Eeër

Zutate fir d’Fëllung:

  • 500 g Mascarpone
  • 120 g Zocker
  • 2 Eegiel
  • 1 Téiläffel Vanillsextrakt
  • Hammbier-Gebeess (natierlech aus eiser Confiserie)
  • 250 g Hammbier

Zoubereedung vum Streiseldeeg:

Miel, Zocker, Backpulver a Salz an eng Schossel maachen a kuerz vermëschen. Dann de Botter an d’Eeër derbäimaachen a gutt mat den Hänn knieden, bis e Streiseldeeg entsteet.

Zoubereedung vun der Fëllung:

De Mascarpone, den Zocker, d’Eegiel an de Vanillsextrakt gutt mam Mixer mixen a kal stellen, bis d’Fëllung gebraucht gëtt.

Zesummesetzung vum Kuch:

Eng Sprangform mat Bakpabeier ausleeën an d’Ränner mat Botter afetten. D’Hallschent vum Streiseldeeg fir de Buedem an d’Ränner benotzen.

Eng dënn Schicht Hammbier-Gebeess um Streiselbuedem verdeelen, dann d’Mascarpone-Crème dropmaachen an d’Hammbieren drop verdeelen. Zum Ofschloss déi aner Hallschent vum Streiseldeeg driwwer verdeelen.

Fir 40 Minutte bei 180 °C Ëmloft an den Uewe stellen. Ofkille loossen an duerno e puer Stonne kal stellen, ier de Streiselkuch zerwéiert gëtt.

E Rezept vum Danièle Boullung

Bliederdeegtäschen 

Zutaten:

  • 1 Spaghetti-Kürbis
  • 1–2 Packunge Kraiderschmëlzkéis (Milkana oder Lëtzebuerger Kachkéis mat Kräider; ech hunn am léifste Milkana)
  • 2 Rulle Bliederdeeg
  • 500 g Champignonen („Kräuterseitlinge“ a wäiss Champignonen oder nëmme wäiss Champignonen)
  • 4 Eegiel (M oder L)
  • Gewierzer: Peffer, Paprika, Knuewelek, e bëssen Ingwer esouwéi eng kleng Pris Zimt, Curry, BBQ-Gewierz an Oregano
  • E bësse Sonneblummenueleg

Zoubereedung:

De Bakuewen op 200 Grad virheizen. De Spaghetti-Kürbis an der Mëtt duerchschneiden an d’Kären eraushuelen. DʼFruuchtfleesch eraushuelen, an eng aner Schossel maachen an op dʼSäit stellen.

DʼChampignone mat enger Biischt dréche botzen an a véier deelen.

An enger Pan e bësse Sonneblummenueleg erhëtzen. Wann den Ueleg waarm ass, dann d’Fruuchtfleesch vum Kürbis an dʼChampignone broden, wierzen (mat den uewe genannte Gewierzer) a gutt mëschen.

E bësse méi spéit d’Pan vun der Kachmaschinn huelen an op dʼSäit stellen.

Bakpabeier op e Bakblech leeën an déi éischt Bliederdeegrull ausrullen.

Op dës gëtt dʼKürbisfleesch-Champignons-Mëschung geluecht a schliisslech och de Kraiderschmëlzkéis.

Duerno gëtt déi zweet Bliederdeegrull iwwer déi éischt geluecht a liicht mat de Fangeren drop gedréckt.

Dann den Deeg a gläichméisseg rechteckeg Stécker schneiden. Mat engem Messer op e puer Plazen aritzen.

An enger klenger Schossel dʼEeër mixen a mat engem Pinsel op dʼDeegtäschen opdroen.

Elo de Bakblech mat den Täschen an de Bakuewe leeën an d’Täschen 20 bis 25 Minutte bake loossen.

E Rezept vum Margréitchen Losch

Ravioli mat Ricotta, Spinat an Tartufata-Crème

Zutaten:

Ravioli-Deeg

  • 100 g Weessmiel
  • 10 g „Hartweizengrieß“
  • 1 Ee
  • Salz
  • Olivenueleg

Fëllung: Ricotta a Spinat

  • 1 Schallott
  • 1 Knuewelekszéif
  • e puer jonk Spinatblieder
  • Botter
  • 250 g Ricotta
  • 1 Eegiel
  • Salz
  • Peffer
  • Muskot (optionell)

Tartufata-Crème

  • Ram (flësseg Ram)
  • Tartufata-Past (Trüffel-Past)
  • Salz
  • Peffer

Zoubereedung:

Ravioli-Deeg

  1. D’Miel an den „Hartweizengrieß“ ofweien a mëschen.
  2. D’Ee, eng Pris Salz an e bëssen Olivenueleg derbäimaachen.
  3. Zu engem glaten Nuddelsdeeg knieden.
  4. Den Deeg zu enger Kugel formen, a Frischhaltefolie wéckelen a roue loossen.

Fëllung: Ricotta a Spinat

  1. D’Schallott an de Knuewelek schielen a wäschen.
  2. D’Schallott an de Knuewelek kleng schneiden.
  3. De Spinat grëndlech wäschen.
  4. An enger Pan de Botter schmëlzen, d’Schallott an de Knuewelek derbäimaachen a liicht ubroden.
  5. De Spinat derbäimaachen, wierzen an en uschléissend eraushuelen an ofkille loossen.
  6. De Ricotta, d’Eegiel an de Spinat an enger Schossel vermëschen.

D’Raviolien hierstellen

  1. Den Nuddelsdeeg portiounsweis mat der Nuddelsmaschinn dënn ausrullen.
  2. D’Fëllung drop verdeelen an zu Raviolie formen.
  3. D’Raviolien am Salzwaasser esou laang kache loossen, bis se un d’Uewerfläch steigen.

Tartufata-Crème

  1. D’Ram an engem Dëppe liicht akache loossen.
  2. Mat Salz a Peffer wierzen.
  3. Zum Schluss d’Tartufata-Crème ënnerréieren.

De Plat presentéieren

D’Raviolie virsiichteg ofdrëpse loossen an direkt zesumme mat der Tartufata-Crème zerwéieren.

E Rezept vum Kelly Heirens

Frell am Réislek

Ewéi d’Spréchwuert seet: E Fësch schwëmmt a sengem Liewe just 3 Mol. Am Waasser, am Schmalz an am Wäin!

Vun där Iddi inspiréiert, entsteet eng lackeleg Kombinatioun vu Rieslingszooss a 4 frëschgefëschte Reebou-Frellen aus eisem klenge Ländchen.

Dir braucht (fir 4 Persounen):

  • 4 Reebou-Frellen
  • 280 Milliliter Riesling (Réislek)
  • 300 Milliliter Sauerram
  • 1 Tellerche Miel
  • 60 Gramm kale Botter
  • 1/2 Bott Péiterséileg
  • 4 Schallotten
  • 1 Zoppeläffel Kierwel
  • 1 Zoppeläffel Estragon
  • 4 Staange Bratzelen
  • 1 Läffelche Paprika
  • Salz
  • Peffer

Zoubereedung:

  1. Déi 4 Frelle botzen a mat frëschem Waasser ausschwenken. Mat engem Duch ofdréchnen. D’Frellen am Bauch gutt salzen a pefferen an 1 Mol am Miel dréien.
  2. De Botter an enger grousser Pan schmëlze loossen an d’Frellen 2 bis 3 Minutten ubake loossen.
  3. Eng feierfest Schossel mat Botter aschmieren an déi gëlle-brong ugebake Frelle virsiichteg draleeën.
  4. Déi grouss Pan weiderbenotze fir d’Schalotten (dënn Scheiwen) 2 bis 3 Minutten ze broden. Dann de Riesling bäiginn, Kierwel, Estragon, Bratzelen (kleng geschnëppelt) an de Paprika bis un d’Kache bréngen.
  5. Op méi klenger Flam d’Sauerram bäiginn an 2 bis 3 Minutte mat engem hëlzene Läffel réieren.
  6. Déi fäerdeg Zooss an d’feierfest Schossel iwwert d’Frelle schëdden. Dat Ganzt an engem virgehëtzte Schäffche bei 180 Grad fir graff 20 Minutte baken.

E Rezept vum Bob Felz

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.