Iwwer d’Zil erausgeschoss:

Bal aacht Planéiten, esou vill bräicht d’Mënschheet, wa jiddwereen op der Äerd géif esou liewe wéi mir Lëtzebuerger. Eng erschreckend Erkenntnes …
De Klimapakt an d’European Energy Awards

All lëtzebuergesch Gemeng, déi sech am Klimapakt engagéiert, gëtt vum Staat finanziell an technesch ënnerstëtzt. Mee e Klima-Label op der Startsäit vun der Internetpresenz geet do net duer.
D’Energie aus dem Internetkabel

Datt den Internet e grousse Batz Energie verbraucht an domat och zur Ëmweltverschmotzung bäidréit, dat ass nawell net jiddwerengem bewosst. Mam Projet gréngeWeb hëlt d’Ëmweltberodung Lëtzebuerg sech dëser Problematik un, och wann de Projet an éischter Linn dozou do soll si fir ze sensibiliséieren.
D’Wärmepompel, déi nei Wonnerléisung?

Iwwerall gëtt d’Wärmepompel als déi nei Wonnerléisung fir ze hëtze beschwuer. Ass d’Wärmepompel wierklech DÉI Léisung, och fir méi al an energiehongreg Haiser, oder ass dës eng Moudesaach, an et mécht ee sech nëmmen aarm mat den ëmmer méi héije Stroumkäschten?
Wat doen ech am beschten un, wann d’Heizung am Wanter erofgedréit soll ginn?

Normalerweis fille mer eis a kuscheleg opgewiermte Raim am wuelsten, wann et dobaussen ongemittlech a kal ass. Awer wa mir elo dobannen d’Heizung erofdréien, wat doe mer dann am beschten un, fir net krank ze ginn?
Décke Gas fir d’Lëtzebuerger Sprooch

De Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) ass aus eisem Alldag bal net méi ewechzedenken. E „fuschneien LOD“ steet eis zënter Juli 2022 zur Verfügung, deen den ZLS-Direkter Luc Marteling mat den Adjektiver „kamoud, sënnvoll, hëllefräich, intuitiv a méisproocheg“ beschreift.
Schaarft Iessen hëtzt a fërdert d’Verdauung

Fir op d’Kuuscht, bei e wéineg kleng geschniddent Geméis oder fir de Filmowend mat Nachos, hei fënns du e puer Rezepter fir schaarf Dippen.
De Superspuerpittichampion!

Knapps hat deen energeschen Energieminister Rob Dechambre iwwer eng Pressematdeelung annoncéiert, säi Ministère géif bannent de Grenze vun eisem Ländchen en interessante Concours ausschreiwen, wat d’Energiespueren ubelaangt, huet de Pierre (genannt Pitti) Specimänn decidéiert, datt hien dësen nationalen Challenge géif gewannen …
Henri Tudor

Scho laang virun der Hierstellung vum Waasser gouf et zu Rouspert e Mann, deen dës Uertschaft national wéi och international bekannt gemaach huet. Rieds geet hei vum Henri Tudor, deen als groussen Erfinder an Ingenieur am Beräich vun der Technologie an d’Lëtzebuerger Geschicht agaangen ass.
Den Energiepass

Nieft de gängegen Energieleeschtungsklasse vun A bis G goufen och dräi nei Klasse vun A+ bis A+++ bäigefüügt. Déi e wéineg dabozeg Klassifikatioun gouf eréischt mat enger Direktiv vum Joer 2020 zeréckgeholl an der Effizienzklass ugepasst, wat op en Neits bei de Clienten deelweis fir en Duerchernee gesuergt huet …