D’Wärmepompel, déi nei Wonnerléisung?

Iwwerall gëtt d’Wärmepompel als déi nei Wonnerléisung fir ze hëtze beschwuer. Ass d’Wärmepompel wierklech DÉI Léisung, och fir méi al an energiehongreg Haiser, oder ass dës eng Moudesaach, an et mécht ee sech nëmmen aarm mat den ëmmer méi héije Stroumkäschten?

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Dëst a villes méi hu mir den Energieberoder vum Kanton Réiden, de Marcel Barros, gefrot.

Wat sinn d’Virdeeler vun enger Wärmepompel? Si soll vill méi „effizient“ si wéi eng Masutt- oder Gasheizung, wat heescht dat?

De grousse Virdeel vun enger Wärmepompel (WP) ass deen, datt nëmmen e klengen Deel vun der Energie, déi se brauch, och tatsächlech bezuelt muss ginn. Eng WP zitt nämlech ronn 75 % vun hirer Energie aus der Ëmwelt (ass also gratis), an de Rescht (25 %) aus der Steckdous. An anere Wierder, mat 1 kWh Stroum ka se tëscht 3 a 5 kWh Hëtzes produzéieren. Bei enger Masuttsheizung ass dëst Verhältnis 1:1.

A wéi gesäit et mam Käschtepunkt aus? Wat kascht esou eng nei Wärmepompel mat der Installatioun?

De Käschtepunkt läit bei ca. 30.000 € + TVA, mee do ginn awer nach eng ganz Rei Primmen of: vum Staat, vun der Gemeng, Enoprimes a Fonds Nova Naturstroum. Dës Bäihëllefen all zesumme kënne sech op max. 20.000 € belafen (gëlteg bis Enn 2022). Dobäi kënnen déi meescht Persounen och nach déi 3 % ufroen.

Wéi vill Stroum verbraucht eng Wärmepompel – huele mir mol einfach en Haus, dat 3.000 Liter Masutt am Joer verbraucht? Wat kascht mech dat pro Joer u Stroum? Wéi gesäit et aus, wann de Stroumpräis ëm 40 % eropgeet?

Den Heizwäert, deen aus 3.000 Liter Mazout benotzbar ass, entsprécht ongeféier 7.400 kWh Stroum. Dat mécht mat den haitege Stroumpräisser ca. 1.850 €, nieft dem normale Stroumverbrauch. Wann de Stroumpräis ëm 40 % eropgeet, da ginn dat ca. 2.600 €. Mam aktuelle Masuttsverbrauch vun 1,3 €/l bezuele mir elo schonn 3.900 € fir 3.000 Liter Masutt. A wann de Stroumpräis eropgeet, wäert de Masuttspräis och warscheinlech nach iwwer déi 1,3 €/l klammen.

A soulaang de Stroum net zu 100 % aus erneierbaren Energië kënnt, ass eng Wärmepompel awer och net ganz ekologesch …

Eise Stroum besteet aus engem Mix vu verschiddenen Energiequellen: Waasserkraaft, Gas, Atom, Kuel, Wandkraaft, Biomass, Sonnenenergie. Den Undeel vun den erneierbaren Energiequellen an dësem Mix gëtt mat de Joren ëmmer méi grouss, dat heescht datt eise Stroum ëmmer méi „gréng“ gëtt (2010: 21,8 %; 2021: 56,3 %). Aus där Ursaach ass de Stroum, deen eng Wärmepompel haut verbraucht, schonn däitlech méi ekologesch, wéi wann ech mäin Haus reng mat Masutt oder Gas hëtze géif.

Wéi gesäit et mam Kaméidi aus? Ass e Sträit mat mengen Nopere mat enger WP virprogramméiert?

De Schallpeegel vun enger WP gëtt scho säit laangem streng iwwerwaacht, eebe fir d’Noperen net domat ze belästegen an d’Akzeptanz ze garantéieren. D’Chambre des Métiers muss eng Receptioun vun der WP maachen a kontrolléiert dee Moment och de Schallpeegel.

Ass d’Wärmepompel och wierklech déi grouss Léisung, fir méi eeler Haiser, déi weder energeetesch sanéiert goufen nach Foussbuedemheizung hunn? Kréien ech mäin Haus iwwerhaapt waarm genuch am Wanter mat enger Wärmepompel?

Dat ass déi grouss Fro, déi een net pauschal beäntwere kann. Am Fall vu schlecht isoléierten Haiser roden ech an enger éischter Phas, déi besteeënd Masuttsheizung a Betrib ze loossen. Déi bilt da mat der WP en „Hybridsystem“, bei deem d’Stäerkte vu béide Systemer optimal genotzt ginn. Fir d’Subsidë vun enger WP an dësem Fall ze kréien, hutt Dir 5 Joer Zäit, fir Äert Haus energeetesch ze verbesseren (Isolatioun vum Daach, vum Kellerplaffong a vun de Baussemaueren, nei Fënsteren). Soubal Dir d’WP hutt, spuert Dir awer schonn 2/3 vum Masutt an. No den Aarbechte gëtt da berechent, ob d’WP et eleng packt, fir Äert Haus waarm ze kréien. Dëst ass normalerweis dann de Fall.

Dat heescht, ech muss mäin Haus net komplett energeetesch sanéiert hunn, iert ech eng Wärmepompel installéieren? Ech kann d’Sanéierung och zu engen spéideren Zäitpunkt ugoen?

Jo, genau. D’WP kann zimmlech direkt agebaut ginn, an da kann – falls néideg – an enger 2. Phas déi thermesch Hüll vum Haus verbessert ginn.

A wéi wier et, wann ech mäin eegene Stroum produzéiere géing, fir d’Wärmepompel ze bedreiwen?

Dat geet, awer nëmme bedéngt, d. h. datt ech mat enger Photovoltaikanlag ca. 1/3 vum eegene Solarstroum benotze kann. De Rescht vum Stroum muss ech awer nach akafen. Déi nei WPe sinn hautdesdaagsSmart grid ready“, d. h. datt d’WP de Stroum vu menger Solaranlag ganz geziilt dee Moment notzt, wann e produzéiert gëtt. Nuets leeft d’WP dann esou wéineg wéi méiglech, well de Stroum da muss am Netz akaf ginn.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.