superspuerpitti

Knapps hat deen energeschen Energieminister Rob Dechambre iwwer eng Pressematdeelung annoncéiert, säi Ministère géif bannent de Grenze vun eisem Ländchen en interessante Concours ausschreiwen, wat d’Energiespueren ubelaangt, huet de Pierre (genannt Pitti) Specimänn decidéiert, datt hien dësen nationalen Challenge géif gewannen. Gutt Iddien heizou sinn nämlech scho jorelaang duerch säi Kapp gegeeschtert wéi en ugedronkent Rapsfeld an engem Stuerm, mat oder ouni Bastille.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Deen éischte Wee huet hien dunn op www.guichet.lu gedriwwen, wou hien eng Demande gemaach huet, fir säin Numm ze änneren. Als frëschgebakene Gaston Watgen huet hien alles an d’Weeër geleet, fir an all erdenklecher Form Energie ze spueren. Sou huet hien all senge Bekannte matgedeelt, wéi hien elo heescht, an huet si zur gläicher Zäit opgefuerdert, hie mam Virnumm just Ton ze ruffen, well domat direkt e puer Kubikmeter Gas kënne gespuert ginn. An enger zweeter Phas huet hien du proposéiert, fir säi Familljennumm och ofzekierzen op just nach Gen, déi gespuerte Watt spiert een och direkt gutt am Beidel.

superspuerpitti

Als nächste Schrëtt huet den Ton sech als gutt Beispill en déifgeluechten Hond zougeluecht, ee sougenannte Gaspräisdackel, deem säin cW-Wäert (also de Loftwidderstand) bedeitend méi niddereg ass wéi bei engem flappegen Neufundländer oder Däitsche Schéiferhond, deen net zu Onrecht och Energiepreiss genannt gëtt, well et vill Energie kascht, fir hie vun engem säftege Bifdeck ewechzezéien. Nodeem all déi aner Muppenzorte wéinst Energieverschwendung vun der Regierung verbuede gi waren, huet des Gen-Manipulatioun vun der Hondswelt der Allgemengheet vill bruecht, well se mat hire Gaspräisdackele vill méi spadséiere gaang ass. Gläichzäiteg kruten esouwuel déi Dackele wéi och hir Meeschteren neiaarteg Stiwwele verschriwwen, bei deenen en Dynamo an der Suel agebaut ass, deen d’Lithium-Batterien am Tallong bei nëmmen 3 Kilometer Spadséierstreck esou wäit opgelueden huet, datt eng iwwer USB3 drun ugeschlossen elektresch Kachplack e Liter Waasser un d’Kache bréngt. Dat nennt een dann eng Wattwanderung.

Energie spueren, fir der och dat nächst Joer nach ze hunn? Den Ton huet fréier an engem Viruert vun der Stad Lëtzebuerg gewunnt, zu enger Zäit, wou et am Wanter esou batterkal war, datt de Gas an de Leitunge gefruer ass. Op wäertvoll Ureegung vum Ton sinn dunn déi Réier opgemurkst ginn, fir déi Staange Gas do erauszekréien; allerdéngs ware se ze laang, fir an den Tifküler ze leeën, als wäertvoll Reserv u fossille Brennstoffer fir deen nächste Wanter. Dofir hunn dës Staangen da missen a méi handlech Stécker gebrach ginn, an dat war den Job vun de Gasbrécher, net nëmmen déi an de Wisen …

Och a sengem Auto huet den Ton eng ganz Partie Verbesserungen agebaut, sou zum Beispill huet hien dem Apple-Carplay-Guru Siri och Lëtzebuergesch bäibruecht (Vache gliwt?) a spuert esou all déi Energie, fir alles op Däitsch, Franséisch oder Neigriichesch mussen ze iwwersetzen, ier den Auto him follegt. No enger digitaler Steenzäit, wou den Äschebecher ëmmer struppevoll war an doduerch de Bannentapis ëmmer grometalliséiert ausgesinn huet, spuert een an enger sënnvoll applizéierter Energiespuer-Neizäit vill Stëbssucklerstroum, wann een dat sënnloost Gebraddels vun de Frëschloftdüse mat deem impertinente Getéins vum Dräistufegebléis kombinéiert an esou eng zousätzlech Energiequell fir d’Fiddere vun der Sëtzheizung huet, wat wëlls de méi?

Weider wäertvoll Iddie sinn natierlech och nach, datt een, amplaz ze bueden oder ze duschen, einfach e Liter gliddegt Waasser (zum Beispill dat vun der Wattwanderung) drénkt an doduerch esou an d’Schweesse kënnt, datt de ganze Knascht vun engem ofgewäsch gëtt. Wa mir dës salzeg Britt dann opfänken, an der Sonn ausdréchne loossen an derno a Polverform mat engem Pond Tue-herbe vermëschen, dann hu mir en excellenten Energie- a Salzliwwerant, fir op d’Wiss ze streeën, op déi Gaasperecher oder op eng aner.

Mat all dëse sënnvollen Energiespuermesuren, déi den Ton Gen dem Energieminister Rob Dechambre virgeschloen huet, ass et ganz kloer, datt hien och deen ufangs ernimmte Präis gewonnen huet. Hien däerf sech als Energiespuer-Champion elo iwwer e groussen Tank voll Mazout freeën!

En Artikel vum Sully Prud’homme

superspuerpitti

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.