Henri Tudor

Scho laang virun der Hierstellung vum Waasser gouf et zu Rouspert e Mann, deen dës Uertschaft national wéi och international bekannt gemaach huet. Rieds geet hei vum Henri Tudor, deen als groussen Erfinder an Ingenieur am Beräich vun der Technologie an d’Lëtzebuerger Geschicht agaangen ass.
Den Energiepass

Nieft de gängegen Energieleeschtungsklasse vun A bis G goufen och dräi nei Klasse vun A+ bis A+++ bäigefüügt. Déi e wéineg dabozeg Klassifikatioun gouf eréischt mat enger Direktiv vum Joer 2020 zeréckgeholl an der Effizienzklass ugepasst, wat op en Neits bei de Clienten deelweis fir en Duerchernee gesuergt huet …
Energiesubsiden an Hëllefe fir déi energeetesch Transitioun

Spéitstens säit der Energiekris sinn esou muencherengem Bezeechnungen ewéi „Solarthermie“, „Fotovoltaik“ oder „Pufferspäicher“ e Begrëff. D’Leit denken driwwer no, hiert Haus energeetesch ze sanéieren. Kréien ech do Subsiden? A wat maachen ech dann elo am beschten? Wie ka mir hëllefen a mech beroden?
Vum Frittendëppen an de Bensinnstank

An engem Pilotprojet fiert deen éischte mat engem 100%eg duerch „Biokraftstoff“ bedriwwene Camion vum LuxAirport op de Flughafe Paräis-Roissy Charles de Gaulle. Och Privatpersounen kënnen deen tanken. Den Nodeel ass awer, datt e méi deier ass an datt et just wéineg Tankstelle ginn, déi en ubidden.
Stroum aus der Groussregioun

Am Joer 2021 huet 82 % vum Stroum, deen zu Lëtzebuerg néideg ass, missen importéiert ginn. De selwerproduzéierte Stroum gouf erëm zu 82 % aus erneierbaren Energië gewonnen. Et sollt also méi gemaach ginn. Net nëmmen, fir dem Klimawandel entgéintzewierken, mee och fir manner ofhängeg vun importéierter Energie ze ginn.