Et war emol …
Fréier gouf et vill traditionell Handwierker. E puer dovun, ewéi zum Beispill den Imker, de Schneider, de Schlässer oder den Auermécher existéieren nach haut. Verschiddener si mam Ufank vun der Industrialiséierung verschwonnen, sinn awer nach weiderhin am kollektive Bewosstsinn verankert. Dräi dovu wëlle mir Iech hei virstellen! Den Dëppegéisser An der éischter Hallschent vum 20. […]
Aus den Hänn vu Meeschteren
De Mains De Maîtres Luxembourg ass op Initiativ vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel, dem Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie, entstan. Ursprénglech war d’Iddi vun dëser Ausstellung, déi am November 2016 am frësch renovéierten 19Liberté, dem alen Arbedsgebai op der Stater Gare, ageweit ginn ass, d’Lëtzebuerger Konschthandwierker an hir Aarbechten ze katalogiséieren an hinnen eng Bün […]
Qualitéit sur mesure, wéi s de se net vun der Staang kriss
Méi séier, méi bëlleg – dat ass an eiser Gesellschaft haut oft de Motto. Eng Schaffweis, déi awer kaum kompatibel ass mam Rhythmus vum Handwierk, dat op Handaarbecht an Eenzelstécker, déi net jiddwereen huet, setzt. Ma wie keeft dann och bei Schräiner, Schouster oder Schneiderin an, wann een am Buttek niewendrun alles fir den hallwe […]
Wou fannen ech dann elo en Handwierker?
Just eng kleng Reparatur oder awer e gréissere Schantjen. Ass emol eppes um Haus futti oder muss eppes ersat ginn, oder erfëllt ee sech gär en Dram. Eng futtis Bier am Lüster kréien déi meescht vun eis selwer gefléckt, mee de ganze Gaart amenagéieren, eng Viischt Dier ersetzen, d’Fassad nei usträichen oder direkt e ganzt […]
Zwou Institutiounen am Déngscht vum Handwierk
D’Chambre des Métiers an d’Fédération des Artisans sinn déi zwou Organisatiounen, déi sech fir d’Handwierk zu Lëtzebuerg engagéieren. Jiddwereen huet seng eege Missiounen, se hunn awer alle béid e gemeinsaamt Zil: d’Interesse vun hire Memberen a vum Handwierkssecteur ze verteidegen. Dësen ass an éischter Linn dee gréissten Employeur a gläichzäiteg dee gréissten Ausbildungssecteur. An der […]
De Kuuschtesak, fréier an haut!
Fréier hunn d’Fraen hire Männer e Kuuschtesak fir mat op d’Aarbecht agepaakt. Deemools hunn d’Männer och méi schwéier oder och op Schicht geschafft an d’Iessen huet misse bäihalen. Kuuschte si jo eigentlech Schmieren, an esou huet d’Fra dem Mann dann och dacks Schmiere gemaach. Et goufen zum Beispill Gebeesse-Schmieren oder opgekachtene Kachkéis oder Béckerlek a […]