American Saint Nick

Hutt Dir scho vun der Geschicht vum amerikanesche Kleeschen héieren? Nee? Ma da stréckt Iech un, well Dir gitt elo mat op eng Zäitrees geholl, déi Iech an d’Joer 1944 zeréckféiert.

Mam Zelt op der Kräizung

Et ginn net nëmmen hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi Leit, déi op der Strooss liewen. Dat selwecht Bild gesi mir och an eisen Nopeschlänner Däitschland, Frankräich an an der Belsch.

Curling zu Lëtzebuerg

Curling zu Lëtzebuerg? Jo, dat gëtt et! An den Hierscht- a Wanterméint treffe sech am Curling Club Lëtzebuerg zweemol d‘Woch d‘Frënn vun dësem Sport. Am Prinzip ass et en einfacht Spill. Mee d‘Subtilitéit läit am Detail! Dat flottst ass: Jidderee kann ufänken a Spaass hunn.

Firwat huet de Boxemännche keng Jupe un?

Nuets an enger klenger Bäckerei: ee Boxemännche läit zefridden um Bakblech mat senge Kolleegen, et ass gutt waarm an der Bakes. Hie killt do gemittlech of. Eng Geschicht aus dem Liewe vun engem Boxemännchen.

Luxlait, e lëtzebuergesche Betrib

Luxlait steet fir Mëllechprodukter aus Lëtzebuerg, mee wien oder wat ass „Luxlait“ eigentlech? E Reportage iwwert d‘Luxlait an hir speziell Produite fir d‘Wanterzäit.

Chrëschtdag ouni Daach iwwert dem Kapp

Chrëschtdag huet fir d’Leit verschidde Bedeitungen: e grousst Fest, vill Iessen, de Glawen … Mee et ginn och ganz vill Leit hei zu Lëtzebuerg, déi Chrëschtdag dobaussen op der Strooss sëtzen, ouni Daach iwwer dem Kapp.

8 Grënn

Et kléngt bal ze schéi fir wouer ze sinn, mä ee Glas waarmt Waasser mat Zitroun op den eidele Mo all Moien, ka Wonner fir dech an däi Kierper bewierken. Et fillt ee sech net nëmme wuel, mä et stäerkt och däin Immunsystem an hëlleft dir moies besser an d’Gäng ze kommen.

Jang Linster – Linster Studios

De Jang Linster ass bekannt duerch seng Musek- a Videoproduktiounen an der Lëtzebuerger Sprooch. Wéi ee Lëtzebuerger huet sech net, entweder a senger eegener Kandheet oder iwwert seng Kanner oder Enkelkanner, vun senge bekannten Toungeschichten inspiréiere gelooss?

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.