Hutt Dir scho vun der Geschicht vum amerikanesche Kleeschen héieren? Nee? Ma da stréckt Iech un, well Dir gitt elo mat op eng Zäitrees geholl, déi Iech an d’Joer 1944 zeréckféiert.

Am Dezember 1944 hunn d’Amerikaner dat lëtzebuergescht Duerf Wooltz vun den Nazie befreit. D‘Awunner an d‘Zaldote ware schonn erliichtert, dass de Krich geschwënn eriwwer wier. Leider awer net fréi genuch: fir déi 28. Infanteries­divisioun huet dat bedeit, dass se Chrëschtdag net doheem bei hirer Famill kéinte feieren, a fir d‘Awunner huet et dono ausgesinn, wéi wann d’Kanner no fënnef Joer Krich nach e weidert Joer keen Niklosdag kéinte feieren – e weidert Joer ouni Séissegkeeten, Spillsaachen a Kaddoen.

Wéi den Ënneroffizéier Harry Stutz vun der Traditioun vun Niklosdag héieren huet, war fir hien direkt kloer, dass do eppes misst gemaach ginn. Hien huet weider Zaldoten zesummegeruff an eng Chrëschtdagsfeier fir all d’Kanner vu Wooltz organiséiert. Et sollt eng speziell Feier ginn, mat engem Besuch vum Kleeschen. Ee vun den Zaldoten, de Richard Brookins, huet sech bereet erkläert, fir fir een Dag d’Roll vum Kleeschen ze iwwerhuelen. Eng Roll, déi säi Liewen net direkt, mee schlussendlech immens verännert a gepräägt huet. De Richard Brookins krut dem Paschtouer säi Gewand vun e puer Schwësteren iwwerreecht a konnt sech esou als Kleesche verkleeden. Begleet vun zwee lëtzebuergeschen Engelcher ass hien dunn an engem amerikaneschen Jeep duerch d’Stroosse vu Wooltz gefuer an huet Kamellen, Knätsch a Schockela un d’Kanner verdeelt. Dono ass et weider op d’Weeltzer Schlass gaangen, wou se fir all d‘Kanner eng Chrëschtdagsfeier organiséiert haten. Et war e wonnerschéinen Dag fir all d’Awunner vu Wooltz a fir déi amerikanesch Zaldoten.

Zu dësem Zäitpunkt wosst allerdéngs nach keen, dass déi batterst Episod vum Krich nach sollt op se duerkommmen: d’Ardennenoffensiv.

Zéng Deeg no dëser schéiner Chrëschtdagsfeier goufe Wooltz an déi 28. Infanteriesdivisioun vun däitschen Zaldoten iwwerrannt. An den nächste Woche gouf bal ganz Wooltz beschiedegt an deelweis komplett zerstéiert. Tragescherweis gouf et Doudeger, dorënner och Kanner. D’Freed vun Niklosdag war verschwonnen, mee ass den Awunner ëmmer an Erënnerung bliwwen.

Nom Krich gouf Wooltz nees opgebaut an d’Generositéit vun den amerikaneschen Zaldote gouf ni vergiess. Vun deem Moment un ass an der Éier vun dësen Zaldoten eng nei Traditioun zu Wooltz entstanen: et gouf sech net méi als Kleesche verkleet, mee als amerikanesche Kleeschen, deen an enger Jeep duerch d’Stroosse fiert. Dëser Traditioun ginn déi Weeltzer Awunner mëttlerweil schonn iwwer siwwenzeg Joer no.

Eréischt 1977 koum de Richard Brookins, den originalen amerikanesche Kleeschen, nees zeréck op Lëtzebuerg, fir nach eng Kéier seng Roll unzehuelen. Dono koum hien nach weider siwe Kéieren zeréck op Wooltz, fir Niklosdag ze feieren. Déi leschte Kéier war am Joer 2014. Hien huet altersbedéngt zwar net méi d’Roll vum Kleeschen iwwerholl, mä ass ganz traditionell nach mam Jeep duerch d’Stroosse vu Wooltz gefuer.

Wann Dir méi Detailer iwwert dës schéin a wouer Geschicht wëllt wëssen, kënnt Dir Iech den Documentaire, deen eng Stonn dauert, op der Säit www.wwiifoundation.org kafen. Déi Leit, déi sech léiwer a Buchform weider wëllen informéieren, kënne sech d’Buch „The American St. Nick” vum Peter Lion uschafen, dat een entweder op Englesch oder op Lëtzebuergesch ze kafe kritt.

en Artikel vum Catherine Millim

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.