e lëtzebuergesche Betrib

E Reportage iwwert d‘Luxlait an hir speziell Produite fir d‘Wanterzäit

Luxlait steet fir Mëllechprodukter aus Lëtzebuerg, mee wien oder wat ass „Luxlait“ eigentlech?

Luxlait ass déi gréisste Mëllech­produktiounsgenossenschaft, déi mir hei zu Lëtzebuerg hunn. Luxlait ass mat engem Ëmsaz vu ronn 90 Milliounen Euro an iwwer 300 Mataarbechter eng vun den Topfirmen zu Lëtzebuerg. Si proposéieren iech haut eng Gamm vu 300 Produiten. Mëllech, Kachkéis, Jughurt, Ram a villes méi fënnt een a ville Varianten an all Liewensmëttelgeschäft zu Lëtzebuerg an och iwwer d‘Grenzen eraus. Mat der Zertifikatioun „Halal“ fir verschidde vun hire Produiten huet sech d‘Luxlait och den noen Osten als Exportland geséchert. Esou liwwere si haut schonns an de Katar oder an d‘Tierkei. Aktuell gi 60% vun de Produiten an d‘Ausland exportéiert, dat meescht bei eis belsch a franséisch Noperen.

Ganzer zwee Food Awards huet d‘Luxlait dëst Joer um Food Summit, am Numm vum Landwirtschaftsminister Fernand Etgen, iwwerreecht krut: de Supply Chain Award sou wéi och de Best Food Experience.

Historik

An der eemoleger Villa Simons um Boulevard d‘Avranches op der Stater Gare huet alles ugefaang. 1894 gouf offiziell d‘Gesellschaft mam Numm „Central-Molkerei“ gegrënnt, déi sech am Verlaf vun der Zäit zu enger Aktiegesellschaft, der „Zentralmolkerei“ entwéckelt huet. Während dem Zweete Weltkrich gouf déi lëtzebuergesch Mëllechproduktioun vum Staat iwwerholl an eis Zentralmolkerei huet e staarken Opschwong erlieft. Just e Beispill: déi deeglech geliwwert Mëllechquantitéit ass vun 8.000 op 40.000 Liter geklomm. Dat entsprécht enger Hausse vun 500%!

D‘Period nom Krich hat fir déi lëtzebuergesch Molkereien schro Auswierkungen. Bannen just zwielef Joer ass d‘Unzuel vun de Molkereie vun 150 am Joer 1948 op fënnef Stéck zeréckgaangen. Säit 1946 ass d‘Luxlait eng Agrargenossenschaft ginn an ass net méi a staatlecher Hand. Den 2. Oktober 1978 sinn déi dräi lescht Molkereigenosschenschafte Celula, Laduno a Luxlait fusionéiert an nennen sech säitdeem „LUXLAIT association agricole“, mat Sëtz zu Märel. 2009 ass de Sëtz vu Luxlait dunn op de Rouscht bei Miersch verluecht ginn. 2010 huet Luxlait erëm e neie Wee ageschloen an huet d‘Erliefniswelt „Vitarium“ um Rouscht opgemaach. Hei kann een op 45 interaktive Statiounen alles ronderëm d‘Mëllech an d‘Mëllechproduiten entdecken.

Déi wanterspezifesch Produiten

Passend zu där wäisser Joreszäit bitt d’Luxlait ugepasste Produiten un. Dorënner fält hir Kategorie Wanterjughurten, wou een op onerwaart a raffinéiert Goûten stéisst. Verbannt dir zum Beispill Kéistaart mat Mandarinn, „Apfelstrudel“ oder Spekulatius mat Jughurt? Nee? Da lount et sech emol, mat der Luxlait op eng kulinaresch Entdeckungsrees ze goen. A wie kennt net der Luxlait hiren Egg Nog, deen ursprénglech aus England staamt an och an Nordamerika traditionell fir d‘Chrëschtzäit gedronk gëtt. Egg Nog besteet aus Ee, Zocker, Mëllech an Alkohol, woubäi den Alkohol bei der Luxlait duerch Rum-Aroma ersat gouf, fir och jonke Leit eng Méiglechkeet ze bidden, dëse leckere Produit ze genéissen.

De Konterbont wënscht dësem flotte lëtzebuergesche Betrib och weiderhin vill Erfolleg.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.