Jang Linster – Linster Studios

De Jang Linster ass de 17. Dezember 1952 gebuer, ass bestuet an huet zwee Kanner. Bekannt ass hien duerch seng Musek- a Videoproduktiounen an der Lëtzebuerger Sprooch. Wéi ee Lëtzebuerger huet sech net, entweder a senger eegener Kandheet oder iwwert seng Kanner oder Enkelkanner, vun de bekannten Toungeschichten, ewéi de „Metti Spaghetti” oder „Dem Maulef seng nei Box”, oder den Zeechentrickfilmer, ewéi „De klenge Jangli“ oder och nach „de Kleesche mat der Mutz”, begeeschtere gelooss?

Um Enn vun den 80er gouf de Jang Linster richteg berüümt mat sengen éischte Produktioune mam Fausti. Säitdeem bréngt hie reegelméisseg Placke fir d’Fuesent a fir Chrëschtdag eraus.

Säin eegenen Tounstudio fënnt een zu Fréiseng, an deem, nieft sengen eegenen, och Produktioune vun anere Kënschtler a Gruppe wéi och Reklamme fir de Radio opgeholl ginn.

1. Här Linster, wéi sidd Dir op d‘Iddi komm, mat Linster Studios respektiv Jangli Film, Kanner-Produktiounen ze maachen?

Mäin éischte Schrëtt an dësem Business war eigentlech d’Grënnung vun den Challengers, mat deenen ech Danzmusek op Baler gespillt hunn. Meng éischt eege Produktioun war dunn awer effektiv eng Kanner-Produktioun, déi „Gieler” oder och nach „grouss Kannerplack” genannt, déi ech mam John Arend zesummen opgeholl hunn. D‘Initiativ koum vum John a well ech en Tounbandgerät an eng Band hat, sot ech „Majo, da maache mer dat“. Wärend dem Keelespillen hu mir dat dunn opgeholl. Dës Plack gëtt et och nach haut, 35 Joer méi spéit, an se verkeeft sech ëmmer nach!

Doropshin hunn ech mäin eegene Studio opgemaach an déi éischt Produktioune sinn zustane komm, ënner anerem mam Jean Roth „Lëtzebuergesch Lidder” an och déi éischt Placke mam Fausti. Ech hat meng Passioun fonnt: eege Produktiounen ze kreéieren. Ech hunn dunn och bei den Challengers opgehalen.


Ech hu mech ëmmer als Entertainer gesinn, an dat war meng Aart a Weis, mech auszedrécken an d‘Leit glécklech ze maachen.

2. A firwat sidd Dir der lëtzebuergescher Sprooch verbonne bliwwen?

Lëtzebuergesch ass meng Mammesprooch an doduerch fält et mir einfach, Gefiller an där Sprooch eriwwerzebréngen. Wann ech als Lëtzebuerger e lëtzebuergescht Lidd héieren, empfannen ech eppes dobäi. Ausserdeem ass de lëtzebuergesche Marché eppes, wat ech kennen, wou ech net ewéi am Ausland ee vun dausend sinn. Ech kennen hei och vill Leit a weess, wéi ech wat muss maachen. Dofir op Lëtzebuergesch.

3. Wat war fir Iech perséinlech déi erfollegräichste Produktioun?

Wourop ech am houfregste sinn? Do gehéiere vill verschidde Produktiounen dozou. Sech op eng eenzeg festzeleeë geet net: „De Kleesche mat der Mutz“, wat meng éischt Videoproduktioun war, déi ech vertount an och mat Musek hannerluecht hunn, d‘Produktioune mam Fausti, wéi „Zwou Bulle Mokka“ an „de Kréckel Néckel“ hunn ech ëmmer nach am Kapp oder och nach d‘Monica, wat haut kee klengt Meedche méi ass, mee eng Madamm, déi vill Lëtzebuerger aus dem Fernsee kennen.

Ech si stolz drop, dass ech ëmmer kompromësslos war an alles ginn hunn, fir dass dat alles Succèse gi sinn.

4. Wéi laang schafft Dir un esou enger Produktioun?

Ech géing elo soen, graff gerechent, wann een nëmmen doru schafft, dauert et ee Mount. Ech brauch eng Woch, fir Adaptatiounen ze maachen, zwou Wochen, fir et opzehuelen, an eng Woch, fir et ofzeschléissen. Natierlech probéiert een och mol déi eng oder aner Saach aus, wat natierlech och net duerf vergiess ginn.

Freier, wou d‘Technik nach net esou fortschrëttlech wéi haut war, huet dat méi Zäit kascht. Um „Kleeschen mat der Mutz“ zum Beispill souze mir zwee bis dräi Méint.

5. Wéi gesäit déi finanziell Situatioun vu Linster Studios a Jangli-Film aus?

Du stees moies fréi op a muss vill dofir schaffen. Ech hunn ëmmer alles selwer finanzéiert, wat schwéier ass, wann ee bedenkt, dass mäi Produit net méi deier ginn ass, mee vill aner Fraisen, wéi zum Beispill den Transport, ëmmer erëm klammen. Do mécht et schonns eppes aus, wann éieren d‘TVA vu fofzéng op siwwenzéng Prozent eropgeet. Fréier konnt ech mir et leeschten, dräi Méint un enger Produktioun ze schaffen, haut bass de no engem Mount ruinéiert, wann se net fäerdeg ass.

6. Krut Dir schonn (Film-)Präisser?

Nee, leider hunn ech nach vu kenger Instanz hei zu Lëtzebuerg e Präis krut. Mee ech mengen dee schéinste Präis ass, dass ganz vill Lëtzebuerger meng Produktioune kennen. Viru Kuerzem hunn ech allerdéngs bei engem Concours vum 100,7 matgemaach. Vläicht gewannen ech do jo dann e Präis. Dat wier dach flott zum Ofschloss vu menger Karriär.

7. Wou Dir mat Linster Studios respektiv Jangli Film ugefaangen hutt, sidd Dir do éischter ënnerstëtzt ginn oder éischter net?

Ech si frou, dass mäi Papp fir mech deemools bei der Bank ënnerschriwwen huet, fir dass ech starte konnt. A stolz drop, dass ech et gepackt hunn, awer alles selwer zeréckzebezuelen. Déi Zäit krut ech kee Frang geléint, fir mer en Tounbandgerät ze kafen, en Auto hätten d’Banke mir allerdéngs finanzéiert. Nee, ech kann net behaapten, dass ech finanziell ënnerstëtzt gouf, mee ech krut et awer iergendwéi hin.

8. Bannen de leschten 30 Joer huet d‘Technik sech vill entwéckelt. A wéi wäit hat dëst en Impakt fir Iech?

Selbstverständlech bitt déi rasant Entwécklung vun der Technik och eis ëmmer nei Méiglechkeeten. Allerdéngs hunn ech och vill Geld an d‘Technik gestach, déi haut kee Wäert méi huet. Ech hunn et awer ni fäerdeg bruecht, mech och just vun engem eenzegen Apparat ze trennen. Fir mech huet dat alles e Wäert, et ass ebe mäi Liewen. Flott ass d’Entwécklung awer schonn. Sou konnt ech viru Kuerzem mat engem relativ klengen Apparat d‘Hochzäit vu mengem Meedchen ophuelen. Fréier hätt déi Maschinn d‘Gréisst vun engem Camion ageholl.

9. Wei gesäit et haut bei Linster Studios /Jangli Film aus? Schafft Dir un neie Produktiounen?

Linster Studios ass op dräi Persounen opgedeelt, déi jeeweileg een Drëttel halen, de Christophe Strotz, de Werner Pensaert an ech. Bei Jangli Film sinn ech de Moment nach eleng. Et gi permanent nei Projeten, un deenen ech schaffen, zum Beispill hunn ech fir eng nei Soap um RTL „Zëmmer ze verlounen“ Dialoge geschriwwen. Och hu mir e puer Filmer mat lëtzebuergeschem a franséischem Ënnertitel erausbruecht, fir dass Elteren, déi frankophone sinn, verstinn, wat hir Kanner kucken, ganz nom Motto „améliorer votre luxembourgeois en vous amusant avec vos enfants“.

10. Mécht Iech Är Aarbecht ëmmer nach Spaass?

Jo! Et mécht mir Spaass a bréngt mir Freed. Ech muss soen, ech hu vill Saachen ausprobéiert, hu mech fir Architektur intresséiert, hu mech esouguer un de Sport ginn (deen ech a leschter Zäit allerdéngs zimmlech vernoléissegen), mee näischt bereet mir esou vill Satisfaktioun ewéi meng Aarbecht. Esouguer an der Vakanz kann ech net richteg ofschalten. Ech konnt mir glécklecherweis meng Iddien, déi ech realiséiere wollt, ëmmer leeschten. Dat ass et, wat mir ebe Spaass mécht, a wann aner Leit Spaass hu mat deem, wat aus menger Aarbecht entsteet, esou ass dat dach eng super Bestätegung fir mech.

11. Enn des Joers fänkt fir Iech en neit Kapitel an Ärem Liewen un, Dir gitt an d‘Pensioun. Wäert Iech d‘Aarbecht hei am Studio net feelen?

Jo, d‘Pensioun steet virun der Dier, mee dat hält mech vum Schaffen awer net of! Sou kann ech mech méi op d‘Schreiwe konzentréieren an ech sinn och rezent Bopi ginn, wat natierlech flott ass. Also ophale mat schaffe maachen ech an där Form also net.

Villmools Merci un den Här Linster fir dëse flotten Interview a vill Erfolleg och weiderhi wënscht de Konterbont!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.