E coole Sport fir Kierper a Geescht

Curling zu Lëtzebuerg? Jo, dat gëtt et! An den Hierscht- a Wanterméint treffe sech am Curling Club Lëtzebuerg zweemol d‘Woch d‘Frënn vun dësem Sport, deen a ville Länner Fannen huet. Curling bedeit Beweegung, Kierperbeherrschung, Konzentratioun, Strategie an e grousse Koup Furri!

Op d‘Knéien! Nee, léiwer net! De Buedem ass kal, d‘Äis ass glat. Elo geet et drëm, d‘Gläichgewiicht ze halen. Also. D‘Féiss op d‘Start-Stäip. D‘riets Hand un d‘Hänk vun deem 20 Kilo schwéiere Curling-Steen aus Granit leeën. An der lénkser Hand de „Biesem“, mat deem d‘Äis gewëscht gëtt. Dëse Biesem brauch een och, fir d‘Gläichgewiicht ze halen, well d‘Suel vum lénkse Schong ass aus Teflon an domat extrem glat, fir kënnen iwwer d‘Äis ze glëtschen. Elo mat där rietser Hand Gewiicht op d‘Hänk vum Stee leeën, den Hënneschten an d‘Luucht, de Réck riicht. An elo mat der Kraaft vun de Been no vir. Gläichzäiteg op de Stee stäipen, dësen no vir drécken, en dann och nach e wéineg no riets dréien, d‘Gläichgewiicht halen, de Biesem koordinéieren – HËLLEF! Awer op d‘Knéie gefall an iwwer d‘Äis gerëtscht! Dat Ganzt ass net esou einfach ewéi et ausgesäit! An dobäi gesäit et bei deenen aneren esou einfach aus!

Net vill Lëtzebuerger wëssen, datt et am Land och eng Curling-Mannschaft gëtt

Ech hu mech selwer versicht op der Curling­bunn op der Kockelscheier. D‘Membere vum Club tréischten, laachen an encouragéieren: „Dat geet um Ufank jidderengem esou!“ Si sinn eng häerzlech an ageschwuere Gemeinschaft – dat mierkt de Visiteur direkt!

Op der Plaz benotzt de Veräin an den Hierscht- a Wanterméint all Méindeg- a Mëttwochowend eng extra fir si ugeluechte Bunn, déi et säit dem Bestoe vun der Äishal an de 70er Jore gëtt. „Net vill Lëtzebuerger wëssen, datt et am Land och eng Curling-Mannschaft gëtt“, seet d‘Karen Waters, Presidentin vum 26 Mann staarke Curling Club. D‘Karen staamt aus engem Land, an deem de Curling Sport immens beléift ass: Kanada. Awer eréischt zu Lëtzebuerg huet déi haut 56-järeg Spillerin de Sport kennen a schätze geléiert. Eng schottesch Kolleegin huet si an de 90er Joren dozou beweegt, beim Curling matzemaachen. No enger familljebedéngter Paus ass d‘Karen Feier a Flam fir de Sport a war och schonn op internationale Concourse vertrueden.

Curling vereent villes: Et muss een duerchaus sportlech sinn, eng gutt Kierperbeherrschung hunn, d‘Gläichgewiicht hale kënnen a flexibel sinn, strategesch denken, en Teamplayer sinn! Net fir näischt gëtt de Curling och als „Schach op Äis“ bezeechent. Och Elementer vu Petanque a Billard fënnt een am Sport erëm. Op där 44,5 Meter laanger Bunn gëllt et, déi eege Steng mat geziiltem Drécken engersäits, a mat geziiltem Wëschen anerersäits an den Zilkrees ze beweegen. Ee Spiller vun der Equipe dréckt de Curling-Stee mat ganzem Kierperasaz no vir, en zweete Spiller leeft virdrun a schruppt mat engem Biesem do, wou d‘Äis entdeet, fir doduerch eng méi rëtscheg Bunn fir de Curling-Steen fräizeschruppen, en drëtte steet am Krees, dem „Haus“, an dirigéiert d‘Team, wat amgaang ass ze schruppen.

Déi géigneresch Ekipp probéiert natierlech dat selwecht a kann dat och erreechen, andeem si de géigneresche Curling-Stee mat hirem eegenen aus dem „Haus“ erausstoussen.

Während engem Spillabschnitt, genannt „End“, léisst all Spiller zwee Steng iwwer d‘Äis a Richtung vum Haus rëtschen. Béid Ekippe wiessele sech mat hire Spillzich of. Dee Spiller, deen de Stee spillt, muss déi richteg Doséierung aus Vitess, Dréi-Impuls vum Steen a genauem Zile fannen. Esoubal all d‘Steng an engem End gespillt sinn, gëtt d‘Resultat festgehalen. Dono gëtt an déi aner Richtung vum Haus weidergespillt. Primäert Zil vum Spill ass, méiglechst vill vun den eegenen aacht Steng méi no un den Zentrum vum Haus ze bréngen ewéi dem Géigner säi beschtplatzéierte Steen. Fir all déi Steng gëtt et e Punkt. Wien um Enn vum Spill déi meescht Punkten huet, gewënnt.

Am Prinzip also en einfacht Spill. Mee d‘Subtilitéit läit am Detail! Dat flottst ass: Jidderee kann ufänken a Spaass hunn. Fir a Concoursen Erfolleg ze hunn, muss du awer scho ganz vill Wëssen an Erfarung uwenden. „Wéi dréien ech de Steen, wéi wëschen ech, wéi berechnen ech d‘Kéieren an de Wenkel?“, erkläert d‘Karen Waters.

Hire Clubkolleeg a gläichzäiteg och President vun der lëtzebuergescher Curling-Federatioun Alex Benoy kann dat bestätegen. An: Déi bescht Spiller sinn net ëmmer déi beschten Teamplayer! Et gi vill Facteuren, déi en Team erfollegräich maachen. Jidderee ka sech mat senge Stäerkten abréngen. Well et zu Lëtzebuerg nëmmen ee Club bannent der Federatioun gëtt, spillen d‘Memberen ëmmer landesintern géint Equippen aus dem eegene Club. Et ginn awer och international Concoursen, bei deenen se matmaachen. „Dat ass einfach flott! Dëse Sport ass weltwäit esou familiär! Wa mir an d‘Schwäiz fueren oder op aner Concoursen, ass dat e risege Spaass“, seet d‘Karen Waters. Natierlech gesäit een do, wou de Sport ganz professionell bedriwwe gëtt, wat alles méiglech ass an dass ee vill léiere kann. „Ëmgedréit kann ee bannent Lëtzebuerg schnell erfollegräich ginn an eben op international Matcher fueren, well mir hei net zu esouvill sinn“, seet si a laacht. Dat ass de Virdeel vun enger klenger Communautéit an engem Land.

Generell wënschen sech d‘Karen an den Alex nach méi jonk Leit, déi Curling ausprobéieren an och dobäi bleiwe wëllen. Wien op d‘Kockelscheier kënnt, stellt fest: Curling mécht Spaass an ass cool. A léif Clubkolleege gehéieren derbäi.

Weider Informatioune fënns de op der Internet-Säit: www.curling.lu.

Fotoen: Brigit Pfaus-Ravida

en Artikel vum Birgit Pfaus-Ravida

Gewiicht vun engem Curling-Steen: 17 bis 20 kg

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.