Firwat huet de Boxemännche keng Jupe un?

Aus dem Liewe vun engem Boxemännchen

Nuets an enger klenger Bäckerei: ee Boxemännche läit zefridden um Bakblech mat senge Kolleegen, et ass gutt waarm an der Bakes. Hie killt do gemittlech of.

Dëse Kuchemännche lauschtert dem Bäckermeeschter no, wéi hie mam Léierbouf potert. Déi zwee sinn am Gaang, nach aner Kaffiskichelcher ze baken.

„Boxemännercher ginn et op ville Plazen“, erkläert de Bäcker. „Si heeschen awer anescht: an Däitschland Stutenkerl, oder Weckmann, Klausenmann. Op verschiddene Plazen och Maddinsmändl oder Martinsbrot. Dat ass do, wou de Kuchemännche fir den Hellege Martin ronderëm den 11. November gebak gëtt. Bei eis gëtt de Boxemännche jo fir Niklosdag de 6. Dezember gebak. Am Elsass nenne se de Kuchemännchen Mannele, an op Franséisch heescht en Bonhomme“.

Do freet de Boxemännche sech driwwer, dass hien zu Éiere vum Hellegen Zinniklos gebak gëtt. Dee war Bëschof vu Myra, a besonnesch frou mat Kanner. Lo weess de Boxemännchen och, firwat e Boxemännche genannt gëtt: de Kleeschen ass jo e Mann. An déi doen ebe Boxen un.

Hmmmm…dee Geroch! Fir dran ze bäissen!

De Bäcker zielt weider, dass d’Kuchemännercher eng Zort „Gebildebrout“ sinn. Dat si kleng Kuchen, déi fir bestëmmt Deeg am Joer gebak ginn an ausgesi wéi e Männchen oder en Déier.

De Boxemännche kuckt ronderëm sech. Nieft him um Bakblech leie lauter Boxemännercher, si gesinn all d‘nämmlecht aus.

E Kapp, zwee Äerm, zwee Been an zwou Rosénge fir d’Aen.

A wat déi all gutt richen! Dat ass dee gudden Hiefdeeg, aus deem de Bäcker se de Moie gekniet a geformt huet. Am léifste géif de Boxemännchen a sech selwer bäissen, sou herrlech ass säi Geroch.

Hief, wootlech Mëllech, Botter, Miel, Eeër an eng Grëtz Salz huet de Bäcker dofir vermëscht an e puermol opgoe gelooss, ier hien doraus Männercher geformt huet.

„So, Meeschter” – freet de Léierbouf – „firwat maache mir da keng Boxemeedercher?“

„Well dat net Traditioun ass”, äntwert de Bäcker. „Dat ass eng Iddi vun enger grousser Bäckerei, déi dem Boxemännchen eng Famill dobäi erfonnt huet. Ech si scho frou, wa mer déi 2000 Boxemännercher fir dës Saison gebak hunn.”

De Bäcker mécht den Uewen op an hëlt nach e Blech eraus. Dem Léierbouf leeft d’Waasser am Mond zesummen, dat sinn d’Boxemännercher, déi herno an de Schockela gezappt ginn. Déi huet hien am léifsten.

Eng Rees an d’Ongewëssheet

De Boxemännche lauschtert interesséiert no, wat déi zwee an der Bakes sou erzielen. Ma dee Moment mierkt hien, wéi de Blech, op deem hie läit, sech beweegt.

Ah, denkt de Boxemännchen, lo geet et an d’Téik. Schwupp – scho rëtscht hie mat senge Matboxemännercher vum Bakblech hannert déi gliese Scheif. De Bäcker zortéiert d’Kuchemännercher nach e bëssen an tässelt schéin een nieft deen aneren. Wann se all gutt leien, kuckt de Boxemännchen duerch d’Glas vun der Téik. Hien ass elo am Buttek.

All Kéier, wann d’Schell vun der Dier rabbelt, fiert hien e bëssen zesummen. Da kënnt ee Client eran, deen eng Mëtsch oder Brout wëll kafen.

Wat eng Opreegung fir de klenge Boxemann! Hien kuckt ronderëm sech: niewent him a senge Kolleege leien nach aner Boxemännercher. Déi si ganz wäiss. Wéi wann se grad an e Schnéistuerm gerode wieren. Ah, iwwerleet de Kuchemännchen, dat wäerten déi mam Zocker drop sinn, vun deenen de Meeschter virdru geschwat huet.

Alt nees bimmelt d’Schell vun der Butteksdier.

Oh Mamm, denkt de Boxemännchen. A wat geschitt elo mat mir? Säi Boxemännerchersinstinkt seet him, dass hie fréier oder spéider och an esou eng Tut gestach gëtt. An dann? De Boxemännche fäert dat e bëssen. Well hie weess jo net, wat dono geschitt. Eppes ass awer sécher: bis elo ass nach ni e Boxemännchen zeréckkomm, wann e bis eemol an der Tut verschwonne war!

Dee klenge Kuchemann war nach ganz a Gedanken iwwer säi Schicksal, wéi eng Hand no him gräift an hien an eng Tut stécht. Ganz eleng!

No enger gefillter Éiwegkeet gëtt en nees erausgeholl. Schéi lues. Hien läit elo op engem Teller mat Nëss, Schockela a Mandarinnen. Dobaussen ass et däischter.

„Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen, bréng eis Saachen allerhand…”

Zwou schluetwäiss Hänn gräifen nom Teller, op deem de Boxemännche läit. Hie kuckt erop a gesäit e spatzen Hutt, e roude samette Mantel an e laange wäisse Baart. De Kleeschen! Lo ass de Boxemännchen awer houfreg! Hie gëtt vum Kleesche perséinlech verschenkt!

Dat lescht, wat de Boxemännche gesäit, sinn zwee grouss glënnereg Kanneraen….

en Artikel vum Nathalie Bender

Boxemännchen
Rezept

Fir Boxemännercher ze maachen, musse mir als éischt e Sauerdeeg preparéieren. Mir formen am Miel an der Schossel eng Kaul a schëdde wootlecht Waasser mat der Hief do dran. Dëst réiere mir zu engem glate Virdeeg zesummen an loossen den Deeg ongeféier 40 Minutte laang zougedeckt mat engem Kichenduch rouen.

Duerno completéieren mir den Deeg mat Eeër, Salz, geschmoltem Botter, Zocker an dem Rescht vum Miel, vermëschen an knieden dëse gutt. Den Deeg gëtt zougedeckt an erëm 20 Minutten roue gelooss.

Mir knieden eisen Deeg nach eng Kéier gutt duerch, trenne kleng Portiounen of an formen déi zu klenge Wirschtercher. Liicht plattgedréckt gëtt dat de Kierper vun eisem Männchen. Mat engem Messer kënne mer elo d‘Been an Äerm aschneiden an formen. Nach iwwert den Äerm zwee kuerz diagonal Aschnëtter, fir de Kapp ze formen – dann ass de Männchen och scho fäerdeg. Schéi sollen se ginn, dofir bepinsele mir d‘Boxemännercher mat Eegiel a setzen hinne mat Roséngen oder Schockelasstécker Aen a Knäpp op de Bauch.

Eng hallef Stonn brauchen se am Uewe bei 180 bis 200 Grad. Wien et gäre séiss huet, ka mat am Waasser opgeléistem Pudderzocker hinnen nach eng séiss Glasur ginn.

De Konterbont wënscht Iech e gudden Appetit!

Fir de Virdeeg gi gebraucht (4 Boxemännercher):

  • 15 Gramm Hief
  • 60 Milliliter wootlecht Waasser
  • 100 Gramm Miel

Fir de Rescht vum Deeg brauche mir:

  • 3 Eeër
  • 200 Gramm Miel
  • 6 Gramm Salz
  • 150 Gramm Botter
  • 80 Gramm Zocker

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.