„Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer renns“

Foto: Pierre Matgé

Schoulmeeschter, Schrëftsteller, Dichter an Denker, Iwwersetzer, kreative Queeschdenkert, Knouterbatti, Theater-, Roman- a Kannerbuch-Auteur, Editeur vu méi wéi 50 Kannerbicher, all dat an nach vill méi ass de Lëtzebuerger Schrëftsteller Guy Rewenig.

1963 schonns schreift de Guy Rewenig mat spatzer Fieder fir eng Lëtzebuerger Dageszeitung. 1968, am jonken Alter vun 21 Joer, huet hie säin éischt Buch an däitscher Sprooch erausbruecht: „Als der Feigenbaum verdorrte”, an deem een dräi Geschichte fir Erwuessener fënnt.

De Guy Rewenig, 1974 Grënnungs­member vun der ASTI (Association de soutien aux travailleurs immigrés), gëllt, laut Autorenlexikon.lu, als de Begrënner vum neie lëtzebuergesche Roman. Mat „Hannert dem Atlantik“ verëffentlecht hien 1985 den éischte moderne Roman op Lëtzebuergesch. Dësem Meeschterwierk sollen der nach véier nokommen. „Vakanz am Pazifik“ ass dee leschte Roman aus der Rei.

Seng Schreifweis ass lieweg, kreativ, virun allem awer artistesch am Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch.

Am ultimomondo-Verlag, deen hien am Joer 2000 mam Roger Manderscheid gegrënnt huet, bréngt hien esouguer e Wierderbuch (oder éischter eng Sammlung vun ironeschen Definitiounen) op de Maart: „Krass! Lëtzebuerger Dixionär“ (éditions ultimomondo, leider vergraff).

Mir hunn eis mat him ënnerhalen iwwert d‘Lëtzebuerger Sprooch, d‘Kreativitéit an d‘Naupe vun därselwechter an och iwwert d‘Literatur op Lëtzebuergesch.

„Lëtzebuergesch ass dout” oder „Lëtzebuergesch ass um ausstierwen” soen déi eng, „Et gouf nach ni esou vill Lëtzebuergesch geschriwwen (iwwer SMS, am Internet a virun allem an de soziale Medien)” oder „d‘Lëtzebuergescht gëtt erëm nei entdeckt” soen déi aner. Wat mengt Dir?

Guy Rewenig: Datt Lëtzebuergesch soll dout sinn, behaapte just e puer nationalistesch an hyperpatriotesch Tockskäpp aus dem rietsen Eck. Lëtzebuergesch ass grad esou lieweg wéi d’Sprooche vun eisen Nopeschlänner. Et brauch also guer net „nei entdeckt“ ze ginn. A ganz Europa gëtt et eng Tendenz, datt d’Sprooche sech vermëschen an nei Ausdrocksformen entstinn. Dat fannen ech intressant a spannend. Wa mir Lëtzebuerger eis nëmme géifen op d’Lëtzebuergescht behaapten, kéinte mer geschwënn de Buttek zoumaachen. Well da wier keng Kommunikatioun no bausse méi méiglech.

Dir schreift Bicher op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch, spillt mat Wierder a Sätz a gebraucht d‘Sprooch esou, wéi se ass: k.r.a.s.s. (kräfteg, rau, anarchesch, salopp a subtil)*. Ass dëst net méi schwéier op Lëtzebuergesch wéi an deenen anere Sproochen? Oder gëtt engem d’Lëtzebuerger Sprooch esouguer méi Méiglechkeeten?

Guy Rewenig: Lëtzebuergesch ass eng Sprooch ewéi all déi aner Sproochen. Also näischt Besonnesches, awer och näischt Zweetklasseges. Op Lëtzebuergesch léisst et sech grad esou gutt (oder schlecht) schreiwen ewéi op Däitsch, Franséisch, Englesch oder Portugisesch. All Sprooch huet hir Eegenaarten an den Auteur reizt et eben, mat deenen Eegenaarten ze schaffen.

Dir hutt 15 Joer laang zesumme mam Roger Manderscheid, Paul Thiltges a Michel Dimmer en eegene Verlag mat Erfolleg gefouert. No 15 Joer hutt Dir dunn e Schlussstréch ënnert dës Episod gezunn. Wéi schwéier ass et haut, als klenge Verlag iwwerhaapt nach op deem klenge Lëtzebuerger Marché ze bestoen an iwwert d‘Ronnen ze kommen?

Guy Rewenig: Ech géif kengem roden, zu Lëtzebuerg e Verlag ze grënnen, well d‘Konditioune sinn net gutt. De Marché ass ze kleng an et ass ee mat sengem Programm séier hanne bäi a vir widder. Awer wann een esou liichtfankeg ass, e Verlag op d’Been ze stellen – esou wéi mir et bei ultimomondo gemaach hunn – da mécht een et mat Engagement a mat Spaass un der Saach. Et kann ee jo net all Dag lamentéieren iwwert déi ongënschteg Zoustänn zu Lëtzebuerg. An deem Sënn deet et mir guer net leed, datt mir mat eisem klenge Verlag ultimomondo 99 Bicher erausbruecht hunn. Déi Bicher bleiwen a gehéieren haut zu eisem literaresche Patrimoine.

 

2010 koum et zu engem klengen Eclat bei der Präisiwwerreechung vum Servais-Präis. Ären Alter Ego Tania Naskandy, déi deen Owend de Präis iwwerreecht kréie sollt, huet déi deemoleg Kulturministesch ausinvitéiert! Dat mam Hannergedanken, op Problemer a Mëssstänn tëscht dem Ministère an de Kulturschafenden hei am Land opmierksam ze maachen. Wat ass zënterhier passéiert a wéi zefridde sidd Dir haut mat der Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuerger Kulturzeen duerch de Ministère?

Guy Rewenig: Et ass deemools virun allem drëm gaang ze weisen, datt d’Kulturministesch kee Format hätt, also keng Perséinlechkeet mat engem wierkleche kulturelle Profil wier, mee just eng belibeg Politikerin, déi ebe vun hirer Partei dee Posten zougeschoustert krut. Ech hunn deemools geduecht, méi schlëmm kéint et fir d’Kultur net méi kommen. Mee der Madamm Modert hir Nofollgerin, d’Madamm Nagel, war nach e gudde Krack méi inkompetent. Dofir ass si jo dann och an d’Wüüst geschéckt ginn (op Dubai). Haut gëtt de Kulturministère vun zwee Affekote geleet, déi kee Mënsch hei am Land mat Kultur a Verbindung bréngt. Mee vläicht ginn déi dann och eng Kéier wéinst Inkompetenz op Panama geschéckt. D’Literatur ass a bleift leider de „parent pauvre“ vun der staatlecher Kulturfërderung. Dorunner huet sech déi lescht 50 Joer guer näischt geännert.

An der Lëtzebuerger Literaturwelt ass vill Beweegung. Mee beweegt se sech och an déi richteg Richtung?

Guy Rewenig: Et ass schwéier, wann net onméiglech, déi „richteg Richtung“ ze definéieren. D’Literatur zu Lëtzebuerg (wéi och soss an der Welt) entwéckelt sech ëmmer weider, dat ass en natierleche Prozess. Et geet dobäi net ëm „richteg“ oder „falsch“, wat jo moralesch Kategorië wieren, mee ëm aner Themen, aner Formen an aner Stiler. All nei Generatioun huet eben hir nei, spezifesch Literatur. D’Haaptsaach ass, datt weider geschriwwe gëtt.

Muschkilusch
Illustréiert vum Renée Weber

De Guy Rewenig fënnt een zanter 1980 op den Nuetsdëscher a ville Kannerzëmmeren. Mam Muschkilusch (1990) schaaft hien e Kannerbuch, wat nach bis haut Kanner, awer och Erwuessener begeeschtert! Erfëllt een dat net mat engem gewësse Stolz, wann ee weess, datt bal all Kand hei zu Lëtzebuerg weess, wien de Guy Rewenig ass?

Guy Rewenig:  „Stolz“ ass sécher e bëssen héich gegraff, awer et gefält natierlech engem Auteur, wa seng Bicher bei de Leit gutt ukommen. An et gefält mer extra gutt, datt dës Zort Literatur fir Kanner – déi ganz anescht ass wéi all déi „Heile Welt“-Geschichte fir Klenger – esou eng grouss Verbreedung zu Lëtzebuerg fonnt huet.

„Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer renns“ heescht dem Guy Rewenig säin neist Buch. Eng faarweg Sammlung vu fofzéng Geschichten an Erzielungen, gewierzt mat Ironie, schwaarzem Humor a Witz, 512 Säite staark (Editions Guy Binsfeld). Gehéiert dëst Buch wierklech zu deene Bicher, déi een onbedéngt a sengem Liewe sollt gelies hunn?

Guy Rewenig: Neen, kee muss dat Buch onbedéngt liesen. Awer wann een et net liest, huet een eppes verpasst. An dat schlëmmst ass: Et gëtt een dann ni gewuer, wat ee verpasst huet. Dat mécht een nëmmen nervös an onzefridden. Fir säi Séilefridden ze fannen, soll een also déi 15 Geschichten an Erzielunge liesen.

En Interview vum Marc Wilgé

* Definitioun aus: „Krass! Lëtzebuerger Dixionär“, dem klenge satireschen Handbuch vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.