Mam Zelt op der Kräizung

Et ginn net nëmmen hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi Leit, déi op der Strooss liewen. Dat selwecht Bild gesi mir och an eisen Nopeschlänner Däitschland, Frankräich an an der Belsch.

Frankräich

Am Hexagon hunn 1,3 Millioune Bierger keen eegent Doheem. Een Drëttel dovunner liewen ouni Daach iwwer dem Kapp op der Strooss. Wann een elo déi Leit hëlt, déi an den Zelter oder an engem Noutënnerdaach hausen, da klëmmt déi Zuel ganz séier op 4 Milliounen. Tëschen 2012 an 2017 ass dës Zuel ëm 50 Prozent geklomm!

Ob zu Paräis oder an anere franséische Groussstied gesäit een haut a Parken, op ëffentleche Plazen, jo esouguer op Insele vu Kräizungen Zelter oder Buden aus Holz a Kartong stoen, wou Leit dra liewen, wann een dat liewe kann nennen. De Problem vun de sougenannten SDF („sans domicile fixe“) gëtt nach méi grouss, wann ee weess, datt der vill vun hinne krank sinn, datt se de ganzen Dag bëllegen Alkohol an sech erakippen an dowéinst och oft aggressiv ginn oder wierken, datt se alles maache, fir u Geld ze kommen, fir hiren Drogekonsum ze finanzéieren, asw.

Däitschland

Trotz enger ganzer Rei vun Initiative kritt eis Gesellschaft dës Situatioun net an de Grëff. Am Géigendeel, si gëtt vun Dag zu Dag méi schlëmm. Sou och am Nopeschland Däitschland, wou haut vun iwwer enger hallwer Millioun Leit geschwat gëtt, déi keng Wunneng hunn. Dat ass déi offiziell Zuel. Inoffiziell sollen et zwou Millioune Leit sinn, déi keen Daach iwwert dem Kapp hunn. Vill vun hinne si guer net ugemellt, wat d’Feststellen vun enger genauer Zuel natierlech schwéier, fir net ze soen onméiglech mécht. Alarmant ass et, datt derbäi ronn 29.000 Kanner op der Strooss vegetéieren. Laut Statistike vun der „BAG (Bundesarbeitsgemeinschaft) Wohnungshilfe“ sinn d’Ursaachen, firwat op eemol Leit op der Strooss sinn, ganz verschidden, mee am meeschte gëtt Folgendes festgestallt: Verloscht vun der Aarbecht, finanziell Problemer, Trennung, Gewalt am Stot, Krankheet oder och nach psychesch Problemer.

Zu Tréier, fir hei nëmmen ee Beispill ze huelen, schafft d’Jennifer Lohrmann (Caritas) als Streetworkerin. Si seet, datt et eng Rei vun Clocharde ginn, déi trotz fräie Plazen an Ënnerkonfte léiwer dobausse schlofen, egal wéi schlecht d‘Wierder ass. Si bréngt deenen da waarmt Iessen, Wanterkleeder, Decken a Schlofsäck. „Mir wëlle vermeiden, datt Leit, déi op der Strooss liewen, am Wanter erfréieren. 2009 an och 2010 hate mer zwee Fäll, wou esou Leit wéinst den niddregen Temperaturen erfruer sinn. Eemol war dat an der Hawstraße zu Tréier, wou e Mann ënnert der Ramp vun engem Camion geschlof huet, an déi aner Kéier war et zu Igel, wou eng Fra bei minus 16 Grad an engem Iglu-Zelt niewent der Musel erfruer ass. Den zweete Fall war ëmsou méi tragesch, well een Hotelier der Fra een Hotelszëmmer ugebueden hat, fir de Wanter ze iwwerstoen, mee d’Fra wollt dat op kee Fall unhuelen.“

Belsch

Keen anert Bild bitt sech an der Belsch. Huele mer nëmmen d’Beispill vu Bréissel. Am Joer 2010 goufen do offiziell 2.600 Leit opgelëscht, déi op der Strooss liewen. Haut soll dës Zuel sech quasi verduebelt hunn. Firwat soe mer „soll“? An der belscher Haaptstad schwätzt een net gäre vun dëser Situatioun an duerfir ginn déi Zuelen, déi ee gesot kritt, wäit auserneen. D’Gemeng selwer schwätzt vu ronn 3.000 Leit, déi op der Strooss wunnen, an de Statistike vun Hëllefsorganisatioune fënnt een awer Zuelen, déi iwwer 5.000 leien!

A ville weidere grousse Gemengen an der Belsch ginn et héich Zuele vun Obdachlosen. An dës Zuele klamme nach weider. No engem Bericht vun der EU-Kommissioun sinn an der Belsch 21 Prozent vun der Bevëlkerung un der Aarmutsgrenz ukomm, bei elengerzéienden Eltere klëmmt dës Prozentzuel esouguer op 35 erop!

Roger Infalt

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.