Ëmmer nees zu neiem Liewen erwächt
Si waren 2007 den Epizentrum vun der deemoleger europäescher Kulturhaaptstad. Net nëmmen d’Ouverture vun dësem Event huet do stattfonnt, mee och ganz vill kulturell Veranstaltungen: Rieds geet vun de Rotonden zu Bouneweg, déi schonn eng laang an och facettëräich Geschicht hunn.
Eng gëlle Fra, mee nach laang kee goldegt Meedchen!
Oder dach? Jiddefalls huet d’Madamm an hirem dënne Kleed et vun Ufank un (an dat sinn ewell bal honnert Joer hier) fäerdegbruecht, d’Lëtzebuerger ferm an Otem ze halen. De 14. Februar 1920 ass vun der Nationaler Denkmalkommissioun e Concours fir e Monument ausgeschriwwe ginn, dat un déi Lëtzebuerger Zaldoten, déi op franséischer Säit am Éischte […]
De groussherzogleche Palais
De groussherzogleche Palais an der Stad ass a villen Hisiichten interessant. Lies hei d’Geschicht vum Palais.
Kathedral brennt
Als klengen Däbbes, un der Hand vu menger Mamm, stoung ech virun deem grousse Gebai mat den 3 Tierm an der Stad. Déi enorm Gréisst vun dësem Gebai huet mech ëmmer beandrockt, an den Hunn, uewen op der Spëtzt vun deem héichsten Tuerm, war fir mech knapps ze erkennen. Rieds ass vun der Kathedral. Mee […]
Schola Europaea
Déi éischt Europaschoul gouf et zu Lëtzebuerg a war e pedagogescht Experiment. Mëttlerweil ass d’Schola Europaea a ville Länner etabléiert.
Lëtzebuerg am Discoféiwer
De Lord’s Inn an de Standing zu Esch… de Flashback zu Uewerkuer… den Dauphin zu Déifferdeng… den Tornado zu Péiteng… den New Oldie am Préizerdaul… de Pôle Nord, de Melusina, de Byblos an den Didgeridoo an der Stad… : Dat sinn nëmmen e puer Nimm vun Discoen, mat deene vill Leit schéin Erënnerungen aus der […]
Lëtzebuerger Tour-de-France-Gewënner Wat ass aus hinne ginn?
Net manner wéi fënnefmol huet e Lëtzebuerger den Tour de France gewonnen, de François Faber am Joer 1909, den Nicolas Frantz an de Joren 1927 an 1928, de Charly Gaul 1958 an den Andy Schleck 2010. Wat ass eigentlech no hirer aktiver Zäit aus dësen onvergiessleche Vainqueure ginn? – E Gespréich mam Henri Bressler, Auteur […]
De Stau – dat flëssegt Gold fir Lëtzebuerg
Mam flëssege Sauergold géint den iwwerflëssege Plastik Komm, mir fueren op de Stau, wëllt heeschen: komm, mir maachen eis e gemittlechen Dag an der Natur beim Waasser. Dat geet awer eréischt zanter 1959, deem Joer, an deem de Stauséi – de Barrage d’Esch-sur-Sûre bei Esch-Sauer déi éischte Kéier vollgelaf ass. De Stauséi am Éislek huet […]
Picknick op der Kiermes!
En Tour op der Schueberfouer Däerf ech mech kuerz virstellen, mäin Numm ass Heng Respel, kuerz H. Respel, an zesumme mat menger risegrousser Famill hu mir elo erëm eise groussen, traditionelle Konveniat gefeiert, an zwar um Glacis op der Fouer, wou mir eis all Joer esou zimlech d’Schwäi stellen. Firwat soll dann dat gréisst an […]
Der Mamm hir Telleren a mäi Camion
Fréier huet mech d’Geschicht vum Haus Lassner kal gelooss, de Pompjeescamion an den elektreschen Zuch ware mir méi wichteg wéi d’Fassad aus der Belle Époque. Haut erënnert nach just den Numm un der Fassad un déi fréier Zäiten: Maison Veuve A. Lassner. J. Simonis-Lassner, Successeur.