Eng Discothéik ass jo bekanntlech, anescht wéi een et beim Verglach mat Bibliothéik kéint mengen, keen Uert, wou ee Museksplacken ausléine kann, mee e Lokal, wou se opgeluecht ginn, an dat an der Regel vun engem Discjockey, kuerz DJ genannt. D‘Grondkonzept koum, wéi sollt et anescht sinn, aus Amerika, an huet sech nom Zweete Weltkrich séier an Europa an domat och zu Lëtzebuerg etabléiert.
Well hei am Land bis an d‘fofzeger Joren eran haaptsächlech op organiséierte Baler gedanzt a geflirt gouf (an dat oft ënner der méi oder manner strenger Opsiicht vun den Elteren), huet et ëmmer méi jonk Leit an Danzlokaler wéi zum Beispill de Pôle Nord an der Stad gezunn, wou reegelméisseg den Jazzorchester Tom Dallimore gespillt huet. Hei ass et e bësse manner gezwongen zougaangen, trotzdem war een deemools nach wäit ewech vum spéideren Disco-Danz: d’Dammen hu meeschtens misste waarden, bis en Här se „opgefuerdert“ huet, an als Vertrieder vum männleche Geschlecht war ee gutt beroden, e puer Danzschrëtt anzestudéieren, éier een sech an esou eng „Dancehall“ gewot huet, well soss stoungen d‘Succès-Chancen net allze gutt…
Mam Opkomme vu Beat, Rock’n Roll a Progressive Rock ass d’Atmosphär nach méi labber ginn an duerch Phenomeener wéi de Bee Gees an den John-Travolta-Filmer hu sech d‘Begrëffer „Disco-Musek“ an „Disco“ och am Grand-Duché ee fir allemol agebiergert. Dobäi war déi lëtzebuergesch Disco-Kultur, wéi och déi an anere Länner, vun Ufank u breet gefächert: Engersäits gouf et „Popper“-Diskothéiken, wou jonk Leit vill Wäert op moudesch Kleedung a Mainstream-Musek geluecht hunn, anerersäits awer och Lokaler, an deenen et musikalesch méi „progressiv“ zougaangen ass a wou och d’Tenue net esou wichteg war – ameséiert gouf sech awer iwwerall! Am Géigesaz zu fréieren Zäiten ass elo nëmmen nach „opgefuerdert“ ginn, wann e Slow op de Plackenteller koum, soss konnt ee senge méi oder manner gudden Danzkënscht ganz individuell fräie Laf loossen… an dobäi nëmmen hoffen, datt ee sech net total zum Af géif maachen.
Musikalesch Trendsettere wéi de Michael Jackson an d’Madonna, an derno d’Opkomme vun neien Tendenze wéi Rave, Techno an HipHop hunn d’Discoszeen am Laf vun den nächste Joerzéngten ëmmer méi diversifizéiert. Hautdesdaags, wou éischter vu „Clubbing“ geschwat gëtt, kléngt et scho bal erëm e bëssen almoudesch, wann ee seet, et géif een „an d’Disco“ goen. Un ugesotene „Clubs“, déi eng Hellewull vu verschiddene Museksrichtunge bidden, feelt et der Jugend zu Lëtzebuerg aktuell jiddefalls net!
Et gëtt am Ländchen net méi allze vill Discoen, déi säit ville Joerzéngten ënnert deemselwechten Numm funktionéieren. Eng dovun ass de Flying Dutchman zu Beefort, deen den 2. Februar 1976, deemno virun elo 43 Joer, seng éischt Gäscht empfaangen huet. Dës Beeforter Institutioun ass, den Numm deit drop hin, vun engem Hollänner gegrënnt ginn, dee sech zu Lëtzebuerg niddergelooss hat. Obwuel den Discotrend mat „Saturday Night Fever“ grad am Opkomme war, gouf hei vun Ufank un op Musek vu Kënschtler wéi zum Beispill Bob Dylan, The Doors a Vertrieder vum Progressive Rock gesat – eng Mixtur, där de „Flying“ bis op den haitegen Dag am grousse Ganzen trei bliwwen ass. An och wann d’Stammgäscht an Tëschenzäit e bëssen an d’Jore komm sinn an hir Liiblingsdisco och alt emol mam Flexibus besichen, huet de Flying Dutchman et verstanen, ëmmer nees nei Generatioune fir dës Aart vun Alternativkultur ze begeeschteren. Zanter dem 1. Januar 2019 huet d’Besëtzerin Tassy Mich d‘Funktioune vum Gerant dem Dan Terrao iwwerdroen, deen d’Clientèle matt engem neie Konzept begeeschtere wëll, ouni datt dobäi awer de Charme vum „ale“ Flying verluer soll goen. Geplangt sinn ënner anerem Liveconcerte mat interessante Museker aus Lëtzebuerg an aus dem Ausland.
En Artikel vum Patrick Calzi