Eng gëlle Fra, mee nach laang kee goldegt Meedchen!

Vu Käerjeng op Shanghai an erëm zeréck

Oder dach? Jiddefalls huet d’Madamm an hirem dënne Kleed et vun Ufank un (an dat sinn ewell bal honnert Joer hier) fäerdegbruecht, d’Lëtzebuerger ferm an Otem ze halen.

De 14. Februar 1920 ass vun der Nationaler Denkmalkommissioun e Concours fir e Monument ausgeschriwwe ginn, dat un déi Lëtzebuerger Zaldoten, déi op franséischer Säit am Éischte Weltkrich gestuerwe sinn, sollt erënneren. Ënner den 18 Projeten, déi agereecht goufen, gouf d’Friddenskinnigin vum Nidderkäerjenger Kënschtler Claus Cito zeréckbehalen. Schonn deemools huet d’Gëlle Fra, ewéi se spéider am Volleksmond genannt gouf, duerch hiert ugedeitent, dënnt Kleed, duerch dat hir Brëscht sech däitlech ofgezeechent hunn, fir Opreegung gesuergt. Dat war deem engen oder aneren ze vill plakeg!

Den Nicolas Joseph Cito staamt aus enger al-agesiessener Famill vu Schmatte vun Nidderkäerjeng, déi hir Wuerzelen an Italien hat. De Kënschtlernumm Claus huet hien aus Düsseldorf matbruecht, fir d’Awunner aus dem Duerf war hien éiweg de Josy.

De Latäinstudium zu Arel huet dem Claus deemools manner gefall, a well hie Spaass um Zeechnen hat, huet hien Owescoursen op der Konschtakademie besicht. Nom Doud vum Papp am Joer 1899 huet hie mam Studium opgehalen an ugefaangen, bei engem Usträicher, deen och Kierchen dekoréiert huet, ze schaffen. Schonn am Joer derno huet et de Cito op Düsseldorf gezunn, an éischter Linn fir ze schaffen, awer och fir weider Konscht ze studéieren. Bréissel sollt eng weider Statioun op sengem Wee sinn, éier hien erëm zeréck op Lëtzebuerg koum, fir d’Gëlle Fra ze erschafen.

Den 2. Abrëll 1921 gouf dem Claus Cito säi Projet mam Numm à nos braves vun engem Jury als Gewënner proklaméiert. Säin Entworf huet sämtlech Oploe vum Concours erfëllt, an huet niewebäi nach eng Geschicht erzielt, déi fir jidderee verständlech war. Den Obelisk soll un déi Lëtzebuerger Zaldoten erënneren, déi sech fräiwëlleg fir d’Befreiung vun hirem Land agesat hunn. D’Statu uewen um Obelisk sollt am krasse Géigesaz zu béide Figuren um Fouss vun der Sail stoen. Aus donkelgrénger Bronze gegoss, sollte si d’Trauer, awer och d’Hoffnung ausdrécken. D’Statu a Form vun enger Fra stemmt sech däitlech mat aller Kraaft géint de Stuerm, deen iwwer si ewechbraust.

E Frënd vum Cito hat deemools de Gipsmodell mat senger Päerdskutsch an de Palais Municipal transportéiert, wou all d’Projeten ausgestallt waren. Um Réckwee huet hien e kuerze Stopp ageluecht an dee präisgekréinten Objet aus Gips an de Gruef geheit. Dëst sollt net déi leschte Kéier bleiwen, datt déi gëlle Madamm mat wéineg Rücksicht behandelt gouf.

Am Joer 1923 sollt et dann esou wäit sinn, d’Monument gouf den 23. Mee 1923 opgeriicht an de 27. Mee ageweit. Duerno war et eng rei Jore roueg ëm d’Gëlle Fra, bis …

„D’Preise kommen“, huet et den 10. Mee 1940 geheescht, wéi d’Nazien, deenen d’Monument vun Ufank un en Dar am A war, zu Lëtzebuerg amarschéiert sinn. Den 21. Oktober vum selwechte Joer gouf d’Madamm vun hirem Sockel geheit. Mat enger Dampwalz gouf d’Sail ëmgerappt an ass dobäi an 3 Stécker zerbascht. Kuerz nom Krich huet den Architekt Victor Engels Pläng entworf, fir d’Monument erëm opzeriichten, mee ouni d’Gëlle Fra selwer. Dës ass zwar 1955 kuerz an enger Ausstellung iwwer d’Resistenz an der Märei um Knuedler nees opgedaucht, ma nom Enn vun der Ausstellung awer nees verschwonnen! Wat duerno awer genee mat der Gëlle Fra aus Bronze passéiert ass, dat wossten déi meescht Lëtzebuerger laang net. Den Obelisk stoung erëm do, gefeelt huet awer nach ëmmer déi gëlle Madamm, déi bis am Oktober 1940 uewendrop stoung. Déi Jonk hunn näischt Ongewéinleches dobäi fonnt, datt d’Haaptfigur gefeelt huet. Héchstens d’Bomien an d’Bopien hunn hiren Enkele gesot: „Kuck, hei stoung emol d’Gëlle Fra.“

Am Fréijoer 1981 huet d’Madamm, déi – ewéi sech erzielt gouf – zerstéiert an ageschmolt gouf, erëm vu sech riede gedoen, a kuerz duerno esou muncheree ferm op Trapp gehalen. „Do huet dach net e Mataarbechter aus enger vun eisen Dageszeitunge mir enges Owes an der Theaterstuff beim Foxe Fern gepëspert, hie géif ee kennen, dee wéisst wou d’Gëlle Fra dru wier“, huet de Lëtzebuerger Schrëftsteller Josy Braun, deen zu där Zäit nach fir eng wuelbekannten Zeitung aus der Escher Kanalstrooss geschriwwen huet, an engem Artikel ronderëm d’Gëlle Fra erzielt: „Firwat schreift deen Dabo nët an sénger eegener Zeidong, wat e weess? Hien hätt dat vun uewerof verbuede kritt, sot hien, mä kuurz a gutt, d’Gëlle Fra léich ënnert enger Tribün vum Stadion; fir de Rescht géif ech jo sécher eens gin.“

Deen anere Moien ass de Mann mat de Schlëssele vum Stadion fatzeg bleech gi wéi de Josy Braun mat engem Fotograf opgekräizt ass an hien no der Gëlle Fra gefrot huet. Déi wier tabu, sot hien, et wier verbueden, fir se ze knipsen. „De Knipsert an ech, mir hun äis bekuckt; da stëmmt et also, da läit se wiirklech do! ’t war och sou, well no villem Biedelen a Fléiwen an ënnert der Konditioun, keng Photoen ze maachen, huet de Mann äis op d’Plaz gefouert. Mir hun äis missen elle bécken, mä ënnert den ënneschten Träppleken vun enger vun den Tribünen an hannert engem Koup Kuele louch d’Skulptur; an dräi Stécker, schéin openee getässelt, knaschteg an dach erëmz’erkennen; besonnesch den Deel mat Kapp, Äerm a Lorberkranz”, huet de Josy Braun deemools erzielt. No engem Gespréich beim Stater Buergermeeschter an enger Hellewull Gespréicher, wou sech dacks gefrot ginn ass, wien dann elo wierklech eppes wosst a wien net, koum um Dag virun Nationalfeierdag dem Josy Braun säin Artikel mat der Iwwerschrëft „D’Gëlle Fra 40 Jahre versteckt gehalten! Warum?“ an d’Zeitung. Datt no der Verëffentlechung vum Artikel esou munchereen aus alle Wolleke gefall ass, kann ee sech denken. Déi eng, well se net wollten, datt d’Madamm jeemools erëm zeréck op hir Plaz kéim, déi aner, well se sech gefrot hunn, wien dann elo wuel d’Geheimnis ausgepëspert hätt.

Et sollt dann awer bis 1983 daueren, bis datt eng staatlech Kommissioun agesat gouf, déi sech drëm bekëmmert huet, datt d’Gëlle Fra nees géif opgeriicht ginn. Dat meescht vun den néidegen 12 Millioune koum zesummen, de Rescht hu Staat a Stad an och e puer Banke bäigeluecht. Den 23. Juni 1985, also op den Nationalfeierdag selwer, gouf d’Gëlle Fra eng zweete Kéier ageweit.

2001 ass eng weider Poleemik ronderëm d’Madamm entstane wéi, net wäit vun hir ewech, ënner dem Numm „Lady Rosa of Luxembourg“, eng Replik vum Monument fir eng begrenzten Zäit opgestallt gouf. Allerdéngs sollt dës Lady fir nach bal méi Gedeessems suergen ewéi d’Original. Et war eng schwanger Gëlle Fra, déi vun der kroatescher Kënschtlerin Sanja Iveković am Kader vun der Ausstellung Luxembourg, les Luxembourgeois am Stater Geschichtsmusée an am Casino Luxembourg geschafe gouf. Der Kënschtlerin no sollt d’Konschtwierk dozou ureegen, iwwer d’Situatioun vun der Fra an eiser Gesellschaft nozedenken. D’Lady Rosa huet duerno déi eng oder aner Rees gemaach. Bis 2003 stoung si am Hannerhaff vun engem Haus fir geschloe Fraen, duerno 7 Joer am Berodungszentrum vun der Initiativ Liewensufank ASBL, an dunn zu New York am Museum of Modern Arts. 2012 gouf d’Lady Rosa nach eng zweete Kéier zu Lëtzebuerg, an der Agangshal vum Mudam, ëffentlech ausgestallt.

Och den Original ass nach eng Kéier vu sengem Sockel erofgeholl ginn. Den 3. Mäerz 2010 gouf d’Statu vun der Gëlle Fra ofmontéiert, fir, nodeem se restauréiert ginn ass, vum 1. Mee bis den 31. Oktober 2010 virum Lëtzebuerger Pavillon op der Expo 2010 zu Shanghai ausgestallt ze ginn. Eng Rees, déi och erëm fir esou muencher Poleemik gesuergt huet.

Haut steet d’Gëlle Fra nees do, genee ewéi se virun 1940 do stoung, frësch noeneegemaacht an owes beliicht. Kee Frieme kéim op d’Iddi, wat déi Madamm, déi do bei all Wieder hire Lorberkranz an d’Luucht hält, déi lescht bal honnert Joer esou matgemaacht huet.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.