De groussherzogleche Palais

De groussherzogleche Palais an der Stad ass a villen Hisiichten interessant: Fir d‘Lëtzebuerger symboliséiert de Palais e Gefill vun nationaler Onofhängegkeet; fir d‘Historiker stellt en en Element vu Kontinuitéit duer, well hei d’administrativ Gewalt vun enger Stad respektiv vun engem Land ausgeféiert gëtt, an deem wärend e puer Joerhonnerten esouwuel Friemherrschaft wéi och Onofhängegkeet geherrscht huet; a fir d‘Frënn vun der Konscht spigelt e mat senger Fassad den Afloss vum spuenesch-mauresche Stil an eiser Regioun erëm.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

D‘Geschicht vum Palais

No der Iwwerreechung vum Fräiheetsakt huet d‘Stad Lëtzebuerg um neie Maart e Stadhaus gebaut.

Nodeems d‘Burgunder d‘Stad am November 1443 erobert hunn, huet de Philippe de Gudden d‘Stadhaus confisquéiert a fir säi Rot an als Palais benotzt. Als Gest vum Fridden huet d‘Maria vu Burgund dem Magistrat d‘Stadhaus zur Verfügung gestallt an dräi Joer méi spéit gëtt dësen op en Neits Proprietär vum Haus.

1541 huet de Keeser Karl V., Herzog vu Loutrengen, wärend sengem Openthalt zu Lëtzebuerg am Stadhaus iwwernuecht.

Den 11. Juni 1554 huet e Blëtz an d’Franziskanerkierch ageschloen, wouduerch d’Polverlager am Keller explodéiert ass an e groussen Deel vun der Stad duerch d’Suitte vun der Explosioun zerstéiert gouf. Den Neibau vum Stadhaus gouf eréischt 1572, op Initiativ vum Adam Roberti, dem Baumeeschter vun der Stad, opgeholl a 1573 ofgeschloss.

1683 gouf d‘Gebai vun den Truppe vum Ludwig dem XIV. beschoss, well de Keller den Awunner als Zouflucht gedéngt hat. D‘Gebai huet doropshi misse renovéiert ginn. Spéider war et och Sëtz vun de Stänn, de Representantë vun de Provënzen. Wärend der franséischer Herrschaft vu 1795 bis 1814 war hei d‘juristesch Verwaltung vum neien „Département des Forêts“ ënnerbruecht; och den Napoleon I. huet hei gewunnt.

1868: aalt Stadhaus

„rue du Marché-aux-Herbes”

© Photothèque de la ville de Luxembourg

1741 gouf d‘Stadhaus duerch een Ubau vergréissert. Dëst Gebai huet de Bäinumm „La Balance“ kritt.

Vun 1815 u war de Palais de Sëtz vun alle Regierungskommissioune bis 1867. Vun 1848 u sinn hei och d’Sëtzunge vun där neier Chamber ofgehale ginn, esou datt déi exekutiv a legislativ Gewalten ënner engem Daach ënnerbruecht waren. D‘Legislativ, déi 1857 zur Stännversammlung gouf, bleift op där Plaz, bis si den 30. Oktober 1860 op hiren haitege Sëtz riets niewent dem Palais plënnert.

1867 gëtt de Londoner Vertrag ënner­schriwwen a Lëtzebuerg doduerch zu engem op éiweg neutrale Staat. D’Entmilitariséierung féiert zum Ofzuch vun der preisescher Garnisoun, wouduerch bannescht kierzter Zäit eng ettlech Gebaier eidel stoungen a Staatsdéngschter a Verwaltungen an dës Gebaier plënnere konnten. D‘Regierung plënnert vum éischte Stack an den ale Refugium vum Sankt Maximin (dem haitegen Ausseministère). Aner Déngschter wéi zum Beispill den Archeologesche Musée, de Landwirtschaftlechen Déngscht an d‘Erzéiungskommissioun um zweete Stack si bliwwen.

1895: de Palais no de Renovatiounsaarbeschte (1891-1895)

© Photothèque de la ville de Luxembourg

Gläichzäiteg déngt de Palais dem Kinnek-Groussherzog Wilhelm an dem Wilhelm dem Drëtten an de Joren 1841, 1844 an 1845 als Wunneng bei hire sporadesche Besich zu Lëtzebuerg. Vun 1850 bis 1878 halen de Prënz Heinrich, de Vertrieder vum Groussherzog Wilhelm den Drëtten, a seng Fra sech reegelméisseg am Palais op, fir sech ëm lëtzebuergesch Affären ze këmmeren.

1890 fänken d’Ëmbauaarbechten un fir de Palais an Zukunft just nach fir offiziell Uläss notzen ze kënnen. Am selwechte Joer iwwerhëlt d‘Haus Nassau-Weilburg d‘Kroun. Bei dësen Aarbechten, déi vum Groussherzog Adolphe beoptraagt goufen, ginn d’Raimlechkeete komplett nei gemaach, a gläichzäiteg entsteet am Haff vum Palais e kompletten neie Fligel. D‘Aarbechten, déi sech iwwer véier Joer erstrecken, gi vum Bréisseler Architekt Bordiau mat der Ënnerstëtzung vum Staatsarchitekt Charles Arendt duerchgefouert.

Am Zweete Weltkrich gëtt de Palais ënner der däitscher Besatzung zu enger Tavern ëmfunktionéiert. Déi ëmfangräich Billersammlung, dorënner Wierker vu Largilière an Tischbein, déi orientalesch an hollännesch Parzeläinssammlung an d‘Sammlung vu Vasen aus Sèvresparzeläin a russeschem Malachit ginn opgeléist, glécklecherweis awer spéider erëmfonnt. Direkt no der Befreiung duerch déi alliéiert Truppe gëtt de Palais renovéiert an ass säitdeem erëm de politesche Mëttelpunkt vum Land. All Joer stiermen d‘Leit op Nationalfeierdag, dem 23. Juni, Richtung Palais, fir dem Groussherzog ze wénken.

1942: de Palais wärend der Däitscher Besatzung

 Batty Fischer© Photothèque de la ville de Luxembourg

Säit 1964 gi bis haut reegelméisseg Renovatiounsaarbechten duerchgefouert, fir den haitegen Uspréch un Ästhetik a modernem Confort gerecht ze ginn.

Bei dësen Aarbechte sollten ënner anerem Beräicher wéi de Salon, d‘Schlofzëmmer a Buedzëmmer fir den Openthalt vun auslännesche Gäscht fäerdeggemaach ginn, virun allem bei Staatsvisitten.

De Palais: Aarbechtsplaz vum Groussherzog a Wunnsëtz vun der groussherzoglecher Famill

Den Artikel 44 vun eiser Verfassung gesäit vir, datt de Palais an der Stad an d‘Schlass zu Bierg dem Groussherzog als Wunnsëtz virbehale sinn.

Am Palais geet de Monarch, de President vun der exekutiver Gewalt, senger dagdeeglecher Aarbecht no. E puer Mol an der Woch gesäit hie seng Mataarbechter, déi hien iwwer politesch Neiegkeeten informéieren, empfänkt wichteg Perséinlechkeeten, ënnerschreift Gesetzer an Arrêtéen, préift Demande-de-grâcen a liest Berichter aus der nationaler an internationaler Press.

Am Palais ginn och d‘Zeremonië fir d‘Accreditéierung an den Abschid vun accreditéierten Ambassadeuren ofgehalen.

De groussherzogleche Palais bitt fir Staatsvisitten an international Treffen dee passende Kader. De Palais, an deem d‘Visiteuren och ënnerbruecht sinn, huet domat eng zentral Bedeitung bei verschiddenen Zeremonien.

Am Festsall um éischte Stack fannen offiziell Empfäng statt. Am Kinnekssall op der selwechter Etage ginn déi zu Lëtzebuerg accreditéiert Ambassadeuren empfaangen.

An dësem Festsall gëtt och den 9. Abrëll 1953 d‘Hochzäit tëschent dem Ierfgroussherzog Jean an der belscher Prinzessin Joséphine-Charlotte ofgehalen. Am selwechte Sall iwwergëtt Hir Kinneklech Altess, d‘Groussherzogin Charlotte no 45 Joer den Troun un hire Bouf, de Groussherzog Jean.

2018: de Palais

De Palais als Konschtdenkmal

Bei der Fassad vum Palais stécht virun allem déi harmonesch Eenheet vun deenen zwee op der éischter Etage ugebauten, polygonalen Tiermercher eraus. D‘Déift vun den zwee Tierm ass identesch mam Gelänner, dat haut aus Eisen, fréier awer aus Steng gebaut war. Déi insgesamt vertikal Ausriichtung vum Gebai gëtt duerch deen héijen Daach, déi elegant a schlank Tiermercher an d‘Mansardesfënsteren nach weider verstäerkt.

Op all Etage fält Dagesliicht duerch fënnef Fënsteren eran, déi duerch hir Positioun de strenge Charakter vun der Fassad ënnersträichen. E grousse Koup un Ornamenter a Reliefform, zum Deel typesch fir d‘spuenesch Spéitrenaissance, droen hiren Deel derzou bäi, dat Ganzt manner streng wierken ze loossen.

Restauratioun vum groussherzogleche Palais an de Joren 1991 bis 1996

Aus techneschen a perséinleche Grënn ass de Wonsch geäussert ginn, de Palais ze renovéieren an em erëm seng ursprénglech Schéinheet zeréckzeginn. All Agrëff war drop ausgeriicht, de Palais nei ze maachen, ouni d‘Architektur ze veränneren. Den authentesche Charakter vum Gebai sollt als Spigelbild an Zeie vun der Lëtzebuerger Vergaangenheet erhale bleiwen.

Bannenan ass besonnesch un der Verbesserung vun der Funktionalitéit vun de Wunn- an Déngschtraim geschafft ginn. Deen haut gréisste Sall am Palais, den „Balance Sall“, dee bis dohin aus verschiddenen Eenheete bestoung, ass nach eng Kéier opgewäert ginn.

Am Bausseberäich sinn haaptsächlech Botz- a Pflegeaarbechten duerchgefouert ginn, awer och aner Aarbechten, déi d‘statescht Gläichgewiicht vun der Mauer-, der Gespär- an der Fundamentstruktur betraff hunn. D‘Aarbechten hu vun November 1991 bis Enn 1996 gedauert.

Quell: SIP/Luxembourg.lu

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.