Lëtzebuerger Tour-de-France-Gewënner Wat ass aus hinne ginn?

Henri Bressler

Net manner wéi fënnefmol huet e Lëtzebuerger den Tour de France gewonnen, de François Faber am Joer 1909, den Nicolas Frantz an de Joren 1927 an 1928, de Charly Gaul 1958 an den Andy Schleck 2010. Wat ass eigentlech no hirer aktiver Zäit aus dësen onvergiessleche Vainqueure ginn? – E Gespréich mam Henri Bressler, Auteur vun enger zweebänneger Geschicht vum Lëtzebuerger Vëlosport a vun diverse Sportlerbiographien, ënner anerem iwwer de François Faber, den Nic. Frantz, de Charly Gaul an den Acacio da Silva.

Här Bressler, wat hunn déi lëtzebuergesch Tour-de-France-Victoirë fir d’Land a fir d’Sportler selwer bedeit?

Henri Bressler: Virun allem hate se allkéiers e groussen Impakt op d’Zuel vun de Lëtzebuerger Nowuesscoureuren. Jonk Leit sinn doduerch encouragéiert ginn, fir sech och hanner de Guidon ze klemmen an hire Virbiller nozeäiferen. Dat ass iwwregens en Effet, deen och nach an eiser Zäit ze gesinn ass – no der Victoire vum Andy Schleck sinn eng Hellewull nei Talenter opgetaucht, déi mat impressionnante Leeschtungen iwwerzeege konnten a kënnen. Wat déi lëtzebuergesch Tour-de-France-Gewënner selwer ugeet: De François Faber (1887-1915) huet sech vu sengem Präisgeld en Auto kaf, wat ufanks vum leschte Joerhonnert eng kleng Sensatioun war. Laang konnt hie säin Erfolleg awer leider net genéissen: Well dem Faber säi Papp Lëtzebuerger war a seng Mamm Franséisin, hat hie sech, wéi hie volljäreg ginn ass, fir déi lëtzebuergesch Nationalitéit entscheet, dat virun allem, fir net an d’franséisch Arméi agezunn ze ginn. Wéi den Éischte Weltkrich ausgebrach ass, huet hien sech dunn awer spontan fräiwëlleg an déi franséisch Friemelegioun gemellt an ass schonn ee Joer duerno an der Schluecht gefall. Bedeitend besser ass dem Nicolas Frantz (1899-1985) säi weidere Liewenswee verlaf. Hien huet zu Mamer e Vëlosgeschäft opgemaach, dat séier méi grouss ginn ass. Haut ass doraus e klenge private Musée iwwer dëse bedeitende Sportler ginn, dee vu senger Duechter Nicole an hirem Mann Léon Letsch ageriicht gouf.

François Faber (1887-1915)

1.8.1909

Foto: © Tageblatt

Nicolas Frantz (1899-1985)

17.7.1927
15.7.1928
Foto: Wikipedia CC

Charly Gaul (1932-2005)

19.7.1958

Foto: Wikipedia CC

Andy Schleck

25.7.2010
(6.2.2012)
Foto: © Julien Garroy - Tageblatt

Mam Charly Gaul hat Dir e ganz perséinleche Kontakt…

Henri Bressler: Richteg, ech war jo fir de Sportsministère täteg an de Charly Gaul (1932-2005) gouf vun eis am Joer 1989 kontaktéiert, fir bei der Organisatioun vum éischten Tour-de-France-Depart zu Lëtzebuerg matzewierken. De Charel hat sech no senger Victoire laang Joren zeréckgezunn, hie war iwwerhaapt e ganz bescheidenen, rouege Mënsch. Duerch déi nei Aufgab ass hien awer nees op de Geschmaach komm an huet sech no zwanzeg Joer „Abstinenz“ erëm e Vëlo kaf. Hien huet och duerno weiderhi fir de Ministère geschafft a mat sengem profunde Wësse vill zum Opbau vum Lëtzebuerger Sportsarchiv bäigedroen. De Charel ass dunn am Joer 2000 an d‘Pensioun gaangen.

Komme mer zu deem jéngste Lëtzebuerger Tour-de-France-Gewënner. Den Andy Schleck, 1985 gebuer, huet no senger Tour-de-France-Victoire och net d’Hänn an de Schouss geluecht…

Henri Bressler: Nee, wierklech net. Den Andy huet, wéi den Nic. Frantz, no senger aktiver Carrière e Vëlosgeschäft opgemaach, an dat zu Izeg. Donieft setzt hien sech awer och mat vill Energie fir weiblech Vëlostalenter an. Am Kader vu sengem „Andy Schleck Cycles Women Project“ fueren am Moment ëm déi 10 Dammen an der Kategorie „Élites/Espoirs“, 4 Juniorinnen, 4 „Débutantes“ a 5 „Cadettes“ bei Courssen zu Lëtzebuerg an am Ausland. An da gëtt et och nach den „Andy Schleck Challenge“, bei deem et net drëms geet, dee Séiersten ze sinn, mee méiglechst vill Kilometeren ze fueren. Pro Ronn gëtt vu Sponsoren dofir e bestëmmte Montant fir e gudden Zweck gestëft.

Zu gudder Lescht eng vläicht e bësse kniwweleg Fro: Wourop féiert Dir déi traditionell Vëlosportbegeeschterung vun de Lëtzebuerger an déi Top-Leeschtunge vu lëtzebuergesche Coureure beim Tour de France zeréck?

Henri Bressler: Et huet vläicht mat der Topographie vun eisem Land ze dinn: Deen hiwwelegen Terrain vu Lëtzebuerg bitt engem als Vëlosportler ideal Konditioune fir den Training. An da kënnt nach dobäi, datt mir mat Frankräich an der Belsch gläich zwee „vëlosport-verréckten“ Nopeschlänner hunn – esou eppes muss jo einfach ustiechen!

En Artikel vum Patrick Calzi

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.