Déi éischt Schola Europaea gouf 1953 an engem einfachen Haus an der Avenue Louis Pasteur ageriicht, vun do ass se dann ëmmer erëm geplënnert, well d’Gebai ze kleng ginn ass. Vun der Avenue Louis Pasteur ass se an d’Villa Lentz geplënnert an 1957 dann op de Boulevard de la Foire. An deem Joer ass dann och de Protokoll, oder d’Statuten, fir d’Europaschoul vun den eenzele Memberstaaten (Belsch, Däitschland, Frankräich, Lëtzebuerg, Italien an Holland) ënnerschriwwe ginn, an d’Schoul ass offiziell als Europaschoul unerkannt ginn.
Zwee Joer drop, am Juli 1959, sinn dann déi éischt Ofschlossexame geschriwwen a gepackt ginn. Tëschent 1973 an 1974 ass d’Schoul dann op de Kierchbierg geplënnert, wou een se och haut nach fënnt. 2004 gouf dann entscheet, eng zweet Europaschoul zu Lëtzebuerg ze bauen, fir déi éischt ze entlaaschten.
D’Experiment vun der internationaler europäescher Schoul war also e groussen Erfolleg. Esou grouss, datt net nëmmen hei zu Lëtzebuerg Europaschoule gebaut goufen, mee quasi iwwerall, wou et gréisser Europäesch Institutioune ginn. Mëttlerweil ginn et nach weider fënnef Europaschoulen an der Belsch, véier dovun zu Bréissel an eng zu Mol, dräi an Däitschland zu Frankfurt, Karlsruhe a München, eng an Italien zu Varese, eng weider an Holland zu Bergen an eng a Spuenien zu Alicante.
Dobäi kennt nach eng Villzuel vun akkreditéierte Schoulen, also Schoulen, déi als Europaschoulen unerkannt ginn. Dofir gëtt als éischt gekuckt, ob d’Coursen an den Erzéiungsmodell dem Standard, dee vun der Europaschoul festgeluecht gëtt, entspriechen. Esou huet Lëtzebuerg zum Beispill niewent den zwou offiziellen Europaschoulen nach sechs weider unerkannte Schoulen. Dozou gehéiert och déi leschten Additioun, d’École internationale Gaston Thorn, déi am September 2022 hir Dieren opgemaach huet. Insgesamt ginn et 24 akkreditéiert Schoulen an Europa, ausserdeem nach zwou, déi nach op hir Akkreditéierung waarden.
Eng vun de Saachen, déi d’Europaschoulen esou speziell maachen, ass, datt hei net nëmmen op Däitsch, Franséisch oder Englesch ënnerriicht gëtt, mee och op Finnesch, Litauesch, Hollännesch, Polnesch, Portugisesch, Schweedesch a Spuenesch. Ausserdeem bitt d’Europaschoul och nach Coursen ouni Sproochesektioun op Bulgaresch, Estnesch a Lettesch un. Jee nodeem, wat engem seng Mammesprooch ass, gëtt een dann an d’Europaschoul I oder II geschéckt. Nieft de Sprooche ginn natierlech och Mathé, Natur- an Humanwëssenschafte geléiert. Dobäi kënnt Sport an d’Fuerdere vun der Kreativitéit duerch Musek a Konscht.
De Cours ass dann och ëmmer eenegermoosse gläich, ob een elo zu Lëtzebuerg an d’Europaschoul geet oder a Spuenien, ass eigentlech egal. Deen eenzegen Ënnerscheed fënnt ee beim Léierplang vun der Mammesprooch. Dat garantéiert Flexibilitéit, well Kanner, déi duerch d’Aarbecht vun den Elteren dacks plënnere mussen, kréien esou trotzdeem hir Educatioun ouni hannendran ze kommen. Esou verléieren se net ze vill Zäit a kënne ganz normal hiren Ofschloss maachen an duerno och op eng Universitéit goen. Den Ofschloss vun der Europaschoul ass nämlech net nëmmen iwwerall an Europa unerkannt, mee och zum Beispill an den USA an an der Schwäiz.
E weideren a wuel ee vun de wichtegste Virdeeler vun der Europaschoul ass, datt d’Kanner scho vu Klengem un als Europäesche Bierger erzu ginn. Duerch d’Mësche vun de verschiddene Sproochen a Kulture léieren d’Kanner nämlech zimmlech fréi wichteg Wäerter wéi Solidaritéit, Respekt an Akzeptanz.
En Artikel vum Jo Schneider