Picknick op der Kiermes!

En Tour op der Schueberfouer

Däerf ech mech kuerz virstellen, mäin Numm ass Heng Respel, kuerz H. Respel, an zesumme mat menger risegrousser Famill hu mir elo erëm eise groussen, traditionelle Konveniat gefeiert, an zwar um Glacis op der Fouer, wou mir eis all Joer esou zimlech d’Schwäi stellen. Firwat soll dann dat gréisst an eelst Volleksfest an der Groussregioun net och fir eis do sinn, mir si jo och ee Vollek, ee pickegt!

A wouhier, mir sinn dach net aggressiv, et kann ee wuel denken, et kann een eis dach och einfach a Rou loossen, wa mir an eise schwaarz a giel gesträifte Pyjamaen doruechter tierkelen, nodeems mir an hallef gefëllten Humpeglieser e puer gutt Schluppe kritt hunn. An da goung et awer viv op den Dessert lass, do komme mir jo net derlaanscht! Meng Kolleegen an ech, mir wenzelen eis all Joer an deem pechege Nougat a mir danze ronderëm deem aartleche Belsch Jean la Gaufre seng Eisekuche mat Klappschmant, wou mir eis ëmmer mat eisen ageflunnene belschen Divisiounen treffen an iwwer hir Sproocheproblemer diskutéieren.

Kommt, ech doen emol kuerz dee gescheite Brëll op an zielen Iech e bëssen aus der Geschicht vun der Schueberfouer, déi zeréckgeet op den 20. Oktober 1340, wéi de Jang de Blannen der Stad Lëtzebuerg de Privileeg offréiert huet, e puer Deeg laang op engem Joermaart ze feieren, datt d’Fruucht gutt ënnerdaach bruecht ginn ass, deemools nach um Helleg-Geescht-Plateau. 1610 ass dunn dëse Maart, dee vun Ufank u Schuebermëss geheescht huet, op de Lampertsbierg geplënnert, wou en nach haut all Joer vun engem Schéifer a senge Schof mam Hämmelsmarsch offiziell opgemaach gëtt.

Waren et fréier éischter traditionell Maartstänn, déi d’Leit aus allen Ecke vun der Groussregioun op d’Fouer gezunn hunn, sinn et haut éischter den Amusement an de Kick op deene moderne Fuergeschäfter … an natierlech och d’Gefréiss, dofir si meng Kolleegen an ech jo och ëmmer hei um Dill. Mir dréien ewéi Helikoptere ronderëm aromatesch Glacëwafelen an hechelen hanner de gebakene Fësch, mir huppen eis op d’Gromperekichelcher a knabberen u séiss parfüméierte Fraen. Fréier si mir och alt nach bei den Zutz an d’Bud geflunn an hunn do un deene gegrillte Poulete geschnabbelt, déi zu Honnerten an der Glous gedréit hunn, mee haut ass dat eriwwer, an elo fänke mir esou lues un, eis och un d’Mullen ze gewinnen, déi zanter e puer Joer hiren Hierschtufank op der Fouer feieren.

Nom Picken an nom Nicke fléie mir dann emol gär en Tour héich iwwer d’Fouer, a vun hei uewe gesäit alles esou schéi faarweg aus, mat dausende Luuchten, déi blénken, a vun alle Säite gi mir mat Musek zougeschëppt, wat eis dann awer schonn heiansdo e bëssen opdréie kann. D’Mënsche klamme jo iwweregens dofir op esou e grousst Rad, wat ronderëm dréit, ouni vun der Plaz ze kommen. A fir iwwerhaapt op d’Plaz ze kommen, huelen si neierdéngs vun enger vun de P&R-Parkplazen um Kierchbierg aus den Tram, well méi no kann ee guer net bäikommen, och wa fir d‘Schinnen huet missen e gudden Deel vun der Plaz geaffert ginn. Dofir krute mir dëst Joer awer déi gréisst Achterban, déi Lëtzebuerg jeemools gesinn huet!

Och wann déi klassesch Scheffer-Allee mat hire besonnesch interessanten an ëmmer méi präisgënschtege Weltsensatioune wéi automatesch Mixeren, Geméisrapp-Roboteren an Antipech-Panen, Gewierzer, Nano-Lackveredelungen an Insekten-Ofwier-Apparaturen (wat ech perséinlech jo vläicht e bëssen iwwerdriwwe fannen) zanter der Tram-Period zimlech auserneegerappt ginn ass, et gehéiert dach einfach derbäi!

A wësst Dir wat? All Joer souert de Lëtzebuerger op e Neits, wéi deier d’Fouer dach erëm ginn ass zanter dem Joer virdrun, mee hie kënnt dann awer net derlaanscht an trëppelt am Duerchschnëtt dach awer bestëmmt zwee-, dräimol driwwer, iwwer dës Brieder, déi den Hierscht bedeiten. Fir jiddwerengem et méi einfach ze maachen, kann ee jo dee leschten Owend soen: „Komm mir ginn nach séier eng Kéier op d’Fouer, et ass elo nach vill méi bëlleg wéi d’nächst Joer!“

En Artikel vum Sully Prud‘homme

Click Here
Click Here
Click Here
Previous slide
Next slide

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.