Stroum fir d’Zukunft

D'Pompelspäicherkraaftwierk zu Veianen

Am Pompelspäicherkraaftwierk zu Veianen gëtt Stroum fir ganz Europa produzéiert – a gläichzäiteg gi Schwankungen am Stroumnetz ausgeglach. Veianen ass domadder e wichtegen Energie-Knuet an Europa.

Wann d’Maschinnen ulafen, ass de Kaméidi bal net auszehalen. Awer nëmmen ënnert der Äerd. Beim idyllesche Stauséi no bei Veianen, méi genee zu Stolzembuerg, mierkt een näischt dovun. Do, wou d’Our fréier schmuel a lues geplätschert ass, ginn et haut een ieweschten an en ënneschte Staubaseng, eng imposant Staumauer an natierlech d’Pompelspäicherkraaftwierk selwer ze gesinn. Säit den 1960er Jore gëtt hei Stroum produzéiert. Dat leeschtungsstaarkt Pompelspäicherkraaftwierk regelt zu engem groussen Deel dat europäescht Netz, ass en international bekannten Erfollegsmodell, awer och e Magnéit fir d’Touristen.

„Ech féieren hei Touristen a Schoulklassen derduerch, Studenten an Techniker, awer och Ingenieuren“, erzielt de Marcel Heck. De 74 Joer ale Mann ass ee vun fënnef Guiden, déi sech am Kraaftwierk auskennen an e puer Mol pro Woch Visiteuren aus aller Welt d’Wierk weisen – an awer ass de Marcel Heck deen eenzegen, deen iwwer Joerzéngten hei zu Veianen am Kraaftwierk geschafft huet. Vun 1968 bis 2002 war hie Maschinist. „An elo kommen ech ëmmer nach gär heihin“, seet hie mat engem Laachen. Hien empfänkt Visiteuren, weist hinnen dat imposant Modell vum Kraaftwierk, wéi et haut am Dall vun der Our geleeën ass, mat den zwee Staubasengen um Fouss vum Niklosbierg, mat Schleisen an anere funktionell wichtegen Elementer.

Och e Film kréien d‘Visiteuren ze gesinn, éier et an de Visiteursstollen op de wäitleefegen Terrain geet. Doranner si Biller mat Erklärungen un den Wänn. Erklärungen iwwer de Klimawandel an zu de verschiddenen Aarte vun der Energiegewënnung; ee Quiz kann ee maachen, an deem e gewuer gëtt, wat am Haushalt déi gréissten Energiefriesser sinn, a villes méi. 200 Meter wäit kann de Visiteur hei an de Bierg eran – dobäi ass de Stolle mat siwe Kilometer vill méi laang. Villes ass ënner der Äerd an der Waasseruewerfläch verstoppt a weist sech eréischt, wann een sech mat dem Kraaftwierk beschäftegt.

Gebaut gouf et ab dem Joer 1959. Datt am Dall vun der Our ee Kraaftwierk entstoe sollt, war schonn am Joer 1920 vum Emile Mayrisch, engem Ingenieur vun der deemoleger „Arbed“ geplangt ginn – mee du koum den Éischte Weltkrich dotëschent. De Plang aus den 1920er-Joren, eng grouss Staumauer an ee grousse Stauséi opzeriichten, gouf wéinst politesche Widderstänn verworf, well dofir hätte misste fënnef Dierfer op lëtzebuerger an däitscher Säit ënner Waasser gesat ginn.

Nom Zweete Weltkrich gouf et en neit Konzept. Eng Staumauer bei Veianen, eng 330 Meter laang Kavern mat betonéiertem Verwëllef fir d’Maschinnen an e Stolle fir d‘Drockwasser sollten an de Bierg eragebaut ginn. Och e 50 Hektar groussen ieweschten an en 100 Hektar groussen ënneschte Staubaseng sollten um Niklosbierg gebaut ginn. 1951 gouf dofir d’SEO gegrënnt, d’Société Electrique de l’Our, mat dem Lëtzebuerger Staat an der däitscher RWE Power AG als Haaptaktionnären.

Previous slide
Next slide

Grondlag fir déi grenziwwerschreitend Zesummenaarbecht a Saache Stroumhierstellung war am Joer 1958 e Staatskontrakt tëschent Däitschland a Lëtzebuerg – eng Basis mat Rechter an Flichten, déi säit dem 1. Januar 1965 fir 99 Joer gëllen. Dat däitscht Stroumnetz ass méi staark wéi dat lëtzebuergescht, soudatt et de Stroum liwwere kann, deen néideg ass, fir d’Pompele vum Kraaftwierk ze bedreiwen.

Ëmgekéiert bréngt Veianen Stroum an dat däitscht Netz a regléiert d’Stroumstäerkt: Ass ze vill Stroum do, well méi produzéiert ewéi verbraucht gëtt, pompelt d’Kraaftwierk Waasser an den ieweschte Baseng; gëtt méi Stroum gebraucht, well de Verbrauch am Stroumnetz méi héich ass oder well aner Anlagen wéi Wandkraaft oder Solar wiederbedéngt méi schwaach Leeschtunge bréngen, gëtt Waasser an den ënneschte Baseng ofgelooss an doduerch Stroum hiergestallt, dee bannent zwou Minutten am däitschen an domat europäesche Stroumnetz lant.

Méiglech maachen dat haut eelef Pompele mat héijer Leeschtung. Déi néng eeler hunn eng Kraaft vun 100.000 Kilowatt. Déi zwou nei Pompelen, Nummer 10 an Nummer 11, leeschten allkéiers 200.000 Kilowatt. „Well d’Kraaftwierk esou een Erfolleg hat, gouf relativ schnell de Bau vun der Pompel Nummer 10 entscheet“, erënnert sech de Marcel Heck. Si ass an den 1970er-Jore gebaut ginn. Net horizontal wéi déi néng éischt, mee vertikal, an e 50 Meter déiwe Schacht am Buedem. 1976 gëtt si a Betrib geholl. Déi nei Technik erméiglecht eng méi effektiv Leeschtung. Déi 2014 ageweite Pompel Nummer 11 huet déi selwecht Leeschtung, léisst sech awer regléieren.

Technesche Fortschrëtt op allen Niveauen! An engem Stéck gëtt Entretien gemaacht, gefléckt an erneiert, och ënner Waasser. Hei suergen Taucher fir Sécherheet a Stabilitéit.

Click Here
Previous slide
Next slide

Hautdesdaags schaffe ronn 200 Leit am Kraaftwierk. Déi meescht vun hinnen zu Veianen, e puer awer och an der Stad Lëtzebuerg, wou haut nach d’Administratioun sëtzt. Dës wäert awer och geschwënn op Veianen plënneren. „Mir si prett fir d’Zukunft, a mat ronn 1300 Megawatt Leeschtung dee stäerkste Späicher am däitschen Netz“, verzielt eis de Paul Zeimet, Generalsekretär vun der SEO. Eist Wierk gläicht staark Differenzen aus a garantéiert doduerch d’Versuergung vu ganz Europa mat Stroum. Dat flexibelt Kraaftwierk spillt dofir och eng immens wichteg Roll beim Ausbau vun den erneierbaren Energien. Egal ob dës am Moment ze vill oder ze wéineg Energie liwweren, zu Veianen gëtt et ausgeglach.

En Artikel vum Birgit Pfaus-Ravida

Zum SEO-Grupp gehéieren d’Pompelspäicherkraaftwierk zu Veianen mat eelef Maschinnen, zéng Kraaftwierker mat 31 Maschinnen, déi mat Waasser bedriwwe ginn op verschiddene Plazen am Land, an zurzäit siwe Wandparke mat 42 Wandmillen. Weider Wandparke si geplangt.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.