Conservatoire National de Véhicules Historiques zu Dikrech
Nomen est omen: De President Änder Ferrari huet mir Ried an Äntwert gestan. Den Auto, dem Lëtzebuerger säi léifste Kand! Mir werfen e Bléck an d’Maternité vun dësem Fortbeweegungsmëttel, wat nach ëmmer esou ze begeeschtere weess. Zu Dikrech ass zanter 2004 an der Rue de Stavelot en interessante Musée ze fannen, wou ronn 140 Zäitzeien […]
Selbstännegkeet
„Wat wëlls de da ginn, wann s de grouss bass?“ Dës Fro weist, wat fir eng Bedeitung Aarbecht an den eegene Beruff an eiser Gesellschaft hunn …
Henri Tudor
Scho laang virun der Hierstellung vum Waasser gouf et zu Rouspert e Mann, deen dës Uertschaft national wéi och international bekannt gemaach huet. Rieds geet hei vum Henri Tudor, deen als groussen Erfinder an Ingenieur am Beräich vun der Technologie an d’Lëtzebuerger Geschicht agaangen ass.
D‘Geschicht vun de Walen
Ënner dem Drock vun de Bierger huet d’Regierung 1918 dat allgemengt Walrecht an och den Achtstonnendag ageféiert. Ee Joer dono hunn d‘Nationalwale stattfonnt. Dës Walen am Joer 1919 ginn als éischt wierklech demokratesch Walen zu Lëtzebuerg an d’Geschichtsbicher an.
De Roude Léiw weist d’Krallen
Och wann d’Nationalekipp vun eisem klenge Ländchen nach laang net zu den Elitte-Ekippen op der Welt gehéiert, esou huet de Roude Léiw awer méi ewéi eng Kéier dem Géigner d’Kralle gewisen.
Wie war de Luussert?
An der Lëtzebuerger Press gouf et ëmmer mol erëm Zäiten, an deenen sech bekricht ginn ass. Et waren haaptsächlech déi zwee grouss Medien, d’Luxemburger Wort (LW) an d’Tageblatt (TB), déi ganz ëffentlech openee geschoss hunn. Ganz perfid ass et ginn, wéi an der Ära Thorn (1975-1979) d’LW op hirer ganz prominenter Säit 3 eng Rubrik agefouert huet, déi den Titel Lénks geluusst gedroen huet. De Luussert, sou huet deen anonymmen Auteur vun där Rubrik ënnerschriwwen, huet mat allen him zur Verfügung stoende Mëttelen a mat heftege Schléi ënner de Rimm op déi Lëtzebuerger Lénk ageschloen.
American Saint Nick
Hutt Dir scho vun der Geschicht vum amerikanesche Kleeschen héieren? Nee? Ma da stréckt Iech un, well Dir gitt elo mat op eng Zäitrees geholl, déi Iech an d’Joer 1944 zeréckféiert.
Stroum fir d’Zukunft
Am Pompelspäicherkraaftwierk zu Veianen gëtt Stroum fir ganz Europa produzéiert – a gläichzäiteg gi Schwankungen am Stroumnetz ausgeglach. Veianen ass domadder e wichtegen Energie-Knuet an Europa. Wann d’Maschinnen ulafen, ass de Kaméidi bal net auszehalen. Awer nëmmen ënnert der Äerd. Beim idyllesche Stauséi no bei Veianen, méi genee zu Stolzembuerg, mierkt een näischt dovun. Do, […]
Kennt dir eigentlech …
Foto: © Les 2 Musées de la Ville de Luxembourg, photo: Christof Weber Hien ass ee vun de wichtegste Personnagë vun eisem Land, de Jean 1er de Luxembourg, besser bekannt als Jang de Blannen, Kinnek vun Béimen a Papp vun der Schueberfouer. Hei ass seng Geschicht. Den 10. August 1296 gëtt de Jang als eenzege […]
Ëmmer nees zu neiem Liewen erwächt
Si waren 2007 den Epizentrum vun der deemoleger europäescher Kulturhaaptstad. Net nëmmen d’Ouverture vun dësem Event huet do stattfonnt, mee och ganz vill kulturell Veranstaltungen: Rieds geet vun de Rotonden zu Bouneweg, déi schonn eng laang an och facettëräich Geschicht hunn.