Wie war de Luussert?

An der Lëtzebuerger Press gouf et ëmmer mol erëm Zäiten, an deenen sech bekricht ginn ass. Eng Kéier méi, déi aner Kéier manner. Et waren haaptsächlech déi zwee grouss Medien, d’Luxemburger Wort (LW) an d’Tageblatt (TB), déi ganz ëffentlech openee geschoss hunn. Sou zum Beispill an de Jore vun 1974 bis 1979, an deenen d’CSV fir d’éischte Kéier no engem hallwe Joerhonnert net méi an der Regierung, mee wéinst deem schlechte Walresultat an dem Rotschlo vum deemolege Chefredakter vum LW, dem Abbé André Heiderscheid, op der Oppositiounsbänk souz.

Tëschent de Gaasperecher Wisen (LW) an der Escher Kanalstrooss (TB) gouf et dacks Reiwereien. Da sinn op béide Säiten d’Fiedere gespëtzt ginn an et gouf aus alle Réier geschoss. D’Redaktiounen haten sech openeen ageschoss, et huet een deen anere Schëmmel a Bless vernannt.

Ganz perfid ass et ginn, wéi an der Ära Thorn (1975-1979) d’LW op hirer ganz prominenter Säit 3 eng Rubrik agefouert huet, déi den Titel Lénks geluusst gedroen huet. De Luussert, sou huet deen anonymmen Auteur vun där Rubrik ënnerschriwwen, huet mat allen him zur Verfügung stoende Mëttelen a mat heftege Schléi ënner de Rimm op déi Lëtzebuerger Lénk ageschloen. D’Tageblatt, dat der Eisebunnergewerkschaft FNCTTFEL (Landesverband), dem Lëtzebuerger Aarbechter-Verband (LAV, spéider OGB-L) an der Lëtzebuerger sozialistescher Aarbechter-Partei (LSAP) nostoung, war niewent der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek (KPL, Kommunistesch Partei Lëtzebuerg) an dem De Journal (DP, Demokratesch Partei) d’Haaptzil vun den Attacken aus dem LW. Dozou sief ernimmt, datt d’Bistumszeitung LW d’DP deemools als lénksliberal agestuuft huet. Déi dräi Leit, déi de Luussert am meeschten am Viséier hat, waren de Gaston Thorn (DP), den Alvin Sold (Tageblatt) an de Benny Berg (LSAP).

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Déi schäerfste Waff vun der CSV

Den Alvin Sold huet an engem Interview deemools gesot, hien hätt als Tageblatt-Chefredakter ni esou eng perfid Gloss wéi déi am LW kënne veräntwerten. Wat d’Intentioun an d’Wierkung vum Luussert sengem Geschreifs ubelaangt huet, sot den Alvin Sold spéiderhin eng Kéier, déi wier mat där vum Bommeleeër ze vergläichen, deen an den 1980er-Joren op verschiddene Plazen am Land Sprengsätz gezünt hat an deen och ni identifizéiert ginn ass. Spéiderhin ass hanner de Kulisse gemonkelt ginn, datt sech hanner dem Luussert dee spéidere Cabinetschef vum CSV-Premierminister Pierre Werner (1979-1984), den Theaterdichter Nobert Weber, verstoppt hätt. Dat konnt awer ni bewise ginn.

De Rob Roemen, Journalist beim Journal an DP-Politiker, huet a senger Duerstellung vum Liberalismus zu Lëtzebuerg d’Luussert-Rubrik als déi perfiidste Gloss ugesinn, déi et jeemools an der Lëtzebuerger Press gouf. „Sie war zugleich die schärfste Waffe der CSV-Opposition“ (Roemen, 1995). D’Lëtzebuerger Land huet 1976 de Luussert ënner anerem e „rechtslastiger Heckenschütze“ genannt.

Bal all Theeme waren dem Luussert recht, fir aus der Hëft ze schéissen. Seng Liblingstheeme waren awer de Projet vum Atomkraaftwierk zu Rëmerschen, d’Gewerkschaftszeen, d’Präispolitik, d’Gesellschaftspolitik, d’Ofdreiwungsdebatt, d’Wirtschaftskris, de Spëtzeldéngscht asw. Et gouf net mat Kritik a Richtung Politiker a journalistesch Konkurrente gespuert. Ganz am Géigendeel. Esou huet de Luussert zum Beispill d’Tageblatt beschëllegt, 1937 d’Entscheedung vun engem sozialistesche Minister verdeedegt ze hunn, no där verzweiwelt Flüchtlingen iwwer d’Grenz vum Drëtte Räich an d’Hänn vun den Nazihenker zeréckgedriwwe gi wieren. Dem Luussert säi Fazit war, d’Tageblatt wier esouwuel „deemools“ (1937) wéi „och haut“ (1974-1979) eng Regierungszeitung gewiescht.

Sträit op ville Fronten

Mee et wier ze einfach, de Sträit tëschent dem LW an dem TB just um Luussert festzemaachen. A bal alle Rubricke sinn d’Fiedere gespëtzt ginn, op de politeschen, op de wirtschaftlechen an och op de lokale Säiten. An dat esouwuel an de Gaasperecher Wisen ewéi och an der Escher Kanalstrooss. Verschidden Artikele konnt ee mat enger Krichserklärung gläichstellen. An déi Zäit fält och de Splitting am Lëtzebuerger Journalisteverband ALJ (Association luxembourgeoise des journalistes). D’Journalisten aus dem Grupp Saint-Paul (Luxemburger Wort, Télécran asw.) hu sech vum Rescht ofgekapselt an hunn hiren eegene Veräin, d’UJL (Union des Journalistes Luxembourg) gegrënnt. An de follgende Jore koum et zu engem, och an der breeder Ëffentlechkeet ausgedroene, Sträit tëschent deenen zwee Verbänn (liest den Artikel mam Titel Am permanenten Asaz an dëser Nummer vum Konterbont).

Mee net nëmmen am redaktionelle Beräich war e grousse Sträit amgaang, och op Direktiounsniveau ass et hefteg zur Saach gaang. Esou gouf et zum Beispill e Bréif vu Säite vun der LW-Direktioun un d’Medienhaus an der Escher Kanalstrooss, wou ënner anerem dran ze liese stoung, datt et zu Lëtzebuerg nëmme Plaz fir eng Dageszeitung géif ginn, an dat wier nu mol d’Luxemburger Wort. De Bréif gouf am Tageblatt wéi eng reegelrecht Krichserklärung opgeholl.

Eréischt Enn der 1980er-Joren ass et méi roueg ginn op dëser Front. Och wann nach heiansdo Schléi ausgedeelt gi sinn, war et awer laang net méi esou schlëmm wéi virdrun. Et goufe Gespréicher gesicht, déi zwar net ëmmer erfollegräich waren, mee ëmmerhin huet ee probéiert, erëm méi respektvoll mateneen ëmzegoen. A ville Käpp ass dat, wat geschitt war, awer nach laang hänke bliwwen an et sinn ëmmer erëm kleng Streidereien, och tëschent eenzele Journaliste vum LW an TB, opgeflaamt.

Op Direktiounsniveau huet een deen anere ganz genee beobacht, a wa beim Grupp Editpress an der Escher Kanalstrooss en neie Produit lancéiert ginn ass, dann huet et net laang gedauert, bis zu Gaasperech en änlecht Produkt ugekënnegt gouf. Nëmmen zwee Beispiller: Kuerz Zäit no der Ukënnegung vun der éischter Nummer vun der franséischsproocheger Zeitung Le Quotidien (Editpress) kënnt am Grupp Saint-Paul d’Voix du Luxembourg eraus; dat selwecht gouf et am Fall vun der Gratiszeitung L’Essentiel (Editpress), op déi de Grupp Saint-Paul mam Point 24 reagéiert huet. Esouwuel d’Voix du Luxembourg wéi och de Point 24 hunn awer keng laang Liewensdauer kannt.

Vollständegkeetshalber sollt een ofschléissend nach festhalen, datt sech déi zwee Medienhaiser zum Beispill bei Pannen am drocktechnesche Beräich awer ëmmer géigesäiteg gehollef hunn a säit ville Jore kafen déi zwee de Pabeier, dee fir d’Zeitunge gebraucht gëtt, zesummen an. A wat d’Journalisteverbänn ubelaangt, sou hunn déi no méi ewéi 42 Joer Scheedung am Oktober 2017, ënner dem Impuls vum Auteur vun dësem Artikel, erëm zesummefonnt a setzen sech haut an der ALJP (Association Luxembourgeoise des Journalistes Professionnels) gemeinsam fir d’Interesse vum Beruffsjournalist an.

En Artikel vum Roger Infalt

Den Auteur war 30 Joer laang Redakter beim Tageblatt, schafft och haut nach fräiberufflech fir déi Zeitung, war laang Jore President vum gréisste Journalisteverband a vum Lëtzebuerger Presserot an ass haut nach Generalsekretär vun der ALJP (Verband vun de Beruffsjournalisten).

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.