adem

Schwätzt een vum Chômage, maache vill Leit direkt d‘Verbindung mat der ADEM. Mee dat ass awer nëmmen ee vu ville Gebidder, ëm déi sech dës Agence këmmert.

STM – Gesond op der Aarbecht

Wat heescht STM? Et ass d’Ofkierzung fir „Service de Santé au Travail Multisectoriel“ an ass eng allgemengnëtzlech Ariichtung, déi dem Gesondheetsminister ënnersteet.

D’Wärmepompel, déi nei Wonnerléisung?

Iwwerall gëtt d’Wärmepompel als déi nei Wonnerléisung fir ze hëtze beschwuer. Ass d’Wärmepompel wierklech DÉI Léisung, och fir méi al an energiehongreg Haiser, oder ass dës eng Moudesaach, an et mécht ee sech nëmmen aarm mat den ëmmer méi héije Stroumkäschten?

D’Energie aus dem Internetkabel

Datt den Internet e grousse Batz Energie verbraucht an domat och zur Ëmweltverschmotzung bäidréit, dat ass nawell net jiddwerengem bewosst. Mam Projet gréngeWeb hëlt d’Ëmweltberodung Lëtzebuerg sech dëser Problematik un, och wann de Projet an éischter Linn dozou do soll si fir ze sensibiliséieren.

Den Energiepass

Nieft de gängegen Energieleeschtungsklasse vun A bis G goufen och dräi nei Klasse vun A+ bis A+++ bäigefüügt. Déi e wéineg dabozeg Klassifikatioun gouf eréischt mat enger Direktiv vum Joer 2020 zeréckgeholl an der Effizienzklass ugepasst, wat op en Neits bei de Clienten deelweis fir en Duerchernee gesuergt huet …

Energiesubsiden an Hëllefe fir déi energeetesch Transitioun

Spéitstens säit der Energiekris sinn esou muencherengem Bezeechnungen ewéi „Solarthermie“, „Fotovoltaik“ oder „Pufferspäicher“ e Begrëff. D’Leit denken driwwer no, hiert Haus energeetesch ze sanéieren. Kréien ech do Subsiden? A wat maachen ech dann elo am beschten? Wie ka mir hëllefen a mech beroden?

Vum Frittendëppen an de Bensinnstank

feature image

An engem Pilotprojet fiert deen éischte mat engem 100%eg duerch „Biokraftstoff“ bedriwwene Camion vum LuxAirport op de Flughafe Paräis-Roissy Charles de Gaulle. Och Privatpersounen kënnen deen tanken. Den Nodeel ass awer, datt e méi deier ass an datt et just wéineg Tankstelle ginn, déi en ubidden.

Stroum aus der Groussregioun

Am Joer 2021 huet 82 % vum Stroum, deen zu Lëtzebuerg néideg ass, missen importéiert ginn. De selwerproduzéierte Stroum gouf erëm zu 82 % aus erneierbaren Energië gewonnen. Et sollt also méi gemaach ginn. Net nëmmen, fir dem Klimawandel entgéintzewierken, mee och fir manner ofhängeg vun importéierter Energie ze ginn.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.