adem

Ulafplaz a puncto Aarbechtssich

Eng Persoun, déi hiert Aarbechtsverhältnis ouni Grond gekënnegt krut, huet ënner bestëmmte Konditioune Recht op Chômage. Erfëllt déi betreffend Persoun dës Konditiounen, esou kann se vun dëser Moossnam vun der ADEM (Agence pour le développement de l’emploi) profitéieren. Schwätzt een also vum Chômage, maache vill Leit direkt d‘Verbindung mat der ADEM. Mee dat ass awer nëmmen ee vu ville Gebidder, ëm déi sech dës Agence këmmert. Schliisslech ass d’ADEM scho laang net méi d’Aarbechtsamt vu gëschter.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

A fréieren Zäiten huet d‘Aarbechtsagentur nach „Administration de l’emploi“, an anere Wierder Aarbechtsamt, geheescht. Zanter der Reform am Joer 2012 ass dat awer net méi de Fall. Vun dësem Moment un ass se op ADEM ëmgedeeft ginn. Ee Joer drop gouf et e Wiessel un der Spëtzt. D’Isabelle Schlesser gouf als Direktesch virgestallt. Mat dëser neier Direktioun goufe vill Ëmstrukturéierungen ënnerholl. D’ADEM huet sech zu engem Referenzpartner fir all d’Acteuren um Aarbechtsmaart entwéckelt.

Hir Haaptaufgab ass et sécherlech, dofir ze suergen, datt deejéinegen, deen op der Sich no Aarbecht ass a sech bei hinne gemellt huet, esou séier ewéi méiglech erëm an den Aarbechtsmaart integréiert gëtt. Dofir ginn d’Bedierfnesser vun den eenzele Persoune méi staark berücksichtegt, ewéi dat virun der Reform de Fall war. Wat der betraffener Persoun hire Profil méi detailléiert ass, wat déijéineg et méi einfach bei der Jobvermëttlung kritt.

Wéi een aus de Joresbilane vun der ADEM erausliest, hunn déi nei Mesure Friichte gedroen. Dat gesäit een, wann een op d’Zuelen kuckt. D’Aarbechtslosequot ass an de Joeren no der Reform quasi all Joer e Stéck erofgaangen. Vun 7,1 (2013) ass se bis op 5,8 Prozent (2018) gefall. 2019 (6,1 Prozent) an 2020 (6,4 Prozent) goung dës Zuel deels covidbedingt nees liicht an d’Luucht fir dann am Joer 2022 nees op 4,8 Prozent ze falen. 

Virun allem mécht d’ADEM elo méi Ustrengunge fir Leit, déi op Aarbechtssich sinn. D’Aschreiwungsprozedure kënne nach méi séier gemaach ginn. D’Leit, déi eng nei Aarbecht wëllen, mussen e Formulaire am Internet ausfëllen. Doropshi kréien si e Rendez-vous an eng Lëscht mat Dokumenter geschéckt, déi se da matbrénge sollen. Eng hallef Stonn kritt dann all Demandeur zur Verfügung gestallt, wou hie bei dëser Geleeënheet dovu profitéiere soll, seng Qualitéiten ënner Beweis ze stellen. En plus huet d’ADEM op hirem Internetsite, deen op Däitsch, Franséisch an Englesch verfügbar ass, eng Funktioun Jobboard an d’Liewe geruff. Dat ass eng Plattform, déi d’Demandeure kënnen duerchbliederen, fir no fräie Plaze fir en Job ze kucken.

Vun enger spezieller Behandlung profitéiere Leit am Alter tëschent 16 an 29 Joer, déi vun der sougenannter Jugendgarantie Gebrauch kënne maachen. Dës Mesure versprécht hinnen zwar net automatesch eng Aarbechtsplaz, mee si garantéiert hinnen eng perséinlech Begleedung, déi sech ganz speziell un hirer individueller Ausgangslag orientéiert. Op dësem Wee sollen si op déi richteg Spuer am Beruffsliewen fannen.

Mee et goufen och Ustrengunge fir d’Employeure gemaach. Esou krut de Patron, dee bei der Aarbechtsagence eng oppe Plaz umellt oder soss en Uleies huet, ee konkreeten Uspriechpartner. Dat war an der Vergaangenheet net esou. D’Employeure spillen nämlech fir d‘Aarbechtsagence eng wichteg Roll als Partner. Esou gëtt mat der Handelskummer, der Handwierkerkummer an der UEL (Union des Entreprises Luxembourgeoises) enk zesummegeschafft

Mee trotz all de Bestriewungen huet d’ADEM awer nach ëmmer mat e puer Defien ze kämpfen. Déi gréisste Problemkanner si Laangzäitaarbechtsloser. Bal d‘Hallschent vun hinnen, déi bei der ADEM an an aus ginn, si scho säit iwwer engem Joer ouni Aarbecht. Et besteet d’Gefor vun enger Spiral, aus där si net méi esou séier erauskommen. Wat ee méi laang aarbechtslos ass, wat d’Probabilitéit méi héich ass, datt een net méi aus där negativer Spiral erauskënnt.

E weidere Problem ass, datt vill Persounen, déi bei hinnen agedroe sinn, eng niddereg Qualifikatioun hunn. Méi ewéi d‘Hallschent vun de Leit, déi eng Aarbecht sichen, sinn ënnerqualifizéiert. Et ass virun allem schwéier, fir si en Job ze fannen, well d’Aarbechtswelt ëmmer méi spezialiséiert gëtt. D’Krittären, déi vun engem verlaangt ginn, sinn héich. Mee d’ADEM wierkt deem entgéint, andeem si Léisungsusätz bitt. D’Kompetenzen an d’Ziler vun den Demandeure goufen dorop méi konkreet definéiert.

Mat Hëllef vun Aus- a Weiderbildunge versicht d’ADEM Leit ze forméieren, déi den Ufuerderunge vum Employeur gerecht ginn. Bei dësem Sujet vun de Weiderbildungen kënnt d‘Maison de l’orientation an d’Spill. Do kritt den Demandeur e spezielle Beroder u seng Säit gestallt, deen him zum Beispill Sproochecoursen proposéiere kann. D’ADEM organiséiert engem zum Beispill Lëtzebuergeschcoursen, well déi Sproochekenntnisser a verschiddene Beräicher, wéi an der Medezin, erwënscht oder esouguer verlaangt sinn. Et kënnen awer och Fortbildungen am Beräich vun der Informatik sinn. An 90 Prozent vun de Beruffer hautdesdaags ass den Ëmgang mam Computer eng Viraussetzung. Meeschtens ginn dës Zousatzformatioune gratis vu der ADEM ugebueden.

Mee et ginn och konkreet Beispiller, wou d’Leit vun enger kompletter Ausbildung profitéiert hunn. D’Entreprise La Provençale hat wärend enger Zäit kee Metzler fonnt. Doropshin huet se e puer Leit, déi sech bei der ADEM ageschriwwen haten, op dëse Beruff ausgebilt a schliisslech ënner Kontrakt geholl.

Wärend der Corona-Kris war d’ADEM awer méi ewéi jee gefrot. Wäit iwwer 70.000 Salariéë waren zu engem Moment a Kuerzaarbecht an hunn sech dofir bei der ADEM gemellt. Domat koume bannent e puer Deeg 16.000 Ufroen eran, wou et an normalen Zäiten der 25 bis 30 sinn.

Wéi ee gesäit: Et ass esou munches bei der ADEM lass. Vill Reforme goufe scho gemaach. Mee fir et an de Wierder vum fréieren Aarbechtsminister Dan Kersch ze soen: „D’ADEM ass ni fäerdeg reforméiert”.

En Artikel vum Laurent Neiertz

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.