Vëlo-sharing

Vëlo-sharing. Zu Lëtzebuerg ass de Prinzip vu Vëloen, déi op enger Plaz prett sti fir geléint ze ginn, schonn iwwer 10 Joer präsent, an dat net nëmmen an der Stad Lëtzebuerg. Och d’Stad Esch, Bartreng a Mamer hu sech e sougenannte BSS – Bicycle sharing system – zougeluecht, a ginn domat den Awunner vun hiren […]
Waasserkathedralen op der Gewan

Schwéier ze iwwersinn, sti se iwwerall am Ländchen: déi impressionnant Waassertierm. Wéi eng ginn et a wat ass hir Funktioun?
De Roude Léiw op de Weltmierer

Lëtzebuerg huet zwar keen Zougang zum Mier, mee trotzdem 201 Schëffer, déi mam Roude Léiw op de Weltmierer ënnerwee sinn.
Waasserwirtschaftsamt

Den Här Jean-Paul Lickes, Direkter, an den Här Luc Zwank, Sous-Direkter vun der Waasserverwaltung, stoungen eis Ried an Äntwert betreffend d’Waasserwirtschaftsamt an hir Missiounen. • Wat genee ass d’Waasserwirtschaftsamt a wat ass Är Missioun? D’Waasserwirtschaftsamt ass 2004 gegrënnt ginn, fir déi staatlech Kompetenzen am Beräich Waasser ze bündelen, déi virdrun op net manner wéi 5 […]
De Mäerterter Hafen: Ëmschloplaz a Knuetpunkt

Wat am Mäerterter Hafen ukënnt an e verléisst, huet sech am Laf vun de leschte Joerzéngte staark verännert. War et fréier zemools esou genanntent Schëddgut wéi Sand, Kiselsteng a Ballast, Brenn- a Baustoffer, esouwéi Schrott a Stol, gesäit een haut niewent dësen traditionelle Gidder och Düngemëttel a Streesalz, awer och fäerdeg Wuere fir d’Industrie, wéi […]
Schwéidsbeng Ahoi!

Sunrise IV, Mirjay, Piccololo – alles Nimm, déi een zu Schwéidsbeng am Hafe begéint. Zanter 1977 empfänkt de „Port de Plaisance“ Sportsbooter vun no a wäit an ass the place to be, wann ee mat sengem Waassergefier zu Lëtzebuerg en Tëschestopp aleeë wëll. Ma net nëmmen Touristen zitt et an den Hafe vun der Gemeng […]
„Méi politesche Courage géif hëllefen“

Firwat ass d’Wunnen zu Lëtzebuerg esou deier? Wéi eng Léisunge ginn et a wourunner scheitert et? Dës Froen hu mir och dem Cédric Metz gestallt. Hien ass Member am Verwaltungsrot vum Mouvement Écologique a Matgrënner vun der Wunnkooperativ AdHoc ASBL.
Les Thermes Erliefnesschwämm zu Stroossen: Spaass an Design

Vu baussen? Vläicht en Ufo? Wann ee vum Parking aus drop kuckt. Vun der Récksäit? En opgebrachenen Amethyst. Mat ville Fënster–Strukturen. Baussen a banne wierkt et bal organesch. Banne waarm Faarwe beim Schallschutz, deen aus bordeauxroude Polsteren aus Konschtlieder besteet – als Kontrast zu de blo – sëlwerege Schwammbasengen. Vill Holz, vill Liicht, wéineg Kaméidi. […]
Lëtzebuerger Fussballstare vu muer

Quasi jiddereen huet et schonn emol gespillt, rieds ass vum Fussball. Ob an der Fräizäit mat Kolleegen, an der Schoul oder an engem richtege Club, d’Popularitéit vum Ballsport ass net ze verleegnen. Genee ewéi de Progrès, deen de Lëtzebuerger Fussball zanter den 90er Jore gemaach huet.
Et kann een ni genuch wëssen

De Mënsch strieft ëmmer no méi. Dës Ausso trëfft och op déi berufflech Ausbildung zou. Aus deem Grond gräife vill Salariéen op Weiderbildungen zeréck, fir nach méi en intensiivt Wëssen a verschiddene Beräicher vermëttelt ze kréien. Oft ginn dës Weiderbildungen och vun Entreprisë recommandéiert oder esouguer verlaangt, esoudatt hir Employéen déi fir si néideg a […]