Noteblock shoe football montage

Lëtzebuerger Fussballstare vu muer

Quasi jiddereen huet et schonn emol gespillt, rieds ass vum Fussball. Ob an der Fräizäit mat Kolleegen, an der Schoul oder an engem richtege Club, d’Popularitéit vum Ballsport ass net ze verleegnen. Genee ewéi de Progrès, deen de Lëtzebuerger Fussball zanter den 90er Jore gemaach huet.

Bâtiment FLF
Fotoen: ©FLF
[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Ee vun den Haaptgrënn dofir ass d’Fussballschoul vun der Fédération Luxembourgeoise de Football, oder kuerz FLF, zu Monnerech. Dës gëtt et elo schonn zanter Juli 2000 a si huet an de leschten 20 Joer och bewisen, dass hir Grënnung déi richteg Entscheedung war.

D’Inspiratioun fir d‘Fussballschoul koum iwweregens aus Frankräich, do hunn d’Fransousen nämlech schonn an den 90er domadder experimentéiert an zwar mat Erfolleg, well vun do sinn e puer vun de beschte franséische Spiller komm. Nodeems Frankräich dann 1998 déi éischte Kéier Weltmeeschter ginn ass, a kuerz drop och d‘Europameeschterschaft gewonnen huet, war déi franséisch Fussballschoul zu Clairefontaine d’Haapttheema an der Welt vum Fussball. Aneschters ewéi a Frankräich, wou d’Fussballschoulen zu engem Veräi gehéieren, gëtt et an eisem klenge Ländchen eng eenzeg national Fussballschoul, déi fir d’Spiller vun alle Veräiner zougänglech ass.

Bâtiment FLF - grand

D’Iddi vun enger Fussballschoul ass och genau zum richtege Moment komm. Deemools hat d’Nationalekipp nämlech Schwieregkeete sech an der Welt vum Profifussball ze beweisen. Et goufen net genuch Nowuesspiller, déi op dem gefuerderten Niveau gespillt hunn. Vu datt d’Fussballschoul hei awer landeswäit funktionéiert an net un en eenzele Veräi gebonnen ass, konnten a kënnen och haut nach déi beschte Spiller aus Lëtzebuerg erausgepickt a weidergebilt ginn.

Den Tri fänkt och schonn zimmlech fréi un. Ab 8 Joer kann een als gudde Spiller „gescout“ ginn a fir en Testtraining an d’Fussballschoul ageluede ginn. Sollt een den Testtraining bestoen, kann ee sech freeën, well et ass een dem Dram vum Profifussballer e Stéckche méi no komm.

Dee schwéiersten Deel kënnt awer nach, well den Training an den Zäitopwand ass net ze ënnerschätzen. Quasi all Dag heescht et fir d’Schüler, sech no der Schoul fir den Training op Monnerech ze deplacéieren. Dofir ginn et mëttlerweil Navetten, déi d’Spiller uechter d’Land siche fueren.

Um Training selwer gëtt da gekuckt, wat den individuelle Spiller brauch a wéi e sech verbessere kann. An dorop gëtt dann opgebaut. Mee et gëtt net nëmmen un der Fussballtechnik gefeilt, mee och um Zesummenhalt an der Disziplin, déi enorm wichteg fir e Gruppesport ass, gëtt geschafft. Da kennt et och alt emol fir, dass een net mat de Kolleegen eraus ka goen, oder sech doheem entspane kann, well ee vu méindes bis donneschdes Training an der Fussballschoul huet, a weekends spillt een da fir den eegene Veräin. An et kommen dann och nach Testmatcher dobäi, fir déi jonk Sportler un de Rhythmus vum Profifussball ze gewinnen.

Air Dome

Mathematik, Däitsch, Franséisch oder Bio, déi normal Schoul ass och net ze vernoléissegen, well och als potentielle Profisportler ass d’Educatioun essentiel. Esou bitt d’FLF och Nohëllef an Hausaufgabenhëllef un. Huet een dann awer trotzdeem schlecht Notten, kann et esouguer esou wäit goen, dass de Spiller vum Training zäitweileg ausgeschloss gëtt, bis sech d’Notten erëm verbesseren.

Dat ass awer net deen eenzegen Encadrement deen d’Fussballer genéissen, well an de Gebaier ronderëm den Terrain fënnt een och nach en Dokter an e Kiné, déi sech ëm dat physescht Wuelbefanne vun de Spiller këmmeren. Natierlech gëtt hei och op déi richteg Ernärung opgepasst, also wat een am Beschten nom Training ësst a wéi ee sech am Allgemenge gesond ernäert.

Am Groussen a Ganze kann ee soen, dass Lëtzebuerg ouni d’Fussballschoul net esou wäit am Fussball komm wier, wéi et haut de Fall ass. Et war en op an of, deen sech zwar trotz Fussballschoul fortgesat huet, mee wou een awer insgesamt eng kloer Tendenz no uewe feststelle kann. Lung Lëtzebuerg an der FIFA-Weltranglëscht am Juni 2000 nach op Plaz 133, si mir am September 2018 bis op d’Plaz 82 geklommen. Zudeem ass d’Unzuel vu lëtzebuergesche Profispiller déi elo am Ausland spillen och däitlech geklommen.

En Artikel vum Jo Schneider

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.