De Mäerterter Hafen: Ëmschloplaz a Knuetpunkt
Wat am Mäerterter Hafen ukënnt an e verléisst, huet sech am Laf vun de leschte Joerzéngte staark verännert. War et fréier zemools esou genanntent Schëddgut wéi Sand, Kiselsteng a Ballast, Brenn- a Baustoffer, esouwéi Schrott a Stol, gesäit een haut niewent dësen traditionelle Gidder och Düngemëttel a Streesalz, awer och fäerdeg Wuere fir d’Industrie, wéi Elementer fir Stëtzmaueren an Deeler vu risege Wandrieder. Hei, op der Musel am Oste vu Lëtzebuerg, huet de Grupp Luxport säi Sëtz. De Grupp bedreift deen eenzegen Hafen innerhalb vu Lëtzebuerg, eng Ëmschloplaz fir Transportgidder vun allen Zorten – déi hei iwwer Waasser, Schinnen a Stroossen ukommen an den Hafen och erëm verloossen. Op zwou Säite vum Quai ginn all Joer an deem 800 Meter laangen Industriebaseng vum Mäerterter Hafen iwwer eng Millioun Tonne Gidder eran an eraus. Mat Tendenz no uewen.
Säit der Erëffnung um 1. September 1966, huet den Hafen sech ëmmer weider entwéckelt, esou datt dësen zu engem vun de wichtegste Logistikzentre vum Groussherzogtum gouf, ganz besonnesch fir den Transport vu Pëtrolsproduiten a vu Produkter aus der Eisenindustrie. Haut gëtt et am Hafen e 25 Kilometer laangt Schinnennetz, e fënnef Kilometer laangt Stroossenetz an e Containerterminal mat enger 5.000 Quadratmeter grousser Logistikhal. D’Containerlinn vum Luxport Grupp féiert op Metz, Köln, Antwerpen, Rotterdam, Bremerhaven an Hamburg.
De Logistik-Terminal huet eng Fläch vu 15.000 Quadratmeter. E Kran fir schwéier Laaschten hëlleft hei beim Verluede vun Deeler mat engem Gewiicht vu bis zu 124 Tonnen. 120 eege Camion-Zuchmaschinnen an 170 Unhänger huet d’Transportgesellschaft Lorang, déi säit 2006 och zum Luxport-Grupp gehéiert, an hire Sëtz och am Mäerterter Hafen huet, an hei natierlech och d’Logistik mat bedreift. E ganz wichtege Geschäftszweig sinn zudeem d’Déngschtleeschtunge ronderëm de Stolbau a Schweessaarbechten direkt op der Plaz. Och dat: en anere Beräich, dee staark wiisst. An engems gëtt de Container-Terminal zu Metz vum Luxport-Grupp bedriwwen; Bedreiwergesellschaft ass hei MMS – Multi Modal Shuttle.
Zënter 2016 ass deen haut 36 Joer alen Erik Odefey Gerant vum Luxport-Grupp. Wann hie säi Büro an deem spektakuläre Gebai, dat un d’Bréck vun engem Schëff erënnert, verléisst an op dem 150 Hektar groussen Terrain ënnerwee ass, fir ze kucken, ob alles leeft, huet hie fir all Mataarbechter e frëndlecht, interesséiert Wuert op de Lëpsen. An hie kuckt ganz genee. Ass alles propper an opgeraumt? Leeft alles ronn? Et gesäit gutt aus op dësem sonnegen Dag. Dem Erik Odefey säi besonnescht Interessi gëllt de Stolträgeren an de Spondwänn. „Mir hunn eis gutt opgestallt mat eise Leeschtunge wéi Schweessen a Fräsen, déi en enorme Méiwäert bidden“, seet hien zefridden, iwwerdeems hien iwwer d’Uewerfläch vun enger Spondwand sträicht.
Am Joer 2015, wéi den Erik Odefey vun Arcelor Mittal bei Luxport gewiesselt ass, war d’Stolindustrie an enger déiwer Kris. Nom onerwaarten Doud vum Roswita Schmitt-Lonien huet Ufank 2016 de President vum Luxport Verwaltungsrot Jan Loewenguth d’Geschäfter zesumme mam Erik Odefey als Stellvertrieder iwwerholl. Den 1. Januar 2017 gouf dem Erik Odefey dunn d’Gerance vum Luxport-Gesellschaftsgrupp iwwerdroen. ArcelorMittal ass weiderhin ee vun den Haaptclientë vu Luxport – a keeft hei Déngschtleeschtungen, déi d’Arcelor deels fréier selwer erbruecht huet. D’Stolindustrie mécht ongeféier 50 Prozent vum Geschäft aus.
De Mäerterter Hafe muss sech am Concours behaapten, schliisslech sinn déi Bannenhäfe vun Tréier, Diddenuewen oder Nanzeg net wäit ewech. De Kampf ëm de Präis kann een als Betrib zu Lëtzebuerg wéinst den héije Léin net onbedéngt gewannen. Awer déi besonnesch Déngschtleeschtungen hu Luxport an domat de Mäerterter Hafen attraktiv gemaach. Diversifizéierung ass d’Zauberwuert. Beim Luxport-Grupp schaffen haut ongeféier 250 fest Employéen an zäiteweis Hëllefsaarbechter, déi no Bedarf zum Asaz kommen – ofhängeg vun de Projete vun de Clienten. „Eise Virdeel: Mir kënnen an dem 15.000 Quadratmeter grousse Logistik-Terminal déi komplett Logistik ofwéckelen. Bei de Stolaarbechte gehéieren zum Beispill Fräsen, Schweessen a säit kuerzer Zäit och Beschichten derbäi. Mir hunn d’Apparater an d’Gefierer, fir alles op de Wee ze kréien. 250 Meter Hafemauer si mëttlerweil wéinst de schwéiere Laaschte verstäerkt“, erzielt den Erik Odefey. Zum Hafe gehéiert ënner anerem och eng eegen Tankstell, en Atelier fir Camionen an eng Wäschstrooss. Am Moment gëtt ausserdeem een neie Kran gebaut.
A wéi geet et weider? Digitaliséierung steet natierlech uewen op der Agenda, awer och dat soziaalt Engagement bannent dem Luxport-Grupp. Den Erik Odefey betount: „Bei eis schaffen och Leit mat enger kierperlecher Beanträchtegung a Flüchtlingen. Dat ass net nëmme gutt fir d’Statistiken. Et ass och gutt fir e soziaalt Mateneen.”
En Artikel vum Birgit Pfaus-Ravida