Schwéidsbeng Ahoi!

De Port de Plaisance op der Musel

Sunrise IV, Mirjay, Piccololo – alles Nimm, déi een zu Schwéidsbeng am Hafe begéint. Zanter 1977 empfänkt de „Port de Plaisance“ Sportsbooter vun no a wäit an ass the place to be, wann ee mat sengem Waassergefier zu Lëtzebuerg en Tëschestopp aleeë wëll. Ma net nëmmen Touristen zitt et an den Hafe vun der Gemeng Schengen: e Groussdeel vun den insgesamt 225 Ligeplaze si sougenannte Festläger aus der Géigend, déi hiert Boot während der ganzer Saison op der Musel parken. Vum Jetski bis den 18-Meter-Kan fënnt een (bal) alles zu Schwéidsbeng an d’Vue op déi schwammend Prachtstécker rifft fërmlech no Vakanz.

En Ubléck, deen de Christian Schmidt a seng Fra Ulrike säit 2016 all Dag däerfe genéissen. Eigentlech Geschäftsleit aus enger ganz anerer Branche, hat d’Koppel viru véier Joer Loscht op eng nei Aventure an huet sech spontan op d’ausgeschriwwe Gerance-Plaz vun der Gemeng gemellt. Eng Decisioun, déi de Christian an d’Ulrike definitiv net bereien, well als Hafenmeister gëtt et nach sou bal net langweileg. „Et ass en haarden Job, well mir hunn siwen Deeg op siwen op a schaffen am Fong wann aner Leit Vakanz maachen, mee et ass een ëmmer dobaussen an et ass immens interessant mat de Leit ze schwätzen, déi hei passéieren“, sou de Christian. Et sinn och virun allem d’Geschichte vun hire Clienten, déi d’Aarbecht am Port de Plaisance esou ofwiesslungsräich a spannend maachen. „Mir hate scho Leit aus Neuseeland an Australien hei, elo den Ament ass eng däitsch Famill mat dräi klenge Kanner op Besuch, déi sech eng zwee-Jores-Auszäit geholl hunn a bis op Gran Canaria segelen“, verréit den Hafenmeister.

De Stopp am klenge Lëtzebuerg ass och net vu Muttwëll, well duerch seng Lag direkt um Dräilännereck kënnen d’Seegler eng ganz Rëtsch Destinatiounen erreechen, wéi de Christian erkläert: „Wann een sech hei an d’Boot setzt, da kann een iwwer d’Banneflëss vun de Länner bis a Frankräich un d’Mëttelmier fueren oder bis op Hamburg un d’Nordsee, dat ass schonn immens.“ Bis zu enger Woch bleiwen d’Touristen aus dem Ausland am Duerchschnëtt zu Schwéidsbeng – ausser, et kënnt hinnen eppes dertëschent. „Dat éischt Joer, wou mir nach de Restaurant hei bedriwwen hunn, hate mir Héichwaasser bis an de Juli eran a gläichzäiteg war och nach Schleusensperre. Deemools war grad d’Europa-Meeschterschaft am Fussball a Frankräich am Gaang a während zéng Deeg souzen all Owend déiselwecht Leit am Restaurant, well se am Fong just hei tanke wollten, mee duerch d’Sperre dunn hei festhoungen“, erënnert sech d’Ulrike.

An och soss gëtt et nieft dem üüblechen Train-train am Port de Plaisance ëmmer mol nees déi eng oder aner Anekdot, déi einfach hänke bleift. „Virun zwee Joer ass e Schëff hei am Hafen ënnergaangen, dat war e grousst, hëlzent am Wanter, wou mir net do waren. D’Waasser war mat déckem Äis komplett zougefruer an et gouf e groussen Asaz vun de Pompjeeën“, erzielt de Christian. Ma Bootsbesëtzer brauchen awer beim Passage duerch Schwéidsbeng keng Angscht ze hunn, well déi sechs Mataarbechter ronderëm den Hafenmeister sinn en agespillten Team. An och mat de Cluppe vun der Musel klappt d‘Zesummenaarbecht ëmmer gutt, sou datt de Seegler ëm de Kilometer 237,5 de ganze Summer iwwer sou muenches gebuede gëtt. Ob eng Memberschaft beim Motor Yacht Club, Bootsschäin-Coursen an der Yachtschoul, den Training mam Lëtzebuerger Rudderveräin „L.I.R.C.“ oder d’Ausléine vu Waasserski a Wakeboard beim Club Nautique – um 130 Meter breede Floss ass ëmmer eng lass!

Ze léine ginn et d’Ligeplaze vu Schwéidsbeng zu ënnerschiddlechen Tariffer, jee no Gréisst vum Boot an Dauer vum Openthalt. An no der Vergréisserung vum Hafen 1997 ass an den nächste Joren dann och eng komplett Renovatioun vum annexéierte Camping geplangt, well d’Touriste fannen de Wee an d’Miseler Capitainerie net all via Waasser. Fir de Christian Schmidt an d’Ulrike ass d’Vakanz u Bord awer nach ëmmer eppes, wat si all Dag erëm staune léisst: „Mir si gewinnt mam Auto oder Fliger schnell an engem anere Land unzekommen, mee dat entschleunegt Reesen ass einfach immens flott a faszinéierend.“ A wien e Mëtteg laanscht d’Booter am Port de Plaisance spadséiert an d’Waasser an der Sonn glitzere gesäit, dee versteet och schnell, wat gemengt ass. Well, Karibik hin oder hier: déi gutt al Musel huet definitiv och hire Charme, et muss ee just wëssen, wou een säin Anker geheit!

En Artikel vum Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.