Vëlo-sharing

Touristenattraktioun oder fir den Alldag?

Vëlo-sharing. Zu Lëtzebuerg ass de Prinzip vu Vëloen, déi op enger Plaz prett sti fir geléint ze ginn, schonn iwwer 10 Joer präsent, an dat net nëmmen an der Stad Lëtzebuerg. Och d’Stad Esch, Bartreng a Mamer hu sech e sougenannte BSS – Bicycle sharing systemzougeluecht, a ginn domat den Awunner vun hiren Uertschaften an de Visiteuren d’Méiglechkeet, sech bannent der Stad um Vëlo ze deplacéieren. An doran – “bannent der Stad” läit och den eenzege Bemol vum Vëlo-sharing: fir all déi, déi net an der Stad wunnen, ass de Vel’OH wuel e flotten Accessoire, awer keen Transportmëttel, mat deem ee kéint op d’Aarbecht fueren. Ze wäit d’Kilometeren, ze mann iwwerduecht den ëffentlechen Transport, deen de Relais vun doheem bis bei de Vel’OH kéint maachen.

A priori awer ass de geléinte Vel’OH eng begréissenswäert Initiativ. Dat fënnt och de jonken Awunner vun enger Gemeng ronn 40 Kilometer vun der Stad Lëtzebuerg ewech. Muss hien an d’Stad, fiert e mam Bus bis op d’Stäreplaz an hëlt dann do e Vel’OH, fir sech bannent der Stad ze beweegen. Dat spuert Geld a virun allem Nerven, leider net onbedéngt Zäit. Dobäi huet dëse privat begeeschterte Vëlofuerer, nenne mer e Victor, ufangs de Vëlo–deel-System éischter fir eng Touristenattraktioun gehalen. Bis den Dag, wou hie selwer kee Klappvëlo dobäi hat, de Wee him zu Fouss ze laang a mam Bus ze komplizéiert geschéngt huet an hie sech déi éischt Kéier e Vel’OH geléint huet, fir vu Bouneweg op d’Charly’s Gare ze gondelen.

Déi éischt Experienz mam Vel’OH war e bëssen holpereg, well et eng gefillten Éiwegkeet gedauert huet, bis de Victor e Kuerzzäitabo validéiert hat.

Keen Tour de France!

„No e puer Meter gëtt engem kloer, datt ee mat deem Gefier ni géif den Tour de France gewannen“, esou de Victor.

Dat ass jo eigentlech och net d’Zil vum Vel’OH. Et geet drëm, méiglechst onkomplizéiert vun A op B ze kommen, bannent de Limitte vun enger Stad. Dat ass dem Victor senger Erfarung no gelongen, Equipement an Zoustand vun de Vel’OH si senger Meenung no an der Rei, an d’Vëlofrëndlechkeet vun der Stad besser wéi hire Ruff.

Wat e bësse méi Nerve kascht, sinn déi administrativ Weeër, d’Prozedur deemno, fir sech via d’App oder de Site ze abonnéieren. Dat kann een awer hei probéieren:

Deen nämmlechte Vëlosfrënd huet Bicycle-sharing-Systemer och am Ausland getest, a war z. Bsp. begeeschtert vum groussen Navigatiounstouchscreen um Guidon vun de geléinte Vëloen zu Kopenhagen.

Hamburg huet iwwerzeegt mat engem System, iwwer deen een de Vëlo via eng App konnt weider fräischalten, ouni misse bei eng Borne ze fueren.

De Vëlo-deel-System zu Lyon war, esou de Victor weider, eisem Vel’OH am noosten. Just datt een do alles konnt iwwer eng App geréieren, an net huet missen iwwer d’Borne fueren.

Vëloe fir ze léinen a 5 Stied zu Lëtzebuerg

Wien net wëll an d’Ausland reesen, fir verschidde Systemer ze testen, kann dat och am Grand-duché, Esch huet e regionale System, deen ee sech hei kann ukucken: www.velok.lu.

Weider Vëloe fir ze léine ginn et zu Bartreng „BE-BIKE“ an zu Mamer „Mamer Vélo“.

Huele mer als Beispill Mamer:

Nach virun der Stad Lëtzebuerg huet Mamer 2007 de „Mamer Vëlo“ agesat. Fir domat kënnen ze fueren, muss ee sech op der Gemeng zu Mamer eng „clé d’accèsbesuergen, eng Kautioun vun 30 Euro hannerleeën, a kann sech dann domat op enger vun de 5 Plazen, wou Mamer Vëloe stinn, en Drotiesel léinen, an domat maximal 24 Stonnen um Stéck fueren. Konditioun ass, datt ee 14 Joer al ass an eng Haftflichtversécherung huet.

De Vel’OH System an der Stad funktionéiert zënter 2008, an eréischt leschte Wanter ass déi ganz Flott op elektro-ënnerstëtzt Vel’OHen opgerüst ginn.

Et ginn also haut eng ronn honnert Statioune mat am Ganzen 1900 Bornen, wou een ee vun den 900 Vëloe ka léinen.

Fir dat ze maache muss ee sech entweeder via den uewe genannte Site abonnéieren, oder et kann een och fir 2 Euro den Dag e Vel’OH léinen, déi éischt 30 Minutte si gratis, a fir all voll Stonn gëtt e weideren Euro gerechent, bis maximal 5 Euro op 24 Stonnen.

D’Vel’OH sinn entspriechend dem Code de la Route equipéiert, an den Exploitant vum BSS an der Stad, JCDecaux Luxembourg S.A., kontrolléiert reegelméisseg d’Gefierer a reparéiert, wann et néideg ass.

Wie stellt sech fräiwëlleg an de Stau?

D’Méiglechkeet, fir sech spontan an enger Stad e Vëlo ze léinen an domat méi séier wéi zu Fouss respektiv mam Auto vun A op B ze kommen, ass sécher eng positiv Entwécklung am urbane Stadbild. Wann et elo nach eng gutt Connectioun vu baussen an d’Stad era bis bei de Vëlo gëtt, ass et esouguer perfekt, a gëtt sécher nach vu méi Leit genotzt. Well wie stellt sech fräiwëlleg stonnelaang mam Auto an de Stau?

A wie sech grad iwwerleet, fir op de Vëlo ëmzeklammen, deem sief nach dës Säit recommandéiert:

En Artikel vum Nathalie Bender

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.