Placeholder Dummy template

Vu baussen? Vläicht en Ufo? Wann ee vum Parking aus drop kuckt. Vun der Récksäit? En opgebrachenen Amethyst. Mat ville Fënster–Strukturen. Baussen a banne wierkt et bal organesch. Banne waarm Faarwe beim Schallschutz, deen aus bordeauxroude Polsteren aus Konschtlieder besteet – als Kontrast zu de blo – sëlwerege Schwammbasengen. Vill Holz, vill Liicht, wéineg Kaméidi. Architektonesch sinn Les Thermes jidderfalls scho mol e richtegen Hikucker. Säit zéng Joer gëtt et d’Erliefnesschwämm zu Stroossen. Déi dräi Architektebüroe Jim Clemens, Hermann & Valentiny a Witry & Witry jiddwerfalls hunn en ausgefeiltent Design–Konzept op d’Bee gestallt, dat zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus sengesgläiche sicht a bewonnert gëtt.

„An den zéng Joer vun eisem Bestoe ware mir bis haut wierklech erfollegräich”, seet de Mario Nothum, Verantwortlech fir d‘Administratioun vun Les Thermes a säit der Phas vum Plange mat u Bord. Säit der Ouverture vun der Schwämm den 2. Februar 2009 hunn Les Thermes vill Gäscht gesinn – am Schnëtt dausend pro Dag, 360.000 am Joer, also 3,5 Millioune Visiteuren insgesamt säit dem éischten Dag – dovun 80 Prozent an der Schwämm – an 20 Prozent, déi an d‘Sauna an an de Wellnessberäich ginn, ganz vill reegelméisseg Visiteuren, déi entweder vir oder no der Aarbecht kommen.

D’Schwämm ass an der Kooperatioun vum Gemengesyndikat Bartreng a Stroossen entstanen. Den interkommunale Syndikat Centre de Natation Intercommunal-Les Thermes gouf am Januar 2002 an d’Liewe geruff. D’Architektegemeinschaft Atelier Jim Clemens, Witry & Witry an Hermann & Valentiny an associés huet d’Ausschreiwung am Juni 2004 gewonnen. De Spuetstéch war am September 2005.

Vun Ufank u stoung d’Schwämm a Konkurrenz zu de sëllechen aneren am Land – d’Dicht a Schwammoffer pro Quadratmeter respektiv Awunner ass zu Lëtzebuerg vergläichsweis héich. „Mëttlerweil hu mir awer gesinn, datt et keng Konkurrenz am klassesche Sënn gëtt“, seet de Mario Nothum. All Schwämm huet säi Profil. Zu Stroossen ass et eben dës Verbindung aus Spaass a Wuelfillen, kombinéiert mat enger héichwäerteger Ariichtung. Et gëtt zum Beispill e grousse Baseng fir d‘Schwëmmer, ee Baseng mat variabeler Déift fir verschidde Geleeënheeten – ob Kannerschwammcours, Aquaboxing oder Waassergymnastik; e Wellebad, e grousse Baussebaseng an déi zwou ënnerschiddlech schnell a laang Rëtschen. Gutt 10.000 Quadratmeter Waasser sinn et. Dozou kënnt e generéise Bausseberäich mat Leiefläch, Beachvolleyball, Dëschtennis oder Boule.

„A mir hunn ëmmer erëm eppes Neies gemaach“, füügt de Mario Nothum derbäi. De Restaurant–Konzept zum Beispill hätt sech geännert. Gouf et virdrun en externe Restaurant am Gebai, deen och vu baussen zougänglech war, huet een elo e Restaurant mat Mëttesdësch a Lounge–Atmosphär am Sauna– a Wellnessberäich an eng Brasserie um éischte Stack vum Schwamm–Beräich mat Fritten a Co. Iwwerhaapt sinn d’Beräicher ganz wichteg: Beräicher mat Aktioun a mat Rou, mat oder ouni Handyverbuet, Beräicher éischter fir Erwuessener oder éischter fir Kanner. Déi Lescht kënnen an der Schwämm och Gebuertsdag feieren. Erwuessener kënne beispillsweis e Vëlofuer–Training am Waasser maachen, oder awer och am erneierte Fitness–Beräich Vitaly–Fit trainéieren oder och Coursë beleeën – ob Stretching, Pilates oder aneres. Schéinheetsbehandlunge ginn et am Escale Beauté.

Fir attraktiv ze bleiwen, ginn d’Verännerunge weider: 2016 war de Saunaberäich ëm eng Salzsauna, eng Waasserfallsauna mat Ausbléck an de Gaart an d’Wellnesslounge erweidert ginn. Ee Joer méi spéit ass eng Infraroutkabinn derbäikomm. Nach an dësem Joer soll an der Erliefnesschwämm eng Rëtsch installéiert ginn, op där dräi Leit niewentenee rëtsche kënnen. De sougenannte Body–Racer mat Programmwiel an Zäit um Display wäert 1,1 Milliounen Euro kaschten an am Hierscht un de Start goen. „Mir maache fir d’Ëmbauten awer net zou – et bleift bei den zéng Deeg Revisioun am September. De Rescht vum Ëmbau wäert während dem Betrib geschéien“, seet de Mario Nothum. An ënner de Rëtsche soll et dann och en neie Beräich fir déi Allerklengst ginn, eng Waassersprëtz–Landschaft mam Theema Weltall, dat och bei der neier Rëtsch opgegraff soll ginn. Och soll et eng 3-D–Animatioun mat Fësch fir d’Kanner ginn.

Nei ass de Park–System. „Laang Zäit konnten d’Gäscht einfach esou op de Parking fueren, d’Barrièrë waren oft op – mam Resultat, datt och vill Externer de ganzen Dag hei geparkt hunn“, erzielt de Mario Nothum. Dat wier vill besser ginn, säit Visiteuren eng Kaart zéie mussen. D’Kaart muss een net bezuelen, nëmme banne vun Les Thermes entwäerten – schonn ass de Problem vum „Wëllparke“ geléist, ouni datt Clienten en Nodeel dovun hätten. Net–Visiteure bezuelen allerdéngs véier Euro d’Stonn.

An den zéng Joer säit der Ouverture vun Les Thermes gouf et och Problemer. Esou beispillsweis mat Fiichtegkeetschied um Daach. Dës Sanéierung ass awer quasi ofgeschloss.

En Artikel vum Birgit Pfaus-Ravida

Les Thermes Erliefnesschwämm zu Stroossen: Spaass an Design

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.