D’Chambre des salariés ass eng Institutioun, déi sech fir d’Rechter vu méi wéi enger hallwer Millioun schaffenden oder pensionéierte Lëtzebuerger oder Frontalieren asetzt. Säit den 1970er-Jore bitt si Weiderbildungen un. Déi éischt Coursen hu sech mat der Spezialisatioun am computertechnesche Beräich beschäftegt. 225 Interesséiert haten deemools de Wee an den Auditoire fonnt. 2003 huet d’Chambre des salariés de Luxembourg Lifelong Learning Center, ofgekierzt LLLC, an d’Liewe geruff. De Choix huet sech zanterhier ëm e Villfaches vergréissert. Bei de Weiderbildungen am Luxembourg Lifelong Learning Center gëtt versicht, op verschidde Punkten anzegoen. Dobäi soll dem Mataarbechter d’Méiglechkeet gebuede ginn, seng Opstigschancen am Betrib ze erhéijen. Zum anere gi si dem Salarié awer och d’Opportunitéit, säi Beruff mat weidere Fachkompetenzen ze festegen oder sech komplett nei ze orientéieren.
Hautzudaags ginn 190 Owescoursen, 180 verschidde Seminairen an eng gutt Unzuel vu spezialiséierte Coursen ugebueden. Formatiounen, fir herno op enger Universitéit ugeholl ze ginn, stinn och um Programm. Sproochecoursen, fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze léieren, Certificaten an der Informatik, am Bankewiesen oder an der Gestioun gehéiere geneesou derzou. Dat ass awer nach net alles. An Zesummenaarbecht mat verschiddenen Universitéite wéi der Universitéit vu Lëtzebuerg an anere Bildungszentren ass et och méiglech, Universitéitsofschlëss ze maachen. E Bachelor an der Sozial- an Erzéiungswëssenschaft ass z. B. ee vun de Studiegäng, déi aus der Partnerschaft mat der Universitéit Lëtzebuerg entstane sinn.
Formatioun ass awer net gläich Formatioun. Net nëmme reng akademesch Theme stinn op der Dagesuerdnung, mä och Coursë wéi z. B. Stressbewältegung ginn offréiert. Verschidden Techniken an Hëllefsmëttel ginn engem an de Coursë bäibruecht, datt een net méi sou liicht aus der Rou komme soll. D’Thema vun der Aarbechtsgestioun steet bei dëse Formatiounen des Ëfteren am Fokus. Verschidde Coursen handelen nämlech dovun, wéi ee mat all den negative Stréim, déi kee gudden Impakt op den Aarbechtsoflaf hunn, ëmgoe soll.
De Succès vun dëse Formatiounen ass grouss. Schonn iwwer 200.000 Persounen hunn dës schoulesch Weiderbildungen an Usproch geholl. Jiddereen, deen de schoulesche Standard dofir huet, ka sech fir déi entspriechend Formatiounen umellen.
D’Chambre de commerce ass eng ëffentlech Ariichtung, an där all Entreprise vertrueden ass, déi iwwer eng eege Beruffskummer verfüügt. Just d’Handwierksbetriber an d’Landwirtschaftsbetriber sinn ausgeschloss. Dat neiste Weiderbildunginstitut nennt sech House of Training a gouf eréischt am Joer 2015 vun der Chambre de commerce an der Bankevereenegung ABBL gegrënnt. Si fokusséiert sech haaptsächlech drop, professionell Formatiounen unzebidden, déi de Besoine vun der Lëtzebuerger Ekonomie entspriechen. Interessant bei der Iddi hanner dem House of Training ass och, datt no Bedarf alles individuell op den Auszebildenden ugepasst ka ginn. Mëttlerweil kënnen d’Clientë Weiderbildungscoursen an de Beräicher vun der Comptabilitéit, dem Personalwiesen, dem Steierrecht, dem Droit, dem Marketing, dem Management, der Sécherheet an der Gesondheet besichen.
An deene leeschte véier Joer huet sech vill gedoen. Ëmmer méi Beräicher goufen ofgedeckt. Ob dat am IT- oder am Bauwiesen ass, d’House of Training kënnt dëse Wënsch no. Säit 2019 ginn esouguer weider 161 nei Coursen ugebueden, woumat insgesamt 800 ënnerschiddlech Coursë kënne besicht ginn. Virun allem eng e-Learning-Plattform steet neierdéngs am Ausbildungskatalog. Ausgeschafft gouf dat Konzept mat aneren akademesche Partner. Dëse Schrëtt bedeit eng Moderniséierung, well domat d’Coursë méi flexibel an zougänglech gestalt kënne ginn. Domat ass et fir eng Eenzelpersoun elo méiglech, sech spezifesch Kompetenzen, déi fir e bestëmmte Beruff gebraucht ginn, vun doheem aus unzëeegnen.
Fir datt et ëmmer um neiste Stand ass, wat déi rezentsten Trenden an de jeeweilege Beräicher ugeet, hëlt d’House of Training Récksprooch mat eenzele Vereenegungen an Experten aus de jeeweilege Fachgebidder. Domat kann de Clienten ëmmer eng aktuell Fortbildung ugebuede ginn.
Vill Formateure si selwer keng Akademiker. Si schaffen an deene Beräicher, an deene si och beim House of Training ënnerriichten. „E Professionelle gëtt Coursë fir en aner Professioneller“ – genee no dëser Demarche gëtt verfuer. Duerch en hausinterne Programm, dee sech „Train the Trainers“ nennt, gi si op hir jeeweileg Aufgabe virbereet. Op dës Aart a Weis kréien d’Leit eng vill méi liewensecht Approche vun hire Formateure vermëttelt, wëll si d’Erfarungen aus dem Alldag spigelen an net just op pur Theorie opbauen.
Déi meescht Coursë ginn op Franséisch oder Englesch ugebueden – wat och d’Sprooch vum Bankewiesen ass. Mä et existéieren awer och vereenzelt Coursen, déi op Lëtzebuergesch an Däitsch gehale ginn. Esouwuel mëttes wéi och owes ass et méiglech, dësen Offeren nozegoen.
Den INAP (Institut fir d’ëffentlech Verwaltung) kann een als Partner vun de Verwaltunge beim Staat an de Gemengen hei zu Lëtzebuerg beschreiwen, dee sech ëm déi berufflech Aus- a Weiderbildung vu sengen Ugestallte këmmert. Fir datt d’Staatsbeamte während hirem Beruffsliewen um neiste Stand bleiwen, gëtt eng ëmfangräich Pallett offréiert. Insgesamt 400 Weiderbildungscoursë kann de Salarié, dee beim Staat schafft, besichen.
D’Offer gëtt an enker Zesummenaarbecht mat de Verwaltungen zesummegestallt, déi de Wënsch a Bedierfnesser vum Beruffsliewen noginn. Am Laf vun der Joren hu sech siwe Schwéierpunkten erauskristalliséiert. Methodologiescoursen, déi sech mat Aarbechtstechniken iwwer Stress-Management bis hin zu Kommunikatioun befaassen, stinn do och um Programm. Theme wéi Informatik, e gutt Liewen op der Aarbecht, Management an Organisatioun sou wéi och en administratiivt oder neit technologescht Wësse ginn de Participantë bäibruecht. Dernieft ginn och Coursë fir d’Lëtzebuerger Sprooch ugebueden. Fir d’Verstännegung an eng besser Integratioun an engem multikulturellen Ëmfeld gëtt dat nämlech vum INAP als besonnesch wäertvoll ugesinn. Am Verglach zu deenen aneren zwee Instituter mussen d’Leit, déi do schaffen, dëse Formatiounen nogoen. Als éischt mussen d’Fonctionnairen eng generell Formatioun besichen, ier se dann eng méi déif a spezialiséiert Matière – jee no hirem Beruff – bäibruecht kréien.
Ze erwänen ass och nach, datt den INAP keen eegent Léierpersonal huet. D’Coursë ginn nämlech vu Leit geleet, déi selwer säit Jore bei dësem Institut schaffen. An e Groussdeel vun dëse Coursë ginn op Lëtzebuergesch gehalen.
Et gëtt eng 650 Stagiairen an 8.300 Agenten, déi vun der „formation continue“ vum INAP all Joers profitéieren.
En Artikel vum Laurent Neiertz