Den Här Jean-Paul Lickes, Direkter, an den Här Luc Zwank, Sous-Direkter vun der Waasserverwaltung, stoungen eis Ried an Äntwert betreffend d’Waasserwirtschaftsamt an hir Missiounen.

Wat genee ass d’Waasserwirtschaftsamt a wat ass Är Missioun?

D’Waasserwirtschaftsamt ass 2004 gegrënnt ginn, fir déi staatlech Kompetenzen am Beräich Waasser ze bündelen, déi virdrun op net manner wéi 5 verschidde Ministèren a Verwaltunge verdeelt waren.

An den éischte Jore ware mir dem Inneministère zougedeelt, zënter 2013 si mir dem Ëmweltministère ënnerstallt.

Eis Missioune beinhalten Themeberäicher wéi d’Berodung an d’Etude vun alle waasserrelevanten Themen, déi offiziell Iwwerwaachung vun de Gesetzer an dësem Beräich, all Moossnamen, déi ergraff musse gi fir de gudden Zoustand vun eise Fléissgewässer an eisem Grondwaasser erëm hierzestellen, den Héichwaasserschutz, Analysen an och Rechercheaarbechten an déi international Kontakter a Verflichtungen, déi Lëtzebuerg am Beräich Waasser huet. Lëtzebuerg ass duerch seng geographesch Lag Member an der Musel / Saarschutzkommissioun, der Rheinschutzkommissioun an och der Meusekommissioun, wou déi grenziwwergräifend Koordinatioun tëscht eisen Nopeschlänner stattfënnt.

A wat fir enge Beräicher sidd Dir aktiv?

Mir sinn als Verwaltung a 4 Divisiounen agedeelt, déi och ënnerschiddlech Kompetenzberäicher ofdecken:

An der Hydrologie beschäftege mir eis vill mat de quantitativen Aspekter vum Waasser a mam Gewässer als Liewensraum, dat heescht, hei geet et ëm Héichwaasserschutz, ëm Renaturéierunge vu Baachen a Flëss, awer och eis staatlech Fëschzuucht ass an dëser Divisioun ugesidelt.

An der Divisioun vum Gewässerschutz gëtt den nationale Kläranlagebau koordinéiert (d’Bedreiwe vun de Kläranlagen ass eng kommunal Kompetenz), awer och déi eenzel Emissiounen (diffus oder punktuell) an eis Fléissgewässer ginn hei ënnert d’Lupp geholl a verfollegt.

An der Divisioun Grond- an Drénkwaasser gëtt de Grondwaasserschutz koordinéiert (Stéchwuert: Quelleschutzgebidder) an och d’Iwwerwaache vun eisem Drénkwaasser garantéiert, esouwéi d’Versuergungssécherheet mat Drénkwaasser vum Land zesumme mat de Gemengen a Gemengesyndikater verséchert.

Schlussendlech organiséiert eis Divisioun Laboratoire de gesamte Monitoring fir ze garantéieren, datt all déi legal Ufuerderungen, déi mir un eist Waasser hunn (Qualitéit vun de Baachen, vum Drénkwaasser, vun den Ausleef vun de Kläranlagen, asw.) och agehale ginn.

Wéi enge Schwieregkeete begéint Dir am Allgemengen?

Eng vun eise gréisste Schwieregkeeten ass dacks déi feelend Sensibilitéit, déi de „Grand public“ fir dat immens wichtegt Theema Waasser mat sech bréngt. Jidderee fënnt et normal, de Krunn opzedréien an eng 1A Qualitéit un Drénkwaasser ze hunn, versteet awer oft net, wéi vill Aarbecht virdru geschéie muss, fir datt dësen einfache Geste méiglech ass. Och wat duerno mam Ofwaasser geschitt, gëtt leider ze oft just op d’Käschte vun enger adäquater Entsuergung reduzéiert.

Wa mir als Verwaltung Oplage maachen, wéi wann z.B. an engem Héichwaassergebitt gebaut soll ginn, sinn déi meeschte Leit ganz onzefridden a gesinn dorun eng administrativ Hürd amplaz eng Hëllefstellung, well d’Leit duerch déi Oplage vun eis geschützt ginn.

Mir hunn nach vill Sensibilisatiounsaarbecht ze maachen, fir hei dem Waasser den néidege Stellewäert zeréckzeginn.

• Kritt Dir an Zukunft nach aner Aufgabeberäicher dobäi? Falen anerer vläicht ewech?

Mir hunn am Moment scho ganz vill Aufgabeberäicher an et gesäit elo net esou aus, wéi wann där géifen ewechfalen, mir probéieren dësen emol all, esou gutt et eis geléngt, nozekommen. Ob nach anerer dobäikommen ass éischter eng politesch Entscheedung.

• Wéi gesitt Dir d’Situatioun vun eisem Waasser? Hu mir es genuch fir sou vill Awunner? Wéi gesäit et mat der Qualitéit mam Drénkwaasser aus? Kréie mir geschwënn och Drénkwaasser aus der Musel oder aus anere Flëss / Quellen?

Eist Waasser steet am Moment ganz vill ënner Drock an den Zoustand ass och net esou, datt ech soe géif, et wier alles an der Rei. Mir hunn nach ganz vill Aarbecht virun eis, fir erëm alles an de grénge Beräich ze kréien. Den Drock vum Bevëlkerungszouwuess, der wuessender Wirtschaft an der intensiver Landwirtschaft si Faktoren, déi hei eng predominant Roll spillen, esouwuel wat d’Qualitéit, mee och d’Quantitéit vum Waasser betrëfft.

Mir befaassen eis am Moment domat, fir d’Drénkwaasserversuergung an den nächste Joren / Joerzéngte mat 3 gläichzäitege Strategië sécherzestellen: eng ambitiéis Spuerstrategie beim Waasserverbrauch, e verbesserte Schutz vun eise Quellen an d’Erschléisse vun enger neier grousser Ressource, hei ass d’Thema Muselwaasseropbereedung jo vun Iech ugeschwat ginn.

En Artikel vum Tania Hoffmann

 

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.