24 Lëtzebuerger Spréchwierder

An enger Sprooch ginn et vill Ausdréck déi, wann een se Wuert fir Wuert iwwersetzt keen Sënn méi erginn. Grad am Lëtzebuergeschen notze mir gären esou Ausdréck déi fir vereenzelt Leit net verständlech sinn. Dofir bidden mir Iech hei 24 typesch Lëtzebuergesch Spréchwierder an hir Iwwersetzungen op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch! All Déierche säi […]

Schmantegt gielt Gefrups!

„Schreif kee Kéis“, soten si, „schreif iwwer Kéis, iwwer Kachkéis!“ A well ech nach ëmmer fir Gastronomie ze begeeschtere war, hunn ech mir selwer en appetitlechen Ausfluch an dës pecheg Nationalwelt gebucht. A scho war d’Gloscht erëm do, a si ass bis haut nach net fort! Am Lëtzebuerger Vollekslidd vum Pir Kremer no der Weis […]

Wann d’Bëtongsmaschinnen aschlofen

Den 1. Januar 1975 ass zu Lëtzebuerg e Gesetz a Kraaft getrueden, dat de kollektive Congé am Bausecteur reegele soll. Dës Zort vu Kollektivcongé ass spezifesch fir Lëtzebuerg …

Vu Bretzelen, Ouschtereeër a Strëmpbänner…

„An diesem Tage sind die innerhalb Jahresfrist Verheiratheten verpflichtet, allen Hochzeitsgästen, die noch ein Stück des Strumpfbandes besitzen, welches der Braut während der Hochzeitsmahlzeit geraubt wurde, die sogenannten Fastenbohnen, d.h. frischgebackene Bretzeln zu verabreichen.“ Esou schreift den Dicks 1883 a sengem Buch „Luxemburger Sitten und Bräuche“ iwwer den „Fastenbohnensonntag“. Laanscht d‘Musel a laanscht d‘Sauer ass […]

Goldgiele Péngschtméindeg

„Et war esou ëm Päisten, d’stung alles an der Bléi“, dat huet de Michel Rodange a sengem Renert gemengt, a wat fir eng Géigend kéint hien heimat wuel anescht gemengt hu wéi Wolz, wou hien zu groussen Deeler un dëser Geschicht geschriwwen huet. An elo, am Joer 2019, feiert Wolz ënner dem Thema „Visit Éislek“ […]

Wou den Apel läit, ass en Äppelbam net wäit –

Ei, et gëtt dach näischt Besseres wéi e gudden, frësch gepressten Äppeljus direkt aus dem Frigo vum Bongert niewendrun! Een, deen nach liicht op der Zong kribbelt, am beschten net ze séiss, fir datt en och richteg erfrëscht. Wat de Lëtzebuerger traditionell als Viz bezeechent, gehéiert scho säit Laangem zum Hierscht dozou wéi d’geréischtert Käschten zum Chrëschtmaart. […]

… duerch d’Latte gaangen!

Wa mir soen, datt eis eppes „duerch d’Latte gaangen ass“, da wëlle mir domat ausdrécken, datt mir eppes verpasst hunn, datt eis eppes laanscht d’Nues gaangen ass. Mee wuel déi mannsten Zäitgenosse wëssen, wou dëst Spréchwuert eigentlech hierkënnt, an zwar aus der Juegd.

Roude Léiw, huel se!

„Roude Léiw, huel se!“ – mat dësem Sproch spornen eestëmmeg d’Unhänger d’Foussballekipp vun engem Mini-Land un, dat nach ni déi ugepeilte lescht Etappe vun der FIFA-Weltcoupe erreecht huet, obwuel et zënter 1934 mat dobäi ass. Amüsant … an derwäert, sech Gedanken driwwer ze maachen! Wat soll dee Slogan, a firwat e Léiw?

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.